N°4 - Alfred Graf von Oberndorff

Bettenduerf Eng Zäitrees, Alfred von Oberndorff, Alfred von Oberndorff Luxemburg, Alfred von Oberndorff Luxembourg, Alfred von Oberndorff Moestroff
Alfred Graf von Oberndorff. © Bundesarchiv der Bundesrepublik Deutschland

Den däitschen Jurist an Diplomat Alfred von Oberndorff (1870-1963) ass eng éischter manner bekannt Persoun, obwuel hien de Waffestëllstand 1918 zu Compiègne mat ënnerschriwwen hat an sou och derfir gesuergt hat, dat den Éischte Weltkirch op een Enn komm ass. Hien huet vun 1934 bis 1955 zu Méischtrëff am Schlass gewunnt.

Famill

Hien gouf den 9. Dezember 1870 zu Edingen bei Heidelberg gebuer, dëst nëmmen puer Wochen ier dat Däitscht Keeserräich ausgeruff gouf. 

Den 2. Januar 1904 hat hien d’Marguerite de Stuers (1878-1930) bestuet an si haten 3 Kanner: Maria Theresia (1904-1920), Charles (1906-1998) an Elisabeth (1917-2017).

Owuel den Alfred von Oberndorff eleng schon eng remarkabel Perséinlechkeet ass, ginn et där nach zwou an senger Famill. Déi éischt ass den Claus Schenk Graf von Stauffenberg, deen de Jong vum Oberndorff sengem Cousin war. Déi zweet Perséinlechkeet ass den John Jacob Astor IV., deen de Cousin vum Oberndorff senger Schwéiermamm war.

Claus von Stauffenberg. © Wikipedia
Claus von Stauffenberg. © Wikipedia

Den Claus Schenk Graf von Stauffenberg (1907-1944) war een däitschen Militär an ass bekannt als Member vum militäresche Widdestand. No senger Genesung vun engem Fliigerugrëff an Afrika, hat hien den Operatiounsplang Walküre mat ausgeschafft. Den 20. Juli 1944 hat hien een Uschlag op den Adolf Hitler am Führerhauptquartier "Wolfsschanze" ausgefouert. Nodeems dësen awer Mëssgléckt war, gouf hien mat aneren Verschwörer verhaft an wéinst Hoch- an Landesverrat erschoss.

 

John Jacob Astor IV. © New York Public Library
John Jacob Astor IV. © New York Public Library

Den John Jacob Astor IV (1864-1912) war een US-amerikanesche Geschäftsmann. 1897 hat hien den Hotel Astoria zu New York gebaut, deen spéider mam Hotel Waldorf zum renoméierten Hotel Waldorf-Astoria verbonne gouf. Hien war den 12. Abrëll als räichste Passagéier (an ee vun de räichste Männer op der Welt) u Bord vun der RMS Titanic gaang. Wéi d’Schëff den 14. Abrëll ënnergaangen ass, krut seng schwanger Fra eng Plaz an engem Rettungsboot, mee hien hat d’Ongléck net iwwerlierft.


Ausbildung

Wéi dat esou an adelege Famillien üblech war, gouf hien doheem privat ënnerriicht. 1888 huet hien Abitur am Königlichen Adeligen Julianum zu Würzburg gemaach an huet duerno Jura studéiert, wat säin Entréesticket fir seng spéider Karriär am Staatsdéngscht war an fir Kontakter ze knäppen an z’intensivéieren. Säi Studium hat hien 1892 mat enger Staatsprüfung zu Heidelberg ofgeschloss. Seng éischt Schrëtt am Beruffsliewen hat hien dunn um Amtsgericht gemaach, mee säi Wonsch war et, fir an den diplomateschen Déngscht ze goen.

Diplomatesch Karriär

Seng éischt Plaz krut hien am Konsulat zu Kairo. Duerno war hien ënnert anerem zu Sinaia (Rumänien),  Madrid, London, Bréissel a Wien. An dëser Zäit ass hien d’Leeder ropgeklomm an ass zu engem vun den wichtegsten an aflossräichsten Diplomaten an der Keeserzäit, souwéi an der onmëttelbarer Nokrichszäit, ginn. Zu Oslo krut hien 1912 seng éischt Plaz als Ambassadeur an ass 1916 op Sofia (Bulgarien) gewiesselt, wou hien bevollmächtigter Minister am bulgarischen Hof war. Hei krut hien och Besuch vum Keeser Wilhelm II., deen op der Duerchreess op Konstantinopel een Zwëschestopp beim Oberndorff zu Sofia gemaach hat. Hei huet hien de Keeser och beroden, wobäi seng Aschätzungen a Virschléi ounihin eng grouss Bedeitung fir de Krichsverlaf haten. Nom Zesummebroch vun der Balkanfront huet den Oberndorff Sofia den 11. Oktober 1918 verlooss an ass zréck op Berlin gaang. Dëst hat de Wee fir den Héichpunkt vun senger Karriär fräigemaach.

 

Zu der selwechter Zäit hat de Generol Erich Ludendorff (Stellvertrieder vum Generalfeldmarschall Paul von Hindenburg) d’Regierung opgefuertdert, fir ee Waffestëllstand an d’Weeër ze leeden. Domat wollt hien d’Responsabilitéit vun der Obersten Heeresleitung iwwer de Misär, dee si verursaacht haten, op d’Parlament ofginn. De 5. November hat de franséischen Generol Ferdinand Foch den Uerder ginn, fir déi Däitsch z’empfänken. De Matthias Erzberger (1875-1921) gouf vum Reichskanzler an Staatssekretären zum Leeder vun de Verhandlungen designéiert an sollt sech nach ee Vertrieder vum Auswärtigen Amt raussichen. Säin éischte Choix war op den Ulrich Graf Brockdorff-Ranntzau (1869-1928) gefall, mee deen hat awer keng Zäit. Doropshin huet hien sech den Alfred von Oberndorff rausgesicht, deen sech duerch seng erfollegräich diplomatesch Aarbecht an Norwegen an Bulgarien aus dem Gros vun den Diplomaten erausgehuewen huet. Hien war awer och durch seng Art fir dës Aufgab predestinéiert an wichteg war och, dat hien direkt zur Verfügung stoung.

Den Alfred von Oberndorff ass deen zweeten vun lénks mam Hutt an der Hand. © Wikipedia
Den Alfred von Oberndorff ass deen zweeten vun lénks mam Hutt an der Hand. © Wikipedia

De 6. November hat de Reichskanzler Max von Baden dem Staatssekretär Erzberger, Alfred von Oberndorff (als bevöllmächtegte Minister), Generalmajor Detlef von Winterfeldt, Kapitän Vanselow an General Erich von Gundell d’Vollmuecht fir d’Verhandlungen ginn. De selwechten Dag ass nach een Sonderzug mam Erzberger an Oberndorff op Spa an den Hauptquartier vun der Obersten Heeresleitung opgebrach. Wéi si den 7. November moies um 8 Auer ukoumen, hunn si sech mat den diplomateschen an militäreschen Leeder vum Räich getraff, fir d’Waffenstillstandskommission personell ze besetzen. Op Grond dat den Erzberger keng grouss Delegatioun wollt hunn, ass et be deene véier Bevollmächtegte bliwwen, den Oberndorff sollt d’Aussenamt vertrieden. Um 12 Auer sinn déi 4 Kommissiounsmemberen mat Autoen a Richtung Front gefuer, den Oberndorff ass beim Erzberger matgefuer. Kaum ware si zu Spa fortgefuer, war hir Rees scho bal um Enn. Een aneren Auto ass hinnen dra gerannt, mee well den Erzberger an den Oberndorff net blesséiert waren, konnten si een aneren Auto huelen a weiderfueren. Um 21.10 Auer hate si d’Frontlinn bei Trelon erreecht. Hei hunn si den Zaldoten matdeelen, dat de Krich gläich riwwer wier, mee si konnten sech dat awer net virstellen. Am Schutz vun der Wafferou bis Mëtternuecht goufen d’Kommissiounsmemberen héiflech op der franséischer Säit zu La Chapelle empfaangen. Do krut all Member een eegenen franséischen Auto mat engem Begleetoffizéier, fir op d’Gare zu Tergnier ze fueren. Um 4 Auer moies um 8. November do ukomm, sinn si an een Zuch ëmgeklomm. Deen Ament war deenen véier Däitschen d’Zil nach net bekannt. Um 7 Auer ware si dunn schlussendlech am Bësch zu Compiègne ukomm, hei hunn déi Alliéiert schon an engem Salonswaggon vun engem aneren Zuch op si gewaart. Um 9 Auer hat dunn eng éischt Reunioun ugefaang.

 

De Ferdinand Foch hat déi däitsch Delegatioun nom Objet vun hirer Visite gefrot, wourop den Erzberger geäntwert hat, dat si déi Alliéiert no Propose géife froen. Nodeems de Foch kloergestallt hat, dat si keng ze maachen hätten, hat den Oberndorff gefrot wéi sech déi Däitsch ausdrécke sollen. De Foch huet awer kee Wäert op de Wuertlaut geluecht an kéint nëmme soen dat si no de Konditiounen gefrot hätten an där hätt de Foch awer keng ze maachen. Op Grond vun enger Note vum US-Präsident Wilson sollten déi däisch Delegéiert d’Konditiounen nëmmen matgedeelt kréien, wann si no engem Waffestëllstand géife froen. Dorop hunn den Erzberger an Oberndorff deklaréiert dat si ee Waffestëllstand wéilten an kruten dorop d’Konditiounen matgedeelt. Déi Alliéiert haten haart Bedéngungen gefuerdert, mee den Oberndorff konnt awer erreechen, dat verschidden Detailer ofgeännert goufen. Déi däitsch Delegatioun stoung och virum Problem, dat si wäit weg vun Berlin waren an si esou näischt vun der Entwécklung an der Haaptstad matkritt hunn. Mee déi nei Regierung hat matgedeelt, dat déi véier Delegéiert ënner allen Ëmmstänn ënnerschreiwe sollen. Zu Compiègne gouf dunn den 11. November moies um 5 Auer de Waffestëllstand ënnerschriwwen, woumat d’Kirchshandlungen fir 11 Auer agestallt goufen.

Éicht Säit vun der Konventioun, wou den Oberndorff op der zweeter Plaz bei der däitscher Delegatioun steet. © Politisches Archiv Auswärtiges Amt
Éicht Säit vun der Konventioun, wou den Oberndorff op der zweeter Plaz bei der däitscher Delegatioun steet. © Politisches Archiv Auswärtiges Amt
Lescht Säit vun der Konventioun mam Oberndorff senger Ënnerschrëft. © Politisches Archiv Auswärtiges Amt
Lescht Säit vun der Konventioun mam Oberndorff senger Ënnerschrëft. © Politisches Archiv Auswärtiges Amt

Duerno sinn den Erzberger an Oberndorff Member vun der Waffenstillstandskommission zu Spa bliwwen an waren zoustänneg fir Waffestëllstandsfroen, sou dat si d’Schnëttstell tëscht der Regierung, den Ämter an der Press waren. Des Weideren hunn si als Verhandlungsplaz mat den Alliéierten fungéiert. Doduerch dat Däitschland bei de Friddensverhandlungen ausgeschloss war, ass den Oberndorff an d’Schwäiz gereest, fir matzekréien, firwat et mam Fridden net viru goe géif. D’Fro vun der Krichsschold vun Däitschland war ee wichtege Punkt beim Friddensaccord.

Dem Alfred von Oberndorff stoung als Vertrieder vum Auswäertigen Amt d’Politescht Archiv zur Verfügung, fir Stellung ze bezéien. No enger Auswäertung ass hien zum Schluss komm, dat Däitschland net eleng schëlleg fir de Krich wier, mee hien hat awer dervun ofgeroden, fir seng Expertise ze verëffentlechen.

Ufank Oktober 1919 ass hien op Berlin gaang, wou d’Gesandtschaftsposten nei verdeelt goufen. Hien koum op Warschau (Polen), well hien do gebraucht gouf, fir tëscht Däitschland a Polen ze vermëttelen. 1921 hat hien sech d’Fréipensioun ugefrot, well hien duerch den Doud vun sengem eelste Meedchen an sengem Schwéierpapp an enger schwéirer familiärer Situatioun war.

Hein war ee Matbegrënner vum Comité franco-allemand d’Information et de Documentation, deen den 30. Mee 1926 am Gebai vun der ARBED an der Stadt gegrënnt gouf. D’Zil vun dësem Comité war d‘Verstännegung tëscht Däitschland a Frankräich, Informatiounsaustausch an fir déi däitsch a franséisch wirtschaftlechen, kulturell an administrativ Eliten méi no ze bréngen. Béid Staaten sollten esou méi no zesummebruecht an Viruerteeler sollten ofgebaut ginn.

Wéi et Unzeeche gouf, dat Nationalsozialisten d’Muecht ergräife sollten, war den Oberndorff op der Flucht virun politescher Verfollegung, well hien wéi den Erzberger zum Novemberverbrechen gehéiert huet. Den Adolf Hitler selwer hat ugekënnegt, dat mam Muechtuntrëtt Käpp rulle géifen, also och dem Oberndorff säin. Hien konnt deem awer entgoen, woumat hien méi Chance hat wéi den Erzberger, deen engem Attentat zum Affer gefall war. 1931 ass den Oberndorff op Uroden vum deemoolegen Reichskanzler Franz von Papen (1879-1969) op Wallerfangen gaang. De Kanzler war och am uewen genannte Comité an hat och zu Wallerfangen gewunnt. Wéi d’Saarland un Nazi-Däitschland sollt ugegliddert ginn, hat den Oberndorff decidéiert fir säi Wunnsëtz rëm ze wiesselen an ass op Méischtrëff geplënnert.

Seng Zäit zu Méischtrëff

Hien hat dem Gustav von Puttkamer (dem Bettenduerfer Schlasshär) d’Méischtrëffer Schlass esou 1934 fir 360 Dausend Frang ofkaft an huet hei mat sengem jéngste Meedchen Elisabeth an senger Schwëster Marie gewunnt.

Déi dräi haten sech an dat gesellschaftlecht Liewen agefügt an sech schnell integréiert. Dës Integratioun schéngt och an der gesellschaftlecher Elite geschitt ze sinn, well 1936 war hien ee Grënnungsmember vum Golf Club Grand-Ducal de Luxembourg asbl. Nierft him waren d’Grande-Duchesse Charlotte, de Prënz Felix, de Staatsminister Joseph Bech oder nach den Direkter vun der Banque Internationale à Luxembourg Max Lambert Grënnungsmemberen. De Club gouf den 18. Abrëll 1936 gegrënnt an hat säi Siège zu Nidderanven.

Château Moestroff, Schloss Moestroff
Méischtrëff mam Schlass ëm 1914, © Tom Poecker

D’Elisabeth schéngt och um Sport interesséiert gewiecht ze sinn, awer um Motor-Sport. Den 18. Abrëll 1938 hat hatt um Rallye Gastronomique vum NACL deelgeholl an hat mat sengem Fiat déi drëtt Plaz an der Grupp A beluecht. Beim NACL handelt et sech ëm den Nouvel Automobile Club du Grand-Duché de Luxembourg, deen 1932 gegrënnt gouf. 1939 ass am Februar am Luxemburger Wort eng Annonce ze fannen, wou hatt ee Fiat 500 zum Verkaf ugebueden hat, also wahrscheinlech deen Auto, mat deem hatt de Rallye gefuer ass.

D’Famill Oberndorff schéngt awer och ganz generéis gewiecht ze sinn. Vun 1936 bis 1939 hat den Alfred von Oberndorff all Joer een Don iwwer 50 Frang fir Vollekskichen vun der Caritas gemaach. 1936 an 1937 war och seng Schwëster Marie ënnert den Donateuren. 

Luxembourg Quotidien du Matin 18.4.1938. © Nationalbibliothéik
Luxembourg Quotidien du Matin 18.4.1938. © Nationalbibliothéik
Annonce Luxemburger Wort 15.2.1939. © Nationalbibliothéik
Annonce Luxemburger Wort 15.2.1939. © Nationalbibliothéik

Um Owend vum 9. Mee 1940, waren den Alfred an d’Elisabeth von Oberndorff zesummen mam Bettenduerfer Schlasshär Gustav von Puttkamer, senger Fra Marie an circa 15 weideren Gäscht aus bal all lëtzebuerger Adelsfamill um Grondhaff am Schlass, fir dem Baron de Schorlemer säin 60. Gebuertsdag ze feieren. Hei goufen d’Invitéeën wahrscheinlech iwwer den Amarsch vun den däitschen Truppen informéiert, woufir och dem Oberndorff säi komescht Verhalen um Heemwee schwätzt. Him gouf spéider virgeheit, d’lëtzbuerger Zaldoten zu Méischtrëff net gewarnt ze hunn, mee hien konnt näischt riskéieren an dat hätt déi Däitsch un näischt gehënnert.

Während dem Krich konnt hien awer säin Afloss notzen fir d’Lëtzebuerger an déi Oppositionell z’ënnerstëtzen. Obwuel d’Elisabeth keng politesch Roll hat, koum hatt an een Arbeitslager, eng Kugellagerfabrik, well hatt sech geweigert hat, fir an d’NSDAP anzetrieden. No engem Nervenzesummebroch sollt hatt op Ettelbréck an eng Lopefabrék kommen, mee den Dokter Joseph Sinner vun Dikrech konnt dëst verhënneren. Doropshin gouf hatt dem Sinner säi Chauffeur an seng Assistentin. D’Elisabeth war eng Ënnerstëtzerin vun de Widderstandsgruppen, andeems hatt Verfollegter verstoppt an hinnen gehollef, souwéi Geld gespend an aner Hëllefen geleescht hat. Dës war net ongeféierlech, well dorop d’Doudesstrof stoung. Allgemeng wollt hatt och net mat den däitschen Behörden zesummeschaffen oder dës ënnerstëtzen. Et ass unzehuelen, dat hatt bei sengem Widderstand vun sengem Papp ënnerstëtzt gouf. Am Krichswanter 1944/45 sinn vill Awunner vu Méischtrëff virun de Granaten an de Keller vum Schlass geflücht. D’Schlass selwer gouf vun 34 Mol getraff an schwéier beschiedegt. No der Ardennenoffensiv haten si ënner beschwéierlechen Ëmstänn am Schlass gelieft. Do derbei hat de lëtzebuerger Staat d’Schlass nom Enn vum Krich konfiszéiert. Den Alfred von Oberndorff konnt d’Schlass awer rëm zréckkafen. Am August 1955 hat hien d’Schlass dem J. Zettinger verkaf an ass am Januar 1956 op Heidelberg gaang. Do ass hien den 16. Mäerz 1963 am Alter vun 92 gestuerwen an gouf am Familliegraf um Kierfent zu Neckarhausen bäigesat.

Château Moestroff, Schloss Moestroff
D'Schlass ëm 1965. © Tom Poecker

D’Schlass war awer net dat eenzegt wat si wéinst hirer däitscher Nationalitéit konfiszéiert kruten. D’Amerikaner haten hinnen iwwer den Office of Alien Property Custodian ee Verméigen vun 185 Dausend Dollar (ëmgerechent circa 2,5 Milliounen Euro) weggeholl. D’Elisabeth hat jorelaang probéiert fir dëst rëmzekréien. Ab 1948 hat hatt eng Kampagne preparéiert an ass 1950 an Amerika ausgewandert. Do huet hatt an engem ausféierleche Plädoyer erklërt dat hatt kee Feind vun den Amerikaner wier, mee dat hatt sech der däitscher Besetzung widdersat hat. Zum Beispill hat hatt dem Leeder vun der Lëtzebuerger Widderständler 1000 Frang ginn an hat 1944 den Jean Roeder am Schlass verstoppt, deen vun der SS gesicht gouf. A senger Kampagne gouf hatt och vum Premier Pierre Dupong (1885-1953) an Justizminister Eugène Schaus (1901-1978) ënnerstëtzt, déi dem Elisabeth säin Widderstand attestéiert haten. Dat ganzt ass souguer bis bei den US-Präsident Lyndon B. Johnson (1908-1973) gaang, deen awer 1966 ee Veto ageluecht an dem Elisabeth säin Uleies domat ofgeleent hat. 2017 ass d’Elisabeth am Alter vun 100 Joer gestuerwen.

Veto vum President Johnson. © Senat vun den USA
Veto vum President Johnson. © Senat vun den USA

Dësen Artikel gouf den 14.12.2023 verëffentlecht, aktualiséiert den 29.12.2023.


Quellen

  • Dirk Hecht, Diplomatie Krieg und Waffenstillstand, Das Leben des Diplomaten Alfred Graf von Oberndorff, in: Wilhelm Kreutz, Markus Raasch, Karsten Ruppert (Hrsg), Jahrbuch der Hambach Gesellschaft, Band 26, Stuttgart 2019, S.175-191.
  • Maréchal Foch, Oeuvres complètes, Tome III, Mémoires pour servir à l’histoire de la guerre de 1914-1918, Paris 2008, S.440-458.
  • Guy Reuland, Méischtrëff 2000, in: Administration Communale de Bettendorf (Hrsg.), Bettendorf Gilsdorf Moestroff 2000, Luxemburg 2000, S.285.
  • Mémorial No 35 27.4.1936.
  • Luxembourg Quotidien du Matin 18.4.1938, S.3.
  • Luxemburger Wort 15.02.1939, S.12
  • Escher Tageblatt, 29.12.1936, S.4.
  • Escher Tageblatt 29.12.1937, S.4.
  • Luxemburger Wort, 30.12.1938, S.5.
  • Escher Tageblatt 02.01.1940, S.8.
  • Luxemburger Wort 31.12.1952, S. 19.
  • https://www.bundesarchiv.de/aktenreichskanzlei/1919-1933/1000/adr/adrmr/kap1_3/para2_3.html, eingesehen 13.12.2023.
  • https://svq-diekirch.lu/chatelain-exile/, eingesehen 13.12.2023.
  • https://en.wikipedia.org/wiki/Alfred_von_Oberndorff, eingesehen 13.12.2023.
  • https://www.dhm.de/lemo/biografie/claus-schenk-graf-von-stauffenberg.html, eingesehen 13.12.2023
  • https://www.biography.com/business-leaders/john-jacob-astor-iv, 13.12.2023, eingesehen 13.12.2023.
  • https://www.biography.com/history-culture/famous-titanic-passengers-surviviors-victims, eingesehen 13.12.2023.
  • https://www.historyhit.com/titanics-richest-passenger-john-jacob-astor-iv/, eingesehen 13.12.2023.
  • https://archiv.diplo.de/arc-de/das-politische-archiv/das-besondere-dokument/-/2148332, eingesehen 13.12.2023.
  • https://www.land.lu/page/article/792/338792/FRE/index.html, eingesehen 13.12.2023.
  • https://www.industrie.lu/ChateauMoestroff.html, eingesehen 13.12.2023.
  • https://www.industrie.lu/ChateauMoestroff.html, eingesehen 13.12.2023.
  • https://www.land.lu/page/article/809/335809/FRE/index.html, eingesehen 13.12.2023.
  • https://bnl.public.lu/fr/a-la-une/a-la-loupe/2022/motorengeheul-am-findel.html, eingesehen 13.12.2023
  • https://www.bundesarchiv.de/aktenreichskanzlei/1919-1933/1000/adr/adrmr/kap1_3/para2_3.html, eingesehen 13.12.2023.

Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee Message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.