Dat haitegt Schlass zu Bettenduerf gouf 1728 vum Pierre-Ernest d'Olimart gebaut, deen sech 1723 mam Marie-Claire von Stein bestued hat. De ronnen Tuerm dréit d'Joreszuel 1728 an erënnert domat un de Bau vum Schlass.
D'Schlass huet awer net vun Ufank un esou ausgesinn, wéi mir et haut kennen. Am 19. an 20. Jorhonnert goufen Ëmbauaarbechten um Schlass virgeholl.
Am Haff vum Schlass ass d'Joreszuel 1867 ubruecht, déi op gréisser Aarbechten a Verännerungen hindeit. Ënnert anerem soll an deem Joer de Westtuerm souwéi déi kleng Tierm iwwert dem Balkon gebaut an den Nordost-Tuerm fäerdeggestallt gi sinn.
Wann ee sech den Urkataster (1811-1832) ukuckt, gesäit een, dat de West- souwéi den Nordost-Tuerm effektiv nach feelen. Interessant ass hei och, datt d'Schlass déi Zäit mat de Niewegebaier verbonne war.
Op dësem Ausschnëtt vun enger Postkaart aus dem Joer 1903 gesäit een, datt den Osttuerm schonn, de Verbindungsbau nach steet, mee den Nordost-Tuerm feelt nach. Hei geet et bei den Artikel vun dëser Postkaart.
D'Postkaart ass zwar eng Zeechnung, mee et kann een awer ausschléissen datt den Tuerm vum Kënschtler weggelooss oder vergiess gouf. D'Postkaart gouf zwar am Juli 1903 verschéckt, mee si gouf sécherlech eng gewëssen Zäit (vläicht puer Joer) virum Juli 1903 gemoolt a gedréckt.
Déi zwou schwaarz-wäiss Fotoe weise Bauaarbechten um Schlass am Joer 1902. Dës Fotoe sinn aus engem Fotoalbum (deen 2022 vesteet gouf) a staamt vum Laure de Haan, wahrscheinlech eng Fra aus dem belschen Adel, déi de Fotoen no 1902 an 1903 zu Bettenduerf um Schlass op Besuch war. Dës Fotoen beweisen zesummen mat der Postkaart datt den Nordost-Tuerm net 1867, mee 1902 gebaut gouf. Des weideren gesäit een op der rietser Foto, datt d'Verbindungsgebai ofgerappt gouf. Duerch de feelende Botz an Aarbechten um Daach kann een unhuelen datt deen Deel 1902 ofgerappt an d'Lach an der Mauer zougebaut gouf. Am Vergläich mat der Postkaart ass unzehuelen, datt d'Verbindungsgebai direkt lénks vum Osttuerm stoung, do wou um Rez-de-chausée eng Fënster nogebaut gouf (op der Foto vun 1902 ass déi nach net do) an um éischte Stack bis haut keng Fënster ass.
Dësen Artikel gouf den 15.01.2024 verëffentlecht.