N°24

Bettenduerfer Millen

Zettingermillen

Dësen Artikel gëtt an den nechsten Deeg vervollstännegt.

Zu Bettenduerf gouf et iwwer d'Jorhonnerten verschidde Millen. Hei fannt Dir d'Artikelen vun den dräi anere Millen:

1900-1913

Ëm 1900 hunn d’Gebridder Zettinger vun der Keiwelbaacher Hessemillen no Expandéierungsméiglechkeete gesicht. Si hu sech am Ufank fir déi Méischtrëffer Millen interesséiert, déi deen Ament awer net zum Verkaf stoung. Den Henri Zettinger huet doropshin d’Millen zu Bettenduerf gepacht, iert hien dës 1904 kaft huet. Domat war den Henri Zettinger Proprietär vun enger vun den 250 Broutmillen, déi et 1904 zu Lëtzebuerg goufen. Den Emile Erpelding schreift a sengem Wierk “Die Mühlen des Luxemburger Landes”, dat d’Millen eng Ruin gewiecht wier. Dës Ausso ass kritesch ze gesinn, well d’Millen, ewéi uewe geschriwwen, 1883 réischt verkaf gouf an zu deem Moment nach funktionéiert huet. Do dernierft hunn op den 1. Dezember 1900 5 Persounen (4 Männer an 1 Fra) an engem Stot op der Mille gewunnt, wat drop hindeit, dat d’Millen deen Ament a Betriib war. 1904 huet den Henri Zettinger déi al Millen ofrappen 1905 an eng modern Handelsmille baue gelooss. Et gouf net iergendeng Mille gebaut, mee déi gréissten am ganze Land. Bei enger Handelsmillen handelt et sech ëm eng Millen, déi op eege Rechnung Kären akeeft, an dat fäerdegt Miel oder aner Produiten verkeeft. Eng Lounmillen dogéint muelt d’Kären am Optrag vun engem Client, dee säi Miel duerno an der Millen ofhëllt. De Mëller kritt ee gewësse Loun a Form vu Geld oder Käre fir seng Aarbecht.

 

Déi al Schlassmillen virun 1902, déi vum Henri Zettinger ofgerappt gouf. Postkaart: Collection Bibliothèque Nationale Luxembourg
Déi al Schlassmillen virun 1902, déi vum Henri Zettinger ofgerappt gouf. Postkaart: Collection Bibliothèque Nationale Luxembourg

1906 waren dräi Gebaier bei der Millen dräi Haushalter mat 16 Persounenn – siwe Männer a néng Fraen – bewunnt. De 14. Mäerz am selwechte Joer hunn d’Gebridder Zettinger an zéng weider Entrepreneuren de Gemengerot gefrot, dat dee bei der Regierung froe kéint, fir op der Bleesbéck een zweet Gleis vun der Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen ze leeën, op deem Waggonen be- an entlueden kënne ginn. No engem Bréifwiessel iwwert puer Joer ass d’Demande als net rentabel zréckgewise ginn.

Duerch d’Gesetz vum 23. Dezember 1909 ass ee Regëster fir Handelsfirmen gegrënnt ginn, an deem d’Bettenduerfer Millen 1910 als “Gross-Mehl- und Getreide-Handlung, Handelsmüller” mam Heinrich Zettinger als Proprietär agedroe gouf.

Extrait aus dem Mémorial vum 28.5.1910 © Bibliothèque Natioanale de Luxembourg
Extrait aus dem Mémorial vum 28.5.1910 © Bibliothèque Natioanale de Luxembourg

De 17. Oktober 1913 huet den Zettinger beim Staatsminister Paul Eyschen d’Installatioun vun engem Dieselmotor an der Millen ugefrot, fir dës ze bedreiwen. De Motor sollt 52 PS hunn an 0,2 Réiueleg pro PS a Stonn verbrauchen. Den 21. November huet de Buergermeeschter Michel Conzemius bekannt ginn, dat d’Annonce vum Projet vum 5. Bis den 21. November zu Bettenduerf ausgehaange gouf an dat de Buergermeeschter sech op deenen zwee Sonndeger no der Mass virun d’Kierch gestallt huet, wou hien op Nofro keng Reklamatioun vun de Bierger krut. De 24. November huet de Schäfferot sech gesinn, deen no der Iwwerpréifung vun de Vir- an Nodeeler, souwéi och der Gesetzeslag, näischt géint d’Ausstellen vun der Geneemegung ze soen huet. Dëse Rapport huet den Dikrecher Distrikskommissär den 1. Dezember un de Staatsminister weidergeleet. Den 23. Dezember schreift den zweete Regierungskommissär dat d’Autorisatioun ausgetallt soll ginn, wat den Dag drop geschitt ass. Am Arrêté vum 24. Dezember 1913 gëtt d’Regierung hiren Accord fir d’Installatioun vum Dieselmotor mat de Konditiounen, dat d’Aarbechter virun der Maschinn geschützt musse ginn an dat den Zettinger innerhalb vun zwee Méint Gebrauch vun der Geneemegung muss maachen.

Den Dossier gëtt een interessanten Abléck an dat Bannecht vun der Millen, well en nämlech ee Plang vum Red-de-chaussée beinhalt. De Plang ass an de Süd-Osten ausgeriicht, esou dat d’Sauer uewerhalb vum Plang läit. D’Gebai huet zum Haff véier Aganksdieren. Déi éischt lénks geet an de Büro, duerch deen d’Auspuffrouer vum Dieselmotor duerchleeft. Am Raum iwwert dem Büro stinn zwou Turbinnen, wou déi iewecht mat den Undriffswellen am grousse Raum an der Mëtt verbonnen ass. Ënne lénks an ënne riets sinn zwee mat dënne Maueren ofgetrennte Raim, an deene sech lénks den Dieselmotor a riets eng Anlag fir d’Säck ze botzen befannen. Nierft dem Motor sinn zwee Uelegbehälter, eng “Schallgrube” an ee Kessel fir Pressloft. Nierft dem grousse Raum läit Riets ee Raum mam Titel “Reinigung”, an deem sech ënnen eng Trap befënnt. Uewen geet eng Dier raus bei d’Sauer. Riets vun der Trap ginn zwou Dieren an d’Siloen.

An der Mille gouf déi Zäit net nëmme Weess vermuel mee och Mais. Am Dezember 1913 goufen zu Ettelbréck an engem Eisebunnswagon 25 Kilo Mais aus engem Sak geklaut, déi fir d’Bettenduerfer Mille bestëmmt waren. Dëst ass opgefall, wéi d’Beamten vun der Douane d’Wueren kontrolléiert hunn, déi versteiert musse ginn.

Déi gënschteg wirtschaftlech Stellung hat d’Millen zu engem groussen Deel dem Däitschen Zollveräin ze verdanken, deen et erméiglecht huet, fir iwwer 50 Prozent vun der Produktioun an d’Äifel ofzesetzen. Den Ufank vum Éischte Weltkrich soll dëst awer änneren.

Eischte Weltkrich 1914-1918

Den 2. August 1914 hunn däitsch Truppen d’Lëtzebuerger Land ouni Krichserkläerung besat, wat den Ufank vun de Krichshandlungen vum Éischte Weltkrich war. De Krich hat och grouss Auswierkungen op d’Liewensmëttelversuergung. Schon Enn Juli hunn d’Leit ugefaangen fir ze hamsteren, wouduerch d’Präisser geklomme sinn. Bis Mäerz 1916 hu sech d’Liewensmëttelpräisser verduebelt a bis 1918 sinn dës weider eropgaangen. Duerch d’Okkupatioun waren d’Grenzen zou a Lëtzebuerg war isoléiert, esou dat nëmme wéineg Importer méiglech waren. Ass virum Krich de Gros vun de Kären aus Amerika komm, war dat am Krich net méi méiglech. Ufank 1915 ass och kee Miel méi aus Däitschland komm. D’Moossnamen déi vun der Regierug agefouert goufen, fir der Präisshausse entgéint ze wierken huet zu enger Zentraliséierung vun der Versuergung agefouert, wat zwangsleefeg de fräien Handel ënnerbonnen huet. Am Januar 1915 goufen Héchstpräisser fir Salz a verschidde Kärenzorten festgesat, nodeems d’Regierung direkt no der Invasioun un engem Projet de loi geschafft hat, fir Héchstpräisser vu verschidde Liewens- a Fuddermëttel ze bestëmmen. Bis de Summer 1916 gouf et ee Präissdeckel fir sämtlech Grondnarungsmëttel. Trotz dëse gesetzleche Moossnamen gouf et Leit déi géint dës verstouss hunn.

 

Iwwert d’Bettenduerfer Millen sinn zwee Rapporten vun der Gendarmerie erhalen, déi weisen, dat sech den Henri Zettinger op d’mannst zwee Mol och net un de Präissdeckel gehalen huet. Den 13. Februar 1915 huet de Brigadier Johann Peter Hentges op der Gare zu Iechternach eng Plainte  vum Bäcker Weivertz entgéintgeholl. Dësen huet Enn Januar 10 Duebelzenner “Mehl No. 2 Roggenmehl” per Bréif beim Zettinger bestallt, déi hien den 28. Januar mat der Rechnung geliwwert krut. De Weivertz huet festgestallt, dat him 58 Frang fir den Duebelzenner verrechent goufen, wat iwwert dem Präissdeckel vu 55 Frang loung, deen zënter dem 26. Januar a Kraaft war. Hien huet dem Zettinger schrëftlech matgedeelt, dat hien d’Miel net unhuele kéint. Den 10. Februar 1915 hunn d’Gendarmen Nikolaus Galles a Franz Schiltz op der Gare zu Ettelbréck festgestallt, dat den Zettinger 6 Duebelzenner Weessmiel zu 66,25 Frang a 6 Duebelzenner Mengkornmehl zu 61,25 Frang un de Bäcker Theophil zu Ettelbréck ofgeliwwert huet. De Bäcker huet de Gendarmen erkläert dat d’Säk am Präiss mat aberechent wieren an hie géif 1,25 Frang pro Sak zréckkréien wann hien dës rëm an der Millen ofgëtt. A béide Fäll konnt den Henri Zettinger net zu Ried gestallt ginn, well Bettenduerf zum Zoustännegkeetsberäich vun der Dikrecher Gendarmerie gehéiert huet, esou dat d’Affär un de Procureur zu Dikrech gaangen ass.

Duerch de Mangel u Miel huet d’Brout ab Mee 1915 net méi reng aus Miel aus Weess oder Kar (Roggen) duerfe gebak ginn, mee d’Miel huet mussen entweder mat mindestens zéng Prozent Huewer- oder  Grompermiel respektiv zwanzeg Prozent Tapioca- oder Geeschtmiel gestreckt ginn. Dat heescht och zu Bettenduerf huet d'Produktioun vum Miel un dës Bestëmmung mussen ugepasst ginn.

 

No der Zentraliséierung vum An- a Verkaf vu Liewensmëttel beim Staat, gouf am August 1915 eng staatlech Verdeelerstell ageriicht, déi sech ëm de Kaf an d’Verdeelung vun de Liewensmëttelreserve këmmere sollt. Am Ufank hunn dozou nëmme Kären a Miel gehéiert, iert dëst op weider Liewensmëttel auswäit gouf. An deem Kader kruten och d’Gemengen nei Aufgaben. Si hunn een Inventaire vun de Reserve muss maachen souwéi Sammel-  a Verdeelplazen ariichten a logistesch organiséieren. Esou huet all Gemeng d’Roll vun engem Grossist iwwerholl an huet vill Wuere musse virfinanzéieren. Am Mäerz 1915 huet d’Gemeng Déifferdeng per Bréif fofzeg Balle Mëschmiel beim Zettinger bestallt, deen a senger Äntwert geschriwwwen huet dat d’Miel den Dag drop un d’Gemeng geliwwert géif ginn. Den 22. Abrëll 1915 krut d’Gemeng Réimech een Telegramm vum Zettinger, dat seng Millen fofzeg Balle Miel liwwere géif. Et war héchst Zäit dat d’Gemeng Miel krut, well verschidde Bäcker keent méi haten an och d’Reserven an den Haushalter net méi vill hierginn hunn. Am Oktober 1915 hat d’Mille Bréifkontakt mam Hollerecher Buergermeeschter, wou awer nëmmen d’Enveloppe ouni Inhalt erhalen ass.

 

 

Duerch den Arrêté vum 5. August 1915 gouf eng “Commission consultative annexée à l’office de répartition” gegrënnt an ee vun den néng Memberen war den Henri Zettinger, deen d’Handelsmillen an der Kommissioun vertrueden huet. Een zweete Mëller an der Kommissioun war de Proprietär vun der Reckener Millen als Vertrieder vun de Lounmillen.

 

Den Austrëtt aus dem Zollveräin 1918 war een éischte schwéiere Schlag fir d’Millen, déi ënnert Klengbetten op déi zweet Plaz gerutscht ass. D’Millen gouf duerch den Ausfall vum Äifeler Maart gezwonge, fir nei Ofsazgebidder ze sichen.

1919-1939

D'Millen an den 1920er Joren. Collection Tom Poecker
D'Millen an den 1920er Joren. Collection Tom Poecker
1923
1923

1940-1945

1946-1969

1947
1947
1960
1960

1970-2024

No der Astellung vum Betriib an der Faillite gouf d'Millen mat sämtleche Gebailechkeeten an Terrainen den 10. Abrëll 1970 am Hôtel Dondlinger-Engel zu Bettenduerf versteet.

Collection Tom Poecker
Collection Tom Poecker

1974 gouf d'Mille vum Raymond Peters kaf, deen eng Fabrik fir Rollueden ageriicht hat.

1970. Collection Tom Poecker
1970. Collection Tom Poecker
1975. Collection Tom Poecker.
1975. Collection Tom Poecker.
2015 © Ulrike S., www.umdiewelt.de/t8484_3.
2015 © Ulrike S., www.umdiewelt.de/t8484_3.

2020 huet d'Gemeng Bettenduerf de Silo fir ee symboleschen Euro kaf an 2021 gouf dat ganzt Millegebai als nationalt Denkmal klasséiert.

Dësen Artikel gouf den 22.09.2025 verëffentlecht.


Quellen


Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.