N°35 - Neie Gemengerot 1976

1. Rei: Joséphine Boden-Bartholomey, Fernand Weber, Jean Pleim, Jean Roeder, Jean-Pierre Poecker. 2. Rei: Paul Reinig, Charles Breyer, Adrien Zenner, Emile Bauler. Foto: Buch Bettendorf 1980, S. 382.
1. Rei: Joséphine Boden-Bartholomey, Fernand Weber, Jean Pleim, Jean Roeder, Jean-Pierre Poecker. 2. Rei: Paul Reinig, Charles Breyer, Adrien Zenner, Emile Bauler. Foto: Buch Bettendorf 1980, S. 382.

Den 12. Oktober 1975 ware Gemengewalen zu Lëtzebuerg.Deemols hunn d’Awunner vu Bettenduerf, Gilsdref a Méischtrëff nach jeeweils fir hir Sektioun an net fir déi ganz Gemeng gwielt. Esou waren am Gemengerot 4 Sëtz fir Bettenduerf, 4 fir Gilsdref an ee fir Méischtrëff. D‘Sektiounen hate folgend Kandidaten:

 

 

 

 

Bettenduerf

Boden-Batholomey Joséphine, ouni Beruff

Peller Joseph, Lagerverwalter

Peters Raymond, Rolluedefabrikant

Poecker Jean-Pierre, Bauer

Reinig Paul, Bauer

Schroeder Guy, Eisebunn-Beamten

Weber Fernand, Bauer

Gilsdref

Adamy Philippe, Brauereiaarbechter

Bauler Emile, Privatbeamten

Breyer Charles, Pensionär

Pleim Jean, Bauer

Schmitz Aloyse, Schoulmeeschter

Zenner Adrien, Privatbeamten

Méischtrëff

Roeder Jean Privatbeamten


 

Zu Méischtrëff gouf et esou vill Kandidaten ewéi fräi Posten, esou dat de Jean Roeder automatesch gewielt war.

Um Dag vun de Walen hunn d’Bierger 841 Stëmmziedelen ofginn, vun denen 778 Ziedele gütleg waren. Fir all Sektioun huet eng Mindestzuel u Stëmme mussen ausgerechtent ginn. All Kandidat dee mindestens déi Zuel u Stëmme krut, war direkt gewielt. Zu Bettenduerf waren dat 333 an zu Gilsdref 324 Stëmmen. D’Kandidate krute folgend Stëmmen:

 

 

Bettenduerf

Boden-Batholomey Joséphine 324 (Stéchwal)

Weber Fernand 320 (Stéchwal)

Poecker Jean-Pierre 299 (Stéchwal)

Reinig Paul 277 (Stéchwal)

Peller Joseph 262 (Stéchwal)

Schroeder Guy 248 (Stéchwal)

Peters Raymond 236 (Stéchwal)

Gilsdref

Pleim Jean Pleim 510 (gewielt)

Bauler Emile Bauler 343 (gewielt)

Zenner Adrien Zenner 334 (gewielt)

Breyer Charles Breyer 291 (Stéchwal)

Schmitz Aloyse Schmitz 237 (Stéchwal)

Adamy Philippe Adamy 168 (net gewielt)


 

Vun den 9 Réit goufe 4 Kandidaten direkt gewielt: Bauler, Pleim, Roeder, Zenner. Déi aner Kandidaten goufen net direkt gewielt hu sech enger Stéchwal mussen ënnerzéien.

Dësen zweete Walvirgang huet den 19. Oktober stattfonnt. Esou wéi d’Luxemburger Wort an engem Artikel erkläert huet, hunn dës Walen a 84 Majorzgemenge mussen organiséiert ginn. Dëst wier ëmmer bei klenge Gemengen néideg, déi entweder manner ewéi 3.500 Awunner a méi Sektionen haten oder manner ewéi 3.000 bei enger Sektioun. Bei dëser Wal stounge just nach déi Kandidaten um Ziedel, déi am éischte Walgang net méi ewéi d’Hallschent vun de gültege Stëmme kruten, déi d’Wieler bei éischte Walgang ofginn hunn. Anecht ewéi beim éischten ass beim zweeten Tour eng einfach Majoritéit duergaangen. Gewielt goufen: Breyer (398), Reinig (388), Weber (386), Boden (310), Poecker (303). Net gewielt goufen: Schroeder (291), Schmitz (273), Peller (240), Peters (196).Domat konnt sech de Charles Breyer géint de jonken „LSAP-Nord-Prominenten“ Aloyse Schmitz durchsetzen.

Beim zweeten Duerchlaf war ee Feeler ënnerlaf, esou dat dësen widderholl huet musse ginn. Et gouf nämlech ee Rechefeeler bei der Berechnung vun de Mindeststëmmen. Doduerch hat den Inneminister d’Stéchwalen zu Gilsdref annulléiert an eng Neiofstëmmung decidéiert. Bei dëser goufen awer déi selwecht Kandidate bestätegt.

 

Den 3. Februar huet den Inneminister Joseph Wohlfahrt dem Jean Pleim de verfassungsméissegen Eed als Buergermeeschter ofgeholl. Owes hunn d’Awunner vu Gilsdref spontan eng Ovatioun fir hire Buergermeeschter organiséiert. No sengem Retour aus dem Inneministère gouf de Jean Pleim am Agank vum Duerf vun der Musik, Kollegen aus dem Gemengerot, verschiddene Veräinsvirstänn, Léierpersonal an enger Unzuel Awunner empfaangen a mat Enthusiasmus begréisst. No puer Usproochen gouf de Pleim ënnert de Kläng vun der Musik bei säin Haus begleet, wou bis an d’Moiesstonne gefeiert gouf. De Jean Pleim staamt aus enger alagesiessener Duerffamill an huet d’Intressie vun der Gemeng bis dohin schon 18 Joer am Gemengerot vertruede gehat. Dovu war hien 12 Joer Schäffen. An der Sëtzung vum Gemengerot an der kommender Woch sollten déi nei Conseillieren vereedegt ginn an d’Charge verdeelt ginn.

De Jean Pleim (riets) um Inneministère bei der Vereedegung vun de Buergermeeschtere vu Bettenduerf, Hesper (2. v. riets) a Wanseler (lénks) duerch den Inneminister Jos Wohlfahrt (2. v. lénks). Foto: Luxemburger Wort, 4.2.1976, S. 7.
De Jean Pleim (riets) um Inneministère bei der Vereedegung vun de Buergermeeschtere vu Bettenduerf, Hesper (2. v. riets) a Wanseler (lénks) duerch den Inneminister Jos Wohlfahrt (2. v. lénks). Foto: Luxemburger Wort, 4.2.1976, S. 7.

De 15. Februar hunn d’Veräiner vu Gilsdref eng Ovatiounsfeier fir hir véier Gemengeréit ofgehalen. Um 14 Auer war Rendez-vous, wou d’Häre Pleim, Bauler, Breyer an Zenner bei sech doheem eng Sëlwerdänn geplanzt kruten. Uschléissend war een Éierewäin am Festsall.

Éierung vun de Gilsdrefer Conseillieren. V.l.n.r.: Charles Breyer, Jean Pleim, Nic Magar (President Entente), Emile Bauler, Adrien Zenner. Foto: Luxembugrer Wort, 16.2.1976, S. 6.
Éierung vun de Gilsdrefer Conseillieren. V.l.n.r.: Charles Breyer, Jean Pleim, Nic Magar (President Entente), Emile Bauler, Adrien Zenner. Foto: Luxembugrer Wort, 16.2.1976, S. 6.
De Bauerenhaff vum Jean Pleim an den 1990er Joren, wou am Virgäertche vum Haus seng Sëlwerdänn steet. Foto: Collection Tom Poecker
De Bauerenhaff vum Jean Pleim an den 1990er Joren, wou am Virgäertche vum Haus seng Sëlwerdänn steet. Foto: Collection Tom Poecker

Den 12. Februar war déi éischt Sëtzung vum neie Gemengerot. A senger Usprooch huet de Buergermeeschter op zwee besonnech Faiten zu der Zesummesetzung vum Gemengerot higewisen. Hie sot dat d’Joer vun der Fra net ouni Spueren un der Gemeng laanschtgaange wier, well sech mam Joséphine Boden fir d’éischte Kéier eng Fra ee Sëtz geséchert huet. Zweetens wier de Gemengerot vill méi jonk ewéi virdrun. De Jean Pleim huet d’Hoffnung ausgedréckt, dat d’Erfarungen vun den eelere Memberen (Poecker, Roeder, Breyer, Bauer, Pleim) an d’Begeeschterung vun den neie Memberen (Boden, Weber, Reinig, Zenner) d’Garantie vun enger wäertvoller Aarbecht am Intressi vun der Gemeng bidde sollt. Een drëtte Fait, dat hie selwer deen éischte Buergermeeschter vu Gilsdref war, huet hien awer net genannt. Duerno huet hien de Schäffe Fernand Weber an d’Conseillieren Joséphine Boden, Paul Reinig an Adrien Zenner vereedegt.

Jean Pleim Foto: Buch Bettendorf 1980, S. 379.
Jean Pleim Foto: Buch Bettendorf 1980, S. 379.
Joséphine Boden-Bartholomey Foto: Revue, 3.4.1976, S. 50.
Joséphine Boden-Bartholomey Foto: Revue, 3.4.1976, S. 50.

 Ënnert der Leedung vum Sekretär Hein Ewers gouf d’Verdeelung vun den Aarbechts- a Responsabilitéitsberäicher virgeholl:

Vizinal- a Feldweeër

Pleim, Poecker, Roeder

 

Kanal

Reinig, Zenner, Roeder

 

Gemengegebaier

Boden, Pleim, Roeder, Bauler, Reinig

 

Ëmweltfroen

Poecker, Breyer, Roeder

 

Personalfroen

Pleim, Roeder, Reinig

Veräiner

Boden, Roeder, Zenner

 

Bebauung

Pleim, Weber, Roeder

 

Bezéieung mam Klerus

Pleim, Weber, Roeder

 

Preventorium

Boden, Pleim, Reinig, Bauler, Roeder

 

Verkéier

Roeder

Camping an Tourismus

Boden, Pleim Weber, Roeder

 

Finanzkommissioun

Pleim, Weber, Roeder, Bauler, Reinig

 

Schoulkommissioun

Pleim Weber Roeder, de Paschtouer an zwee Elterevertrieder déi nach ze bestëmme sinn

 

Office social

Pleim, Roeder, Breyer. No geheimem Vote koumen derbei: Boden, Zenner.

Loyerskommissioun

Sollt bei Bedarf méi spéit agesat ginn.


All Conseillier gouf Member vun engem Gremium fir d’Ausschaffe vun engem Plan d’aménagement.

 

Uschléissend huet de Gemengerot 7 weider Punkte beschwat:

 

Hauskaf zu Gilsdref

De Rot huet d‘Zoustëmmung ginn, fir een Haus un der Haaptstrooss zu Gilsdref fir 650.000 Frang ze kafen, vun deenen de Staat d’Hallschent iwwerhuele géif. Dës Uschaafung wier néideg am Zesummenhang mat der Astandsetzung vun der Haaptstrooss.

 

Drénkwaasser

D’Gemeng huet Recetten iwwer 474.628 Frang verbucht. De Sekretär huet drop higewisen, dat d’Period vu 6 Méint nëmmen theoretesch stëmme géif, well sech d’Ofliesen an den dräi Uertschaften iwwer méi Wochen hinzéie géif.

 

Bëschplang

D’Gemeng hat am Plang 1975/1976 Recette vun 308.000 Frang géint 207.000 Frang Depensen.

 

Feldweeër

D’Opstelle vun engem „Teerprogramm“ op de Vizinalweeër an de Feldprogramm hunn fir eng länger Berodung Ulass ginn. D’Fro huet sech gestallt, ob een am Hibléck op déi net ganz roseg Finanzlag sech weiderhin op d’Ausbessere vu Weeër beschränke sollt oder ob doriwwer eraus d’Astandsetze vu weider Weeër an d’A gefaasst sollt ginn. D’Conseillieren hunn decidéiert, fir 750.000 Frang an den uerdentlechen an 250.000 Frang an den ausseruerdentleche Budget ze setzen.

 

Regionalschoul

D’Gemeng krut eng „desagréabel Iwwerraschung“ an der Form vun enger Ofrechnung vun der Gemeng Dikrech betreffend den Undeel vun der Gemeng Bettenduerf un den Transport- an Ënnerhalungskäschten vun der Regionalschoul. Dës Rechnung war iwwer 1.070.892 Frang fir d‘Period 1963-1974. Verschidde Réit hunn hiert Erstaunen ausgedréckt dat d’Gemeng Dikrech 11 Joer gewaard hätt, iert si sech domat befaasst hätt. De Sekretär Ewers huet dozou erkläert, dat d’Formel vun der Berechnung réischt viru kuerzem ausgeschafft gi wier. Op Propos vum Buergermeeschter, dee sech mat engem Kolleg aus enger anerer betraffener Gemeng beroden huet, huet de Conseil decidéiert, der Gemeng Dikrech eng Bezuelung an dräi Jorestranchen unzebidden.

 

Gemengepersonal

De Pierre Ludwig gouf mat 8 Stëmmen zu enger Enthalung op de Posten vun engem „Appariteur garçon de bureau-encaisseur“ agestallt.

 

Haushaltplang 1976

De Gemengerot huet Virbeschwätzungen vum Haushaltsplang 1976 gemaach, deen op den Ordrre du jour vun der kommender Sëtzung gesat sollt ginn.

Download
N°35 - Neie Gemengerot 1976.pdf
Adobe Acrobat Dokument 117.4 KB

Dësen Artikel gouf den 12.02.2025 verëffentlecht.


Quellen

  • Luxemburger Wort, 13.10.1975, S. 1.
  • Luxemburger Wort, 15.9.1975, S. 4.
  • Luxemburger Wort, 13.10.1975, S. 4.
  • Revue, 18.10.1975, S. 18.
  • Luxemburger Wort, 20.10.1975, S. 4.
  • Revue, 25.10.1975, S. 16.
  • Luxemburger Wort, 15.12.1975, S. 5.
  • Luxemburger Wort, 4.2.1976, S. 7.
  • Luxemburger Wort, 6.2.1976, S. 5.
  • Luxemburger Wort, 13.2.1976, S. 7.
  • Luxemburger Wort, 16.2.1976, S. 6.

Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.