Op dëser Postkaart gesäit een eng Panorama-Vue op Bettenduerf vum Hiwwel hannert der Gare aus. Vir lénks gesäit een nierft dem Zuch d'Gare, déi am Dezember 1873 zesummen mat der neier Linn Dikrech-Iechternach opgaangen ass a bis 1964 a Betriib war. Hannert der Gare gesäit een den deemolegen Café-Restaurant Welter (ab 1947 Theis-Bever), deen an den 1980er Joren ofgerappt gouf. D'Haus am Bannenhaff gouf 2022 ofgerappt, esou dat haut vum ganze Komplex just nach d'Becken, wou fréier d'Kriibsen fir de Restaurant dra waren, hannert dem Monument iwwreg ass. Weider kënnt een bei d'Bréck déi 1749 ënnert der éisträichescher Keeserin Maria-Theresia gebaut gouf, iwwer déi een an d'Duerf kënnt. An de Grondzich wäert d'Zeechnung der Realitéit vum deemoolegen Duerf entspriechen, mee et kann een awer unhuelen dat dëst Bild net ganz der Wierklechkeet entsprach huet, eleng well den Daach vum Kierchtuerm vereinfacht ass an de Bësch um Bierg feelt. Trotzdem vermëttelt dës Postkaart ee Bild wéi d'Duerf ëm d'Jorhonnertwenn ongeféier ausgesinn huet.
Riets an der Mëtt ass een Auschnëtt vum Schlass vum Baron von Puttkamer ze gesinn. An der Mëtt ass d'Restauratioun an Handlung vum J. Willems-Bredimus ofgebild. Heibäi handelt et sech ëm de spéidere Café beim Fred an haut Café du Commerce nierft dem Paschtoueschhaus bei der Kierch. Aus dëser Wiertschaft staamt och dës Postkaart, wourop den Indice "voilà notre maison" hiweist. Beim J. Willems handelt et sech ëm de Jean-Jaques Willems (*1858), deem seng éischt Fra d'Marie Bredimus (1859-1897) war. Si haten 7 Kanner an hiert eelst Meedchen d'Maria (*1880) huet dës Postkaart geschriwwen.
An engem spéideren Artikel kommen ech nach eng Kéier am Detail op d'Wiertschaft Willems-Bredimus zréck.
Interessant bei dëser Postkaart ass, dat dës net vu Lëtzebuerg, mee aus dem däitsche Keeserräich kënnt. Si kënnt nämlech vum "Verlag Max Leib" vun Köln, wat een, wann och schwéier, um rietse Rand ënnert dem Text erkennt.
D'Maria Willems schreift:
Chère Marie,
Bien le Bonjour de ma part et ça commence déjà un peu mieux avec mon pied. Je vous embrasse Marie Willems à Bettendorf Grand-Duché Luxembourg.
Adress:
Madame Marie Yugault
3 Rue Pierre Dupont
Paris (10arr.)
Den 13. Juli 1903 gouf se op der Gare (wahrscheinlech zu Bettenduerf) ofgestempelt.
D'Postkaart weist mam Schrëftzoch "Union Postale Universelle - Weltpostverein" ee weidert interessant Mierkmal op. De Weltpostveräin ass déi zweet eelsten international Organisatioun an ass ee Forum fir Kooperatioun am Postwiesen. D'Organisatioun gouf 1874 vu Lëtzebuerg an 21 weideren Staaten zu Bern (Schwäiz) gegrënnt an huet do bis haut hire Siège. Zënter 1948 ass si eng Institutioun vun der UNO (United Nations Organisation) an zielt haut 192 Memberstaaten.
Dësen Artikel gouf den 01.01.2024 verëffentlecht.