Op dëser Postkaart gesäit een eng Vue op Méischtrëff, déi warscheinlech vun der haiteger Strooss vum Hierzenhaff op Méischtrëff geholl gouf. Am Zentrum gesäit een d'Schlass an d'Kierch. Wann een sech d'Kierch genau ukuckt, dann gesäit een dat dës nach net déi haiteg Kierch ass, well déi gouf réischt 1935 gebaut. Do dernierft feelt och nach déi haiteg Millen, déi réischt 1947 gebaut gouf.
Wann ee sech d'Récksäit ukuckt, dann stellt een schnell fest, dat den Text schwéier ze liesen ass, well en ass nämlech an der sougenannter Kurrentschrëft geschriwwen, déi vum 19. bis ufanks vum 20. Jorhonnert déi gängeg Schreifschrëft war.
Dofir hei ee Versuch vun enger Transkriptioun vum Text:
Belay, den 25. Okt. 1914
Lieber Kamerad!
hierdurch zur Mitteilung dass ich die Karte am 23. Okt. erhalten habe wofür ich bestens danke und mich darüber sehr gefreut. Ich kann mich bis heute Gott sei dank der besten Gesundheit erfreuen, was ich von euch alle hoffe u....
E Grüße A. Benk
Feldpostkarte
Absender A Benk
Magazin F....k
Köllner 4. 8. Reservekorps
16. Div.
Herrn Eugen Ziegs
in M....fts
Gustav G...f 27. K 4I Etage
Bz d...n König K...
D'Postkaart gouf also de 25. Oktober 1914 vum A. Benk geschriwwen, deen am Éischte Weltrkich (1914-1918) Zaldot an der 16. Divisioun vum 8. Reservekorps vun der däitscher Arméi war. Bei him kann et sech eventuell ëm den Anton Benk (†11.10.1918) aus Haubach (Würrtemberg) handelen. Déi 16. Divisioun hat vum 13. September bis 19. Dezember a Stellungskämpf an der Champagne gekämpft. Ab dem 10. Oktober war dës bei der 3. Arméi am Asaz, wou d'Postkaart dann och geschriwwe gouf. Bei der Uertschaft Belay wäert et sech ëm d'Duerf Tulloy-et-Bellay handelen, dat 58 Kilometer ëstlech vun Verdun läit. Dëst Duerf läit 4 Kilometer nördlech vun Poix, wou déi 16. Divisioun den 12. September an engem "Nachtgefecht" war, dat an der Schluecht un der Marne (6. bis 12. September) stattfonnt huet.
Fir ze wëssen wat dës Kämpf a Frankräich mat Méischtrëff ze dinn hunn, muss een nach bëssen an der Zäit zréck goen. Den 2. August 1914 hat am Kader vum "Schlieffenplan", fir Frankräich unzegräifen, d'Mobiliséierung vun den däitschen Truppen ugefaang. Op dësem Dag sinn owes déi éischt Eenheeten vum 8. Reservekorps vun Koblenz zu Lëtzebuerg ukomm, fir d'Zuchlinnen an d'Brécken ze besetzen. Vum 7. August un huet den Transport vun den Arméien ("Korps" an "Reservekorps") stattfonnt.
Bei dëser Mobiliséierung huet den 8. Reservekorps zu der 4. Arméi gehéiert an stoung ënnert dem Oberbefehlshaber Generaloberst Herzog Albrecht von Württemberg. Wéinst dem Herzog vun Württemberg kënnt den Anton Benk als Verfaasser vun der Postkaart a Fro. Den 8. Reservekorps war ee "rheinischer Verband" an huet aus der 15. an 16. Reservedivisioun bestan. Déi 4. Arméi war een Deel vum däischen Westheer an sollt de Schlieffenplan mat ausféieren, woufir dës duerch Lëtzebuerg gaangen ass. Heibäi war den A. Benk also zu Lëtzebuerg, wou dësen un d'Postkaart komm ass, déi hien esou mat a Frankräich matgeholl hat. Et kann ganz gutt sinn dat hien entweder zu Méischtrëff selwer, oder zumindest an der Géigend war.
Dësen Artikel gouf den 01.12.2023 verëffentlecht.