N°8 - Tempelritter zu Gilsdref

Bettenduerf Eng Zäitrees, Gilsdorf, Gilsdref, Templer Luxemburg, templiers luxembourg, Templer Vianden
Zeechnung wéi d'Templerhaus hätt kënnen ausgesinn hunn © Nicolas Feider

Virun ronn 800 Joer haten d'Tempeltitter ee Stëtzpunkt zu Gilsdref mat engem Templerhaus, Kapell, Millen, Wier a Wéngerten.

Den Templeruerden

Bettenduerf Eng Zäitrees, Gilsdorf, Gilsdref, Templer Luxemburg, templiers luxembourg, Templer Vianden
Templerkräiz © Wikipedia

Iert ech zu den Tempelritter zu Gilsdref kommen, kucke mir eis fir d’éischt kuerz un wien d’Tempelritter waren, ouni awer ze vill an den Detail ze goen. Den Templeruerden gouf 1120 zu Jerusalem vum Hugo de Payns aus der Champagne gegrënnt. Den Numm kënnt vum Siège, deen um Tempel vum Salomon gestanen huet. D’Haaptaufgab vum Uerde war d’Verdeegung vu Jerusalem an d’Bewaachung vun den hellege Siten. Ënner anerem hu si och d‘Pilger beschützt, déi nom éischte Kräizzuch (1097) op Jerusalem gepilgert sinn. Weider hu si sech mat de Johanniter un de Kräizzich bedeelegt, déi si als gerecht Kricher ugesinn hunn. 1139 goufe si der Autoritéit vum Poopst ënnerstallt an 1147 krute si d’Recht fir wäiss Mäntel mat engem roude Kräiz ze droen. An de west- a mëtteleuropäesche Länner, besonneg a Frankräich, ass ee Netz vun Templerhaiser entstanen. Dëst waren an der Reegel Haiser aus Steen mat enger Kapell. Dës Néierloossungen vum Uerden waren Zentren vu Grondherrschaften. 1312 gouf den Uerden opgeléist an d’Buergen goufen meeschtens vun den Johanniter iwwerholl.

D'Ritter vun Roth an der Our

Vun Frankräich bis Jerusalem haten d’Templer eng 10 Dausend Néierloossungen, sougenannten Kommenden. Eng dovun war déi vun Roth an der Our bei Veianen, déi ëm d’Mëtt vum 13. Jorhonnert gegrënnt gouf. Esou huet den Heinrich I. vun Veianen 1228 den Templer d’Kierch zu Roth iwwerlooss. Desweideren huet de Grof Philip I. vun Veianen 1261 ee Kontrakt mat den Templer vun Roth ofgeschloss. D’Kommende gouf no 1228 opgebaut an d’Templer haten Gidder zu Gilsdref, Viichten a Wal. Sou wéi den André Bauler 2008 am „Cliärrewer Kanton“ schreift, sollen d’Templer weider Proprietéiten zu Méchela an am Klierfer Kanton gehat hunn. Mee Gilsdref an Viichten sinn déi zwou eenzeg Proprietéiten, déi nach an den Archiven vun Roth opfannbar sinn, déi aner sinn net schrëftlech beluecht.

D'Tempelritter zu Gilsdref

An där Zäit, wou sech d’Templer zu Roth etabléiert haten, sinn si vläicht och op Gilsdref komm. Den Ustouss ass entweder vun Roth selwer komm, oder vum Gotfried vun Esch-Sauer, deen sech un engem Kräizzuch bedeelegt hat. Zu Gilsdref hunn si sech ee verfallent Réimerkastell zu Notze gemaach, fir dorop ee befestegte Guttshaff ze bauen.

 

Den Duerfdeel Heichel, also déi haiteg Stroossen „Am Aal“ an „Um Knäppchen“ war warscheinlech eng keltesch Siddlung an bild domat den Ursprong vum Duerf Gilsdref. Warscheinlech am 3. Jorhonnert hunn d’Réimer Kasteller zu Lëtzebuerg gebaut, fir de Sauerdall ze kontrolléieren a fir sech géint d’Germanen ze wieren, déi ëmmer erëm agefall sinn. Esou ee Kastell soll zu Gilsdref um Bockeknapp, also uerwerhalb vun Heichel, gestanen hunn. Dëse Bau war awer net vun laanger Dauer, well en am Joer 262 warscheinlech vun den Alemannen zerstéiert gouf, wéi dës och d’Gallo-Réimer zu Bettenduerf verdriwwen haten.

 

Iwwer d’Zäit vun den Tempelritter zu Gilsdref ass net vill bekannt. Et soll ee befestegten Bauerenhaff mat engem Weier gewiecht sinn. Nierft der Fëscherei hate si Wäibau bedriwwen an eng Millen un der Sauer stoen. Den Iwwerliwwerungen no sollen d’Gilsdrefer Templer béissarteg an hannerlëschteg gewiecht sinn. Nierft hirem Sëtz zu Gilsdref solle si nach d‘Billhaus zu Dikrech gebaut hunn, do wou haut d’Friddensgeriicht op der Bechensplaz steet. An deem Gebai hunn si hir Rekolt a Wäertgéigestänn ënnerbruecht, weider konnte si och an d’Billhaus flüchten. Eng aner Theorie seet awer, datt d’Tempelhären vun Dikrech, ee Klouschter zu Gilsdref haten, dat heescht, datt dëst just eng Annexe vum Billhaus gewiecht wier. Vill Informatiounen iwwer déi Gilsdrefer Templer sinn leider net méi zougänglech well d’Archiv vun de Rother Templer am Zweete Weltkrich zerstéiert gouf. D’Pararchiv vun Körperich gouf mat den Akten vun Roth wéinst dem Krichsausbroch 1939 am Klouschter Springiersbach a Sécherheet bruecht, wou et den 11. Mäerz 1940 zu engem Brand komm ass an d’Akten de Flamen zum Affer gefall sinn.

 

Den Indicen no wäert d'Templerhaus tëscht der haieger Akerbauschoul an den Haiser an der Rue Um Knaeppchen gestanen hunn. Beim Bau vun der Akerbauschoul goufe souwäit keng Iwwerreschter fonnt an de Quellen no ass och net bekannt dat eppes fonnt gouf, wéi d'Haiser Um Knaeppchen gebaut goufen.

Warscheinlech innerhalb vum roude Krees stoung d'Templerhaus © Geoportail
Warscheinlech innerhalb vum roude Krees stoung d'Templerhaus © Geoportail

Zënter 1314 ginn et warscheinlech keng Templer méi zu Gilsdref an de Bau gouf dem Verfall iwwerlooss. Dem Jean Haan no wieren déi Gilsdrefer Templer vun de Rother Johanniter oder Malteser opgeholl ginn. Doduerch dat de Poopst Clemens V. de Johanniter d’Gidder vun den Templer zougesprach hat, ass unzehuelen, dat dëst och zu Gilsdref de Fall war, esou dat och hier Gidder vun de Johanniter iwwerholl goufen. Domat wier de Besëtz vun de Gilsdrefer Tempelritter, mat der Heichelmillen an dem Zéngtrecht, un d’Rother Johanniter gefall. De Jean schreift awer dat d’Gidder vun de Malteser iwwerholl gi wieren. Heibäi muss ee soen, dat d’Johanniter zënter 1530 als Malteser bezeechent goufen, esou dat béid Uerden an deem hei Kontext als dat selwecht ugesi kënne ginn.

 

Am 16. Jorhonnert bericht den Abt Johann Bertels (1544-1607) dat d’Ruinen vun den Templer de Sauerdall nach zu senger Zäit beherrscht hätten. Hie schreift, dat een net wäit vun Dikrech beim Duerf Gildref, a Form vun enger Buerg, nach Ruinen vun engem zerfallene Klouschter géif gesinn. Hien krut vun den Awunner zu Gilsdref erkläert dat do virun laanger Zäit Tempelhären gewunnt a gelieft hätten.

 

Aus dem Joer 1604 ass bekannt, dat d’Ritter vun Roth an der Our zu Gilsdref oder zu Heichel een Haff an eng Millen haten. Et ass unzehuelen dat et ursprénglech eng Käremillen a spéider eng Loumillen war. Dës Millen, déi virun 1824 verschwonne war, gëtt an den Akten “le moulin d’Heugelen ou d’Heuchel” genannt. An engem Dokument vun 1693 schreift een Notaire vun enger „Wiess auf dem großen Steinrausch“ zu Bettenduef, wou Ruinen vun engem Templerhaus fonnt gi wieren. Heibäi wäert et sech awer ëm dat Gilsdrefer Templerhaus gehandelt hunn, ausser zu Bettenduerf hätt et och eent ginn.

 

D’Johanniter vun Roth waren bis 1794 am Besëtz vun de Gilsdrefer Gidder. An engem Akt vun 1738 gëtt ee “Rodergut” zu Gildref ernimmt an och 1773 waren d’Johanniter nach am Besëtz vun der Ruin, Millen an Lännereien zu Gilsdref. Zumindest d’Opginn vun der Millen kann an deem Kontext stoen, dat d’éisträichesch Regierung 1776 d’Sauer zu Gilsdref am Kampf géint d’Héichwaasser ëmgebett huet. Ass d’Sauer virdrun ongereegelt duerch “Aale Waasser” gelaf, wou d’Millen stoung, gouf si op hiren haitege Verlaf ëmgeleet. Dëst erkläert dann och wou déi haiteg Strooss “Um ale Waasser” un hiren Numm kënnt. Bei dësen Aarbechten gouf ëm 1790 eng Lued fonnt, an där ee Ritter dra loung. D’Läich wier duerch d’Waasser mumifizéiert gewiecht, mee a Kontakt mat der Loft wier si awer zerfall. Deemols gouf ugeholl, dat et sech ëm een Templer gehandelt hat. Dës Theorie berout dorop dat hien Templerkleedung ugehat soll hunn. Duerno soll de Bauer de Sarg zerschloen hunn an den Degen, deen och draloung, zu engem Messer ëmfunktionéiert hunn. D’Scheet vum Degen hätt hien als Koffer un ee Goldschmatt verkaf.

 

D’Ruinen déi am Ufank vum 19. Jorhonnert nach do waren, goufen vun de Gilsdrefer Leit ofgedroen, warscheinlech fir hir Haiser ze bauen. Haiser aus där Zäit, déi haut nach zu Gilsdref stinn, kéinten esou ganz oder zum Deel aus Steng vun den Templer gebaut gi sinn. Wann een dann nach bedenkt, dat d’Templer d’Kastell vun de Réimer iwwerholl haten, kann et weider nach sinn dat haut och nach réimesch Steng a Gilsdrefer Haiser verbaut sinn.

 

Bësse méi spéit, am Zäitraum vum Enn vum 18. an Ufank vum 19. Jorhonnert, goufe Mauerreschter a Géigestänn um Bockeknapp bei landwirtschaftlechen Aarbechten fräigeluecht. Dem franséischen Auteur Louis l’Evêque de la Basse-Moûturie (1784-1849) no hätt den Dikrecher Notaire Vannérus verschidden Objeten a sengem Privatmusée versuergt gehat. A sengem Wierk vun 1844 schreift hie weider, dat um Bierg Henchel (also Bockeknapp) een Templerklouschter stoung, dat eng Art Buerg war a réimeschen Ursprong war.

Gilsdrefer Templersoen

Eis sinn haut véier Soen vun den Tempelritter zu Gilsdref bekannt, déi am Laf vun de Jorhonnerten an der Phantsie vun de Gilsdrefer Awunner entstane sinn.

 

Déi éischt dréint sech ëm ee Fudder beschten Templerwäin, deen am Bierg läit a vun engem gëllenen Hues bewaacht gëtt. Der Iwwerliwwerung no wier de Bierg huel an d’Templer hunn dëse Wäin an hire Wéngerten bei der Sasselbaach selwer ugebaut. Am Laf vun de Jorhonnerten ass d’Faas gefault an esou ass de Wäin am Buedem verlaf.

 

Der zweeter So no hunn d’Awunner laang gegleeft, dat et ee 600 Meter déiwe Buer gouf, souwéi een ënnerierdesche Gank, deen de Bockeknapp mam Dikrecher Billhaus verbonnen hat. Am 19. Jorhonnert goufen eng Rei Ënnersichungen gemaach, déi de Buer an de Gank an d’Räich vun de Soen verweise konnten. Esou schreift de Chevalier l’Eveque de la Basse Moûturie 1844, dat hien wuel ee Buer fonnt hat, mee dee war awer just eng 10 Meter déif.

 

D‘Gilsdrefer Tempelritter solle ganz iwwel an raffinéiert Geselle gewiecht sinn. Fir hir Feinden ze täuschen hu sie hire Päerd d’Houfeisen de falsche Wee opgeschloen, fir d‘Feinden an d’Ier ze féieren. Dëst wier awer kee rengt Gilsdrefer Phänomen gewiecht.

 

An der véierter So geet et ëm ee Schatz. Ënnerhalb vum Bockebierg stoung een Hieselter, un deem eng Mëspel gewuess ass. An enger Déift vun 7 Klafter loung ee Schatz ënnert dem Strauch. Iwwer 7 Joer ass de Schatz all Joer ëm ee Klafter (vläicht eng al Mooseenheet) méi no un d’Uewerfläch komm, wou en dann am 7. Joer op Mëtternuecht un der Uewerfläch gebrannt huet, iert e rëm ënnert dem Buedem verschwonnen ass. Wien d’Chance hat, fir de Schatz brennen ze gesinn konnt e mathuelen, dobei huet awer kee Wuert duerfe geschwat ginn. Esou sollen zwee Männer déi Chance gehat hunn, fir de richtege Moment geroden ze hunn. Voller Freet hunn si d’Këscht, déi mat Gold gefëllt war, wëllen Heem droen. Mee op eemool ass eng Runn ëm déi zwee Männer hin an hier geflunn. “Wat der Däiwel! D’Runn soll eis lo nach picken!“ huet ee geruff. Am nechste Moment ass hinnen de Schatz aus den Hänn gefall a rëm am Buedem verschwonnen.

Duerch den Templer hire Räichtum, ass et net ganz onwarscheinlech dat si zu Gilsdref Gold kéinten versuergt hunn an Runnen sinn effektiv och nuetsaktiv. Mee dat de Schatz sech am Buedem op- an ofbeweegt ass reng Phantasie.

 

Den Dichter an Auteur Hary Trauffler (1890-1971) huet am Joer 1953 d’Märschestéck „Bei der Deiwelslee“ fir d’Gilsdrefer Schoulkanner geschriwwen, an deem et ëm d’Gilsdrefer Soe geet. D’Märschen gouf puer Mol zu Gilsdref opgefouert.

Wat bleift haut vun den Templer?

D’Kirech vun den Templer zu Roth, déi steet haut nach an ass domat nach een Zeien vun den Tempelritter. Zu Gilsdref gesäit een haut näischt méi, dat eenzegt wat domat vun de Gilsdrefer Templer iwwreg bliwwen ass, dat sinn d’Soen an d’Flouernimm. Desweideren kann et sinn, dat, wéi gesot, an deem engen oder aneren ale Gilsdrefer Haus haut nach Steng vum Templerbau verbaut sinn. D’Tempelritter waren mol keng 100 Joer zu Gilsdref, mee si beschäftegen d’Leit zënter bal 800 Joer bis haut. Wann ee sech déi verschidden Auteuren ukuckt, fällt op, dat ee sech an der Terminologie net eens ass. Mol gëtt vun enger Buerg geschwat, mol vun engem befestegten Bauerenhaff, anerer schwätzen vun engem Haus oder engem Klouschter. D’Gilsdrefer Templer sinn souguer an der auslännecher Literatur ze fannen, zum Beispill schreift den Curt Tillmann 1958 dat et zu Gilsdref eng Buerg gouf, déi verschwonnen ass an vun den Templer gewiecht soll sinn. Dat et eng Buerg gewiecht soll sinn ass net warscheinlech. Et kann een unhuelen dat et sech ëm ee befestegte Bauerenhaff mat enger Kapell gehandelt huet.

Als PDF ofspäicheren

Download
N°8 - Tempelritter zu Gilsdref.pdf
Adobe Acrobat Dokument 433.0 KB

Dësen Artikel gouf den 29.02.2024 verëffentlecht.


Quellen

  • Angermann Norbert (Hrsg.), Lexikon des Mittelalters, Band 8, München 1997, S.534-537.

  •  Centre National de la Litérature, https://www.autorenlexikon.lu/page/author/370/3701/DEU/index.html, geingesehen 17.02.2024.

  • Chevalier l’Eveque de la Basse Moûturie, Itinéraire du Luxembourg Germanique. Voyage Historique et pittoresque dans le Grand-Duché de Luxembourg, Luxemburg 1844.

  •  Der Johanniterorden, https://www.johanniter.de/ueber-uns/, eingesehen 29.02.2024.

  • Erpelding Emile, Die Mühlen des Luxemburger Landes, Christnach 1981.

  •  Goerens Mil, Eiser Soen, Band 1, Kordel (D) 2017.

  • Haan Jean, Gilsdorf. Die Geschichte eines Sauerdorfes, Gilsdorf 1983.

  •  Landratsamt Landkreis Sächsische Schweiz-Osterzgebirge, https://www.landratsamt-pirna.de/download/Haeufige_Fragen_zu_Hornissen.pdf, eingesehen 17.02.2024.

  • Mersch Jules, Les Templiers au Luxembourg, in: Biographie Nationale du Pays de Luxembourg depuis ses origines jusqu’à nos jours, Heft 11, Luxemburg 1975, S.18–50.
  • Milmeister Jean, Die Tempelritter von Roth. Dichtung und Wahrheit, in: Veianer Geschichtsfrënn (Hrsg.), Ous der Veianer Geschicht, Nr.14, Vianden 1996, S.7–37.

  •  Milmeister Jean, Geschichte der Grafen von Vianden. 1090-1795, Vianden 2003.

  • Projet Beauceant, https://templiers.org/gilsdorf.html, eingesehen 15.02.2024.

  •  Tillmann Curt, Lexikon der Deutschen Burgen und Schlösser, Band 1, Stuttgart 1958.


Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.