Den 31. Dezember 1925 huet d’Zeitung Der Landwirt gemellt, dat d’Uertschaften Angelduerf a Bettenduerf ënner Waasser stoen géifen. D’Sauer stoung esou héich dat d’Leit net aus hiren Haiser komm sinn. Zu Bettenduerf war et zu deem net méi méiglech fir op d’Gare ze goen, woubäi den Zuchverkéier op der Sauerstreck huet mussen agestallt ginn.
D’Haaptursaach vum Héichwaasser war dat d’Dam gebrach war, déi Bettenduerf virum Waasser schützte sollt. Dës gouf ronn ee Kilometer uewerhalb vum Duerf op e puer Plaze fortgeschwemmt. Doduerch stoung d’Uertschaft bis zum Haus Frieders ënner Waasser; d’Haus Frieders stoung an der haiteger Rue du Pont vis-à-vis vum Haff Dondlinger bei der Kräizung. Een éischten Deel vun der Dam gouf 1886 gebaut a gouf 1888 bis bei d’Bréck verlängert. 1889 ass d’Waasser iwwer d’Dam gelaf an ass 1918 an 1920 gebrach.
Nodeems d’Waasser deen den 31. Dezember 1925 säin héchste Stand erreecht hat, ass d’Waasser den 1. Januar staark zréckgaangen. Den Dag drop huet et awer erëm ugefaange mat reenen. D’Pompjeeë vu Bettenduerf schéngen entweder net mat deem néidege Material ausgerüst gewiecht ze sinn oder waren net zu genuch Mann fir de Leit ze hëllefen, well d’Pompjeeë vun Dikrech op Bettenduerf hëllefe gaange sinn. Dobei war Dikrech selwer och vum Héichwaasser betraff.
Den 3. Januar war den Deputéierten François Erpelding zu Bettenduerf op Besuch, fir sech déi onschätzbar Schied vun den Awunner unzekucken. Dobei huet hie versprach, fir bei den zoustännegen Autoritéiten z’intervenéieren, fir d’Gefore vum Héichwaasser ze behiewen, fir déi materiell Schied an och d’Liewensgefor vun den Awunner ze verhënneren. Um 14.30 Auer hat hie Rendez-vous am Sall Pütz-Besch zu Gilsdref, fir un der Versammlung vun der “Ortsgruppe Gilsdorf-Bettendorf” vun der Aarbechterpartei deelzehuelen, wou hien ee Virtrag iwwer d’Washingtoner Ofkommes betreffend d’48-Stonne-Woch an iwwer d’Sozialversécherung hale sollt. Déi eigentlech Versammlung konnt réischt mat enger Stonn Verspéidung ufänken well de “Genosse” Erpelding virdrun iwwer d’Schied vum Héichwaasser geschwat huet. Hien huet bericht, dat virun allem d’Gäert vun de manner bemëttelte Leit a Matleedenschaft gezu goufen. Do dernierft gouf et och Schied an den Aarbechtergäert tëscht der Sauer an der Eisebunn uewerhalb vun der Statioun zu Gilsdref duerch d’Offlosswaasser vun de Gemengen- a Staatsstroossen. Dëst Waasser ass matten a Gilsdref duerch ee schmuele Gruef ënnert de Schinnen duerch déi genannte Gäert gelaf, vu wou aus et guer keng Offléissméiglechkeet hat, an all Joer souguer am Summer bei engem staarken Donnerwierder grousse Schued ugeriicht huet. Den Deputéierten Erpelding war den eenzegen Nord-Deputéierten vun der Aarbechterpartei, dee sech d’Méi gemaach huet, fir ze bewierken, dat déi ugeriichte Schied ausgebessert rsp. d’Leit entschiedegt an d’Mëssstänn behuewe sollte ginn.

De François Erpelding (1879–1961) war vun Holzem an huet ab 1917 zu Ettelbréck gewunnt.
Hien huet op der Kalchesbréck bei der Eisebunn geschafft a gouf 1919 fir d'éischte Kéier an d'Chamber gewielt. 1922 gouf hien op der Lëscht vun de Sozialisten eng zweete Kéier gewielt. Nom Zweete Weltkrich war hien antipatriotesche Reprochen ausgesat, dëst ouni juristesch Suitten, gouf awer am November 1944 vun der Lëscht geholl.
Den 9. Januar huet d’Aarbechter-Zeitung geschriwwen, dat et nach ëmmer eng Iwwerschwemmungegefor géif ginn. D’Zeitung huet och drop higewisen dat Bettenduerf a Gilsdref – souwéi och Ettelbréck, Angelduerf an Dikrech – zënter 1844 ëmmer erëm staark ënnert den Iwwerschwemmungen ze leiden haten, wat och Tafele mat de Pegelstänn vun de Joren 1844, 1880 an 1918 zu Bettenduerf géife weisen. Dës Zeitung geet, wéi den Deputéierten Erpelding, drop an dat d’Héichwaasser eng onbeschreiflech Gefor fir den Awunner hiert Eegentum ass, souwéi och fir d’Gesondheet an d’Liewen. Als Léisung, dat Bettenduerf “endlech” net méi esou getraff géif ginn, misst der Zeitung no d’Bett vun der Sauer vun Ettelbréck aus esou redresséiert ginn, dat den Offloss vum Waasser duebel esou schnell sollt ginn. Dëst kéint éischtens doduerch erreecht ginn, dat d’Brécken zu Bettenduerf an Angelduerf – souwéi d’Eisebunnsbréck zu Ettelbréck – esou ëmgebaut géifen, dat dës méi Waasser duerchloossen. Zweetens misst d’Dam zu Bettenduerf uewerhalb erweidert ginn an d’Kéiere vun der Sauer misste mat Anlagen aus Beton versi ginn. De Käschtepunkt dovu wier net ganz héich, virun allem well déi beschte Kiselsteng fir de Beton sur place wieren.
Den 23. Januar huet sech de Gemengerot eng éischte Kéier mat de Moossnamen ronderëm d’Dam befaasst an huet dës un d’Regierung weiderginn. Den 8. Februar hat sech héije Besuch zu Bettenduerf ugekënnegt. De Staats- an Inneminister Pierre Prüm an de Bauteminister Norbert Dumont hunn zesumme mam Deputéierten François Erpelding an dem Ingenieur vum Bezierk Dikrech Simon d’Duerf besicht, fir sech iwwer de Broch vun der Dam unzekucken, sech iwwer d’Schied z’informéieren a Récksprooch mat der Gemeng ze huelen. De Buergermeeschter Jean-Pierre Muller, ee Schäffen an e puer Awunner konnten hirt Uleies duerleeën wourop d’Ministeren hiert Entgéintkommen ausgeschwat an dem Ingenieur Simon den Optrag ginn hunn, fir Pläng auszeschaffen an auszerechnen fir d’Waasser méi schnell ofzeleeden.

De Pierre Prüm (1886–1950) war een Affekot vu Klierf. No sengem Studium zu Louvain a Berlin gouf hie mat 27 Joer hien eng éischte Kéier fir d'Rietspartei an d'Chamber gewielt. 1925 goufen d'Chamberswale virgezunn, duerch déi hien de 15. Mäerz fir d'Rietspartei Staatsminister gouf. Do dernierft war hien och Aussen-, Innen- a Landwirtschaftsminister. Seng Regierung war net vu laanger dauer, well dës just bis de 15. Juli 1926 bestanen huet.
1937 gouf hien fir d'Partei vun der Mëttelklass, de Baueren an Aarbechter als Nord-Deputéierten zréck an d'Chamber gewielt. No der Invasioun 1940 huet hie sech a sengem Schlass zu Klierf zréckgezunn, wou hie Flüchtlingen aus dem Süde vum Land opgeholl huet.
1942 ass hien duerch een Accident invalid ginn an no der Befreiung war hie mat engem Prozess konfrontéiert, ënnert anerem well hie Kontakt mat der Gastapo soll gehat hunn. Hie gouf zu 4 Joer Prisong veruerteelt, wärendeems sech säi Gesondheetszoustand verschlechtert huet. Den 1. Februar 1950 ass hien un engem Häerzstëllstand zu Klierf gestuerwen.

Den Norbert Dumont (1883–1956) war an der Regierung Prüm liberale Minister fir d'ëffenltech Bauten, d'Justiz, den Handel an d'Industrie.
An der Regierung Bech war hie vun 1926 bis 1937 Justiz- an Inneminister.
De 6. Mee war een neie Moment an dëser Affär. D’Deputéiert Reuter, Origer an Erpelding hunn an der Chamber géint d’Héichwaasser zu Ettelbréck, Gilsdref a Bettenduerf reklaméiert. De François Erpelding huet an deem Sënn gefuerdert, dat d’Brécken zu Bettenduerf an Angelduerf méi breet gemaach sollte ginn.
Den 29. Juni huet d’Gemeng Aarbechten un der Dam ausgeschriwwen. Dës sollt duerch d’Eruschaafe vu Buedem an d’Rei gesat a méi héich gemaach ginn. De Käschtepunkt, deen d’Gemeng ausgerechent hat, loung bei 220.000 Frang. Interesséiert Entrepreneuren konnten hir Soumissioun bis de 5. Juli per Post un de Buergermeeschter riichten. De 14. Juli goufen d’Offeren du bekannt ginn: 1. Gregor Cordier aus der Stad mat 2 Prozent Opschlag, Frieders-Weber vu Bettenduerf an d’Gebridder Lutz vu Reisdref mat 5 Prozent Opschlag zum Cours vu 35 belsche Frang fir 1 Dollar, 3. H. Eimer vu Bartreng mat 22 Prozent Opschlag ëmgerechent zum Dollarcours vum 5. Juli 1926, 4. Walch Gilsdref fir de Präiss vu 426.325 Frang ëmgerechent zu 39,10 Frang den Dollar.
Den 11. September huet de Gemengerot sech op een neits mat der Dam befaasst. Fir d’Schied un der Dam aus de vergaangene Joren ze verhënneren gouf decidéiert, fir d’Dam op hirer ganzer Längt ëm 30 Meter vun der Sauer eweg an d’Felder ze verleeën. Doduerch géif d’Bett vun der Sauer vergréissert ginn, esou dat den Drock op d’Dam beim nechsten Héichwaasser net méi esou héich wier. De Gemengerot war der Meenung dat d’Proprietäre vun den Terrain mat dësem Projet averstane wieren, well et deen eenzege Moyen wier, fir de reegelméissegen Iwwerschwemmungen Meeschter ze ginn, wouduerch anersäits déi kontinuéierlech Käschten fir d’Astandsetzen wegfale géifen. De 4. Oktober huet de Gemengerot decidéiert fir dës Aarbechten eréischt 1927 auszeschreiwen well et ze spéit wier, fir dës nach 1926 unzefänken.
Dem Norbert Majerus no goufen dës Aarbechten awer net ausgefouert. Trotz Entschiedegung waren d’Proprietären net all averstanen, esou dat de Gemengerot decidéiert huet, fir dës Terrainen z’enteegenen. Duerno hätt de Gemengerot awer d’Käschte vum Projet als iwwerdriwwen empfonnt. Den Deputéierten Erpelding huet d’Moossnamen géint d’Iwwerschwemmungen zu Ettelbréck, Angelduerf, Dikrech, Bettenduerf a Méischtrëff den 1. Februar 1927 nach eng Kéier an der Chamber thematiséiert. Hien huet do net vun der Dam geschwat, mee gefuerdert, dat d’Sauer ausgebaggert misst ginn, fir d’Uertschaften virum Héichwaasser ze schützen. Réischt 1928 gouf ee Kompromëssplang ausgeschafft. Mat dësem gouf d’Dam net verluecht, mee just um iewechten Deel erhéicht a verstäerkt. Heifir gouf fir deen néidege Buedem een Hiwwel an der grousser Kéier virun der Bleesbréck ofgedroen. Déi ënnecht 300 Meter goufen net erhéicht, mee liicht ofgedroen. Dëst hat folgenden Zweck: Dës Héicht sollt fir een normalt Héichwaasser duergoen. Sollt d’Sauer awer iwwerduerchschnëttlech klammen, esou sollt d’Waasser op deem Stéck einfach iwwer d’Dam lafen. Doduerch sollt de Schued un de Felder méi kleng sinn, wéi wann d’Dam nach eng Kéier brieche géif. Dës Moossnam huet och eng laang Zäit gehal well réischt 65 Joer méi spéit, den 12. Januar 1993, ass d’Dam fir d’nechst gebrach.
Dësen Artikel gouf den 08.02.2026 verëffentlecht.
Der Landwirt, 31.12.1925, S. 2.
Der Landwirt, 2.1.1926, S. 2.
Der Landwirt, 5.1.1926, S. 2.
Der Landwirt, 7.1.1926, S. 3.
Der Landwirt, 23.1.1926, S. 2.
Der Landwirt, 29.6.1926, S. 4.