1872 huet de Michel Rodange (1827-1876) de Renert oder De Fuuss am Frack an a Maansgréisst a lëtzebuerger Sprooch verëffentlecht. Säi Wierk ass eng op Lëtzebuerg iwwerdrote Version vum Goethe sengem Reinecke Fuchs.
D‘Geschicht ass eng politesch a satiresch Fabel, an där de Rodange d‘Déierewelt benotzt fir déi deemooleg Problemer vu Lëtzebuerg duerzestellen. D‘Wierk ass nämlech géint déi déck a korrupt Häre geriicht, déi fir d‘Kris vun der nationaler Existenz verantwortlech waren, esou dat hien op 254 Säiten a 14 Gesäng de Geck mat der Bourgeoisie, den Deputéierten an dem Kinnek mécht. De Renert soll esou weisen, wéi d‘lëtzebuerger Vollék vun der Uewerschicht ugeschmiert an ausgenotzt gouf.
1932 gouf ee Monument mat engem Sprangbuer fir de Michel Rodange a säi Renert um Knuedler nierft der Stater Gemeng gebaut.
De Stee vum Fiisschen op der Spëtzt staamt aus der Kanalskaul zu Bettenduerf. Dës befënnt sech op der Nord-Säit vum Duerf um Fouerbierg an do gouf ab der Jorhonnertwenn eng Steekaul bedriwwen.
De Steen gouf do gebrach, gouf vum Här Reding aus der Gildrefer Kléck op d‘Gare zu Bettenduerf gefouert an ass vu do mam Zuch an d‘Stat transportéiert ginn.
An der Stat hunn d‘Kënschtler François Demuth an Ernest Grosber de de Fiisschen an de Stee gemeesselt.
Am November 1979 gouf de Fiissche geklaut a gouf esou staark beschiedegt, dat en 1981 duerch eng originalgetrei Kopie ersat huet musse ginn. D‘Original, hei op der Foto, ass duerno aus Sécherheetsgrënn an de Lëtzebuerg City Museum gaangen, wou e bis haut an der Dauerausstellung ze gesinn ass.
Dësen Artikel gouf den 02.08.2025 verëffentlecht.