Fir den 200. Gebuertsdag vun der Gemeng Bettenduerf 2027 sinn ech am Gaangen ee Buch zesummen ze stellen.
Et gëtt kee klassescht Geschichtsbuch mee ee Fotobuch mat schätzungsweis 400 Fotoen vun den dräi Dierfer vun Ufank un bis haut an iwwer déi ganz Bandbreet vun Themen: Vu Panoramafotoen iwwer Caféen bis hin zum Duerfliewen mat de Veräiner a Fester. Ee klenge Virgeschmaach gesitt dir ënnen um provisoresche Cover. D'Iddi ass fir d'Fotoen an engem grousse Format an de Fokus ze stellen, déi just vun engem klengen Text begleet ginn, deen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch soll sinn. D'Buch soll dem Lecteur déi ganz Entwécklung vun der Gemeng iwwer déi 200 Joer weisen. Och wann eng Rei bekannte Fotoen an d'Buch kommen, goufen déi meescht souwäit nach ni verëffentlecht an dierften déi mannsten bis elo gesinn hunn.
Bis dat d'Buch an den Drock geet ass et awer nach ee wäite Wee.
Ech wëll hei ee Sondage maachen wéi vill Exemplairen mindestens gedréckt musse ginn. Wann dir un engem oder méi Exemplairen vum Buch interesséiert sidd, da fëllt hei wgl. de Formulaire aus.
Dir hutt selwer Fotoen (egal vu wéini), dir kennt een dee Fotoen huet oder dir wësst een Thema/Motiv (egal ob ee Fest wat och ëmmer) dat onbedéngt an d'Buch muss kommen, dann deelt mir dat wgl. mat. Ech freeë mech op all Info.
Dës Internetsäit ass ee Projet fir d'Geschicht vun der Gemeng Bettenduerf, mat hiren Uertschaften Bettenduerf, Gilsdrëf a Méischtrëff, souwéi den Lieux-dits, z'erfuerschen an dëst mat dem Public iwwert ee liewegt an digitalt Geschichtsbuch ze deelen. Esou soll dëse Projet een Instrument géint d'Vergiessen vun eiser Vergaangenheet sinn an soll d'Leit mat op eng Zäitrees an d'Vergaangenheet vun eiser Gemeng huelen, fir ze weisen wéi et fréier an der Gemeng ausgesinn huet an wat alles sou lass war.
An de leschte Jorzéngten sinn eng Rei Bicher iwwer d'Geschicht vun den dräi Dierfer erauskomm. Op där Aarbecht wëll ech opbauen an dës Informatiounen mat neien Text- a Bildquellen hannerfroen a vervollstännegen, fir ee Gesamtwierk zu der Geschicht vun der ganzer Gemeng ze schaafen.
Op dësem Site fannt Dir all 2 Wochen een neien Artikel zu de verschiddensten Themen: All éischten Dag vum Mount eng Postkaart an all halwe Mount een Thema, zum Beispill eng Persoun, ee Bauwierk oder een Evenement. Heibäi spillt d'Makro- a Mikrogeschicht eng grouss Roll, et geet also net nëmmen ëm déi grouss Persounen, wéi d'Schlässhären, mee och ëm d'Geschicht vun de klenge Leit.
Bei all Artikel sinn, no de Reegelen vun der Geschichtswëssenschaft, déi genee Quellen opgefouert, fir dat d'Informatiounen zréckverfollegt an iwwerpréift kënne ginn. D'Wëssenschaft lierft dervun, dat eng Persoun ee Bäitrag schreift, deen dann vun anere Persounen gelies an iwwerpréift gëtt. Heibäi kënnen weider Informatiounen geliwwert ginn, Aussoen bestätegt, awer och widderluecht ginn. Dat bedeit hei, dat d'Informatiounen aus deene Quelle staamen, déi mir deen Ament zur Verfügung stinn. Wann Iech Eppes opfällt wat Ärer Meenung respektiv Quellelag no net richteg ass oder Dir weider Informatiounen hutt dann kënnt Dir Iech ganz gären iwwer de Kontaktformulaire bei mir melden.
Ech wënschen Iech vill Freed op dësem Site an ech hoffen dat Dir hei munch interessant Geschichten entdeckt!
Tom Poecker
Geschichtsstudent op der Uni Innsbruck
Dir wëllt gären iwwer d'Verëffentlechung an d'Aktualiséierung vun den Artikelen informéiert ginn? Dann meld Iech elo hei an de Newsletter un.