Op dëser Postkaart gesäit een d’Sauerbréck zu Bettenduerf mam Silo vun der Zettingermillen lénks am Hannergrond.
Déi éischt Bréck gouf 1749 gebaut a gouf 1916 wéinst Baufällegkeet duerch eng nei ersat. Am Zweete Weltkrich gouf d’Bréck bal ganz zerstéiert. Den 18. Dezember 1944, dem drëtten Dag vun der Ardennenoffensiv, ass d’Duerf nämlech ënner däitsche Beschoss geroden an d’Amerikaner hu sech an der Nuecht op den 19. Dezember iwwer d’Bréck zréckgezunn, déi si fir hir Deckung gesprengt hunn. Dës Sprengung huet d’Bréck net vollstänneg verstéiert, well de westlechen Trottoir nach passéierbar war.
Nom Enn vum Krich gouf eng Fär mat stole Seeler iwwer d’Sauer ageriicht. 1954 eréischt ass eng nei Bréck op de Pilieren vun där aler gebaut ginn. D’Postkaart weist awer dat d’Bréck do dertëscht provisoresch erëm opgebaut gouf.
D'Postkaart schéngt een Ofdrock vun dëser Foto ze sinn, déi sech am der Sammlung vum Militärmusée zu Dikrech befënnt.
D’Postkaart gouf vum François Theis erausginn, deen 1947 den Hotel Welter iwwerholl hat, esou dat d'Foto tëscht 1947 an 1951 gemaach gouf.
D'Kaart gouf de 7. August 1951 zu Dirkech ofgestempelt an ass an d’Stad verschéckt ginn.
Dësen Artikel gouf de 30.08.2025 verëffentlecht.