Op dëser Postkaart gesäit een eng Panorama-Vue vum Hiwwel hannert der Kierch aus a Richtung Schlass a Millen. D’Opnam ass aus der Nokrichszäit, de Krich ass schon eng Zäit laang eriwwer an awer sinn d’Wonnen nach net ganz verschwonnen.
Ënnen riets am Eck gesäit een d’Kierch. Déi eelsten bekannten Ernimmung ass aus dem Joer 816 an dee Kierchebau, dee mir haut kennen, ass aus dem Joer 1843. D’Kierch ass der Jongfra Maria geweit, där hire Feierdag den 15. August am Kierchekalenner ass. Am Tuerm hänken dräi Klacken, déi an de Joren 1930, 1899 an 1633 gegoss goufen. Domat huet Bettenduerf warscheinlech eng vun den eelste Klacken, wann net souguer déi eelsten, bei eis am Land, déi nach a Betriib ass. Am Wanter 1944/45 gouf d’Kierch duerch Granatenaschléi am Daach staark beschiedegt. Si gouf vun 1949-1950 renovéiert an 1951 gouf den Daach och an d’Rei gesat. Glécklecherweis gouf den Haaptaltor aus dem Joer 1699 vum Krich verschount, esou dat dësen haut nach ëmmer an der Kierch steet. Mee réischt zënter 1993 huet e säin haitegt Ausgesinn, well en an deem Joer restauréiert a faarweg ugemoolt gouf.
Direkt nierft der Kierch steet d’Paschtoueschhaus dat 1915/16 gebaut gouf. Dëst Gebai gouf och an der Rundtstedt-Offensiv staark beschiedegt an 1952 ganz renovéiert.
Ënnerhalb vum Paschtoueschhaus erkennt een ee verbranntenen Daachstull. Do kann et sinn, dat de Brand kuerz virdrun war oder et kéint och nach vum Krich sinn.
Wann mir d’Strooss weider ginn, komme mir bei den haitege Café Kalylei, am Duerf och nach Beim Carlos genannt. Hei war mindestens zënter 1889 d’Restauratioun an Hieffabrikatioun Willems-Bredimus. Nodeems de Café Schommer-Willems dra war, gouf e vum Fred Schroeder iwwerholl an d’Haus ënnert dem Numm Hotel du Commerce respektiv Café beim Fred gefouert huet. Des weideren hat hien een Danzsall, eng Quincaillerie an eng Epicerie am Gebai. 1999 ass de Café ënnert dem Numm Café du Commerce nei opgaangen.
Lénkerhand vum Paschtoueschhaus gesäit een d’Haiser Bonert (An Thomes), Strauss an Dupont. Den Haff Dupont gouf 1807 gebaut an d’Haus gouf 2022/23 ofgerappt an– bal identesch – rëm opgebaut.
Schéngt d’Haaptstrooss kee bedeitend Element ze sinn, ass dëst awer de Fall. Dës Strooss gouf tëscht 1950 an 1954 gebaut an ass domat op der Foto nach zimmlech nei. Do virdrun ass déi al Haaptstrooss duerch d’Rue du Pont an Rue du Château gelaf.
An där Strooss gesäit een ganz riets nach een Deel vun der Scheier vum Haff Atten (An Hiirten), deen 2016 ofgerappt gouf. Weider Richtung Schlass gesäit ee – bësse verstoppt – den Haff Reuter (an Turpel) an vis-à-vis den Haff Faust (A Metschen). Dësen Haff ass ee ganz besonnegen Haff, well dësen net nëmmen nierft dem Schlass steet, mee fréier zum Schlass gehéiert huet. An engem Pachtvertrag vun 1824 verpacht de Schlasshär Charles d’Olimart dem Nicolas Majerus eng Wunneng, Ställ, ee Gaart an Lännereien. Ee Schlusssteen mat der Joreszuel 1840 kann dorop hiweisen dat den Haff an deem Joer säin haitegt Ausgesi krut. Nom Enn vum Zweete Weltkrich hat d’Haus keen Daachstull méi an och den Daach vun der Scheier war staark beschiedegt. Vun deene Schied ass op der Postkaart, ausser Aschossläscher an der Fassad, näischt méi ze gesinn.
Um Schlass, dat 1728 vum Pierre-Ernest d’Olimart gebaut gouf, sinn d’Spueren vum Krich nach méi däitlech ze gesinn. D’Schlass gouf am Dezember 1944 staark beschiedegt, esou dat nom Enn vum Krich d’Gefor bestoung, dat d’Schlass zu enger Ruin hätt kënne verfalen. 1962 ass et an d’Hänn vun enger Immobiliegesellschaft komm, déi et opwänneg restauréiert hat. Op der Foto gesäit een, dat d’Diecher op den zwee hënnechten Tierm nach net rekonstruéiert an just provisoresch ofgedeckt sinn.
Rof an d’Rue du Moulin gesäit een d’Millen mat hirem imposante Silo aus dem Joer 1939.
Déi aner Säit vun der Sauer gesäit een nach den Haff Sassel.
Nierft de Gebaier ass ee weidert Mierkmal un dëser Postkaart interessant, an dat sinn déi vill Uebstbeem. Schon am 18. Jorhonnert gouf et vill Uebstbeem zu Bettenduerf, dëst waren haaptsächlech Birebeem, awer och Nësserten. D’Bier hat, bis si vun der Gromper ofgeléist gouf, zum deegleche Brout gehéiert. D’Bieren goufen och zu Viz a Branntewäi verschafft. D’Nëss goufen zu Nossueleg verschafft, dee gefrot, villsäiteg benotzt gouf an zënter dem Mëttelalter eng bedeitend Handelswuer war. Esou hat den Nossueleg vun der Sauer a Musel ee gudde Ruff an den däitsche Fürstentümer. Spéidsdens mat Grënnung vun der Prinz-Heinrich-Eisenbahn 1869 gouf d’Uebst am grousse Stil exportéiert an op der Sauerlinn gouf et dofir Uebstsammelplazen op de Garen. Haaptsächlech goufen Äppel an a verschiddene Joren och Quetschen exportéiert. Wéieng Ausmoossen dëst hat, gesäit een unhand vun engem Zeitungsartikel vum 12. September 1924. Do steet dat d’Recolt vun de Quetschen an der ganzer Sauergéigen ganz gutt ausgefall war an an de vergaangenen aacht Deeg goufen un der ganzer Sauerlinn all Dag eng Rei Waggonen mat Quetsche belueden, fir dës an England z’exportéieren. Dëse Wirtschaftszweig hat am Wanter 1880/81 duerch een haarde Frascht ee grousse Réckschlag erlidden. No der Grënnung vum Landes-Obstbau-Verein krut den Uebstbau erëm een Opschwong an Bettenduerf sollt sech zum Uebstduerf par excellence entwéckelen. An deem Sënn war d’Ofsazgenossenschaft zu Bettenduerf besonneg erfollegräich an mat der Äppelzort “Reine de Bettendorf” hat d’Duerf souguer säin eegenen Apel. Nom Zweete Weltkrich sinn d’Bestänn am ganze Land staark zréckgaang. Präisabréch ab Enn de 1950er Joren, ënnert anerem duerch d’Aféierung vum europäesche Maart, hunn dozou gefouert, datt sech den Opwand net méi gelount hat an d’Bestänn vun den Uebstbeem sinn staark zréckgaangen an domat hat den Uebstbau och zu Bettenduerf seng Bedeitung verluer.
D’Postkaart gouf den 12. Februar 1960 vum Léon Lorenz vun Bettenduerf verschéckt.
Dësen Artikel gouf den 01.03.2024 verëffentlecht.