Op dëser Postkaart gesäit een eng Vue op den ëstlechen an nord-ëstlechen Deel vun Bettenduerf. Ënnen gesäit een un der Sauer d’Millen an d’Haiser an der Rue du Moulin. Déi al Millen gouf vun de Gebridder Zettinger opkaf, ofgerappt an 1905 nei gebaut. Dës nei Millen war bis 1918 déi gréissten am Land, bis se vun Klengbetten iwwerholl gouf. Am Juni 1919 krut d’Millen d’Geneemegung, fir ee Stroumreseau mat 220 Volt Gläichstroum ze bauen. Mat dësem sollten eng 110 Haushalter versuergt ginn. 1939 gouf den circa 32 Meter héije Silo gebaut, deen zënter deem d’Duerfbild prägt. An den 1950er Joren hat d’Millen bis zu 36 Tonnen Miel den Dag hiergestallt. 1969 gouf de Betriib agestallt. Bis dat Joer war déi Bettenduerfer Millen déi eenzeg Millen am Land, déi Miel fir Hostien produzéiert hat.Vun 1994 bis 1999 gouf d’Millen zum Deel rëm reaktivéiert. De Verband hat iwwer dës Joren de Silo gelount, fir hei kënnen 2.500 Tonnen Kären tëschenzelageren.
Uewerhalb vun der Millen gesäit een d’Schlass, dat 1728 vum Pierre Ernest d’Olimart gebaut gouf. Vis-à-vis vum Schlass steet de Bauerenhaff vun der Famill Schmit-Mores (Bressesch), wou och eng Tankstell bedriwwe gouf. Ëm 1980 gouf d’Scheier ofgerappt an Appartementer amplaz gebaut, déi haut nach do stinn. 1996 war d’Ouverture vun der Bäckerei „Broutgrouf“ vum Bäcker Leon Barbangelo.
Hannendrun gesäit een d’Lotissement „In den Hiewen“, dat 1963 fir 40 Bauplazen lancéiert gouf. D’Cité gouf spéider an „Cité Pierre Strauss“ nom Pierre Strauss ëmbenannt, deen vun 1952 bis 1975 Buergermeeschter war. Am Verglach mat haut ass d’Cité op der Postkaart nach zimmlech eidel.
Nierft der Cité läit de Kierfent, deen zënter 1871 do ass. An deem Joer hat d’Gemeng decidéiert fir aus hygienesche Grënn ausserhab vum Duerf een neie Kierfent ze bauen. Zu Gilsdref sollt dat selwecht geschéien. 1967 gouf d’Decisioun geholl, fir de Kierfent ze vergréisseren an eng Morque ze bauen.
Uewerhalb vum Kierfent, haut „Am Bongert“, gesäit een dat fréiert Haus vum Felix Bissen, dat hei grad gebaut gëtt. De Bierg weider erop, „Ënner Fooss“, läit lénks den Haff Meyers an riets de fréieren Haff Poecker.
Op der Récksäit gëtt ee gewuer, dat d’Postkaart vum Syndicat d’Initiative vun Bettenduerf erausgi gouf an dat de Fotograf den Tony Krier war. De „Syndicat d’Initiative de la Commune de Bettendorf“ gouf 1964 vun 20 Bettenduerfer an 2 Méischtrëffer gegrënnt. Ënnert de Bettenduerfer waren 3 Wiert an 4 Hotelieren. Dëse Veräin gouf gegrënnt fir den Amenagement vun Wanderweeër, Campingplazen an Floss-Schwämmen, souwéi alles wat mam Ausbau vum Tourismus ze dinn hat. Esou war sécherlech d’Emissioun vun Postkaarten eng Aktivitéit vum Syndicat, fir den Tourismus an der Gemeng ze fërderen.
D’Postkaart gouf den 11. Juli 1975 un den Jacques Dehasse an seng Fra op Namur geschéckt. Si goufen fir den 14. August zu Bettenduerf an engem Hotel vun der Persoun, déi d’Kaart geschriwwen hat, erwaart. Dës hat der Famill Dehasse zwee Hotelzëmmer reservéiert. Den Text léisst unhuelen, dat d’Postkaart am Hotel selwer geschriwwe gouf.
D'Foto ass awer eng Rei Joren virun 1975 geholl ginn. Als ënnecht Grenz kann een d'Grënnung vum Syndicat huelen, deen am November 1964 gegrënnt gouf, esou dat d'Foto fréistens vun 1965 ka sinn. Als Uewergrenz déngen de Kierfent an d'Haus Nummer 19 an der Cité. De neie Kierfent an d'Morque sinn op der Foto nach net ze gesinn,, déides ass net virun 1968 realiséiert ginn. D'Haus Nummer 19, dat 1969 gebaut gouf, feelt och op der Foto. Esou gouf d'Foto tëscht 1965 an 1968 gemaach.
Als PDF ofspäicheren
Dësen Artikel gouf den 02.02.2024 verëffentlecht an den 03.02.2024 aktualiséiert.