An der Sammlung vum Musée National d’Archéologie d’Histoire et d‘Art (MNAHA) befënnt sech ënnert der Inventairenummer 2024-012/001 een Teller mat enger Molerei vu Gilsdref. Den Teller gouf tëscht 1874 an 1886 vum Hiersteller Zens frères vun Iechternach produzéiert. D‘Manufacture Royale Grand-ducale de peinture céramique Zens Frères gouf 1874 zu Iechternach gegrënnt an huet bis 1886 Keramik zu Iechternach bemolt, iert d’Firma an d’Stad geplënnert ass, wou si bis 1908 produzéiert huet. Den Teller mam Gilsdrefer Motiv huet een Duerchmeesser vun 23,8 Zentimenter an ass 2,5 Zentimeter héich.
Am Inventaire gëtt den Teller folgendermoosse beschriwwen:
Teller mit Laubsägearbeit am Rand ; Royalblaue Farbgebung mit goldenen Dekorationen im Relief ; Auf dem Spiegel, handgemalte polychrome Darstellung von Gilsdorf ; Im Vordergrund, führt ein gepflasterter Weg aus einem umschlossenen Garten hinaus ; Ein Fluss schlängelt sich hin bis zum Dorf, in welchem der Kirchturm über den Dächern der Stadt herausragt ; Im Hintergrund, eine Hügellandschaft unter blauem Himmel ; Titel sowie Herstellermarke sind handgemalt und befinden sich auf der Rückseite.
Am Online-Inventaire vum Musée fënnt een insgesamt 127 Objeten vun der Manufaktur Zens. Op 97 dervun befanne sech Planzen- oder Déieremotiver, op 7 abstrakt Muster an op 23 Stéck sinn Usiichte vun Uertschaften, Schlässer a Buergen ofgebild. Nierft der Stad (5) an Iechternach (3) sinn 10 Buergen a Schlässer ofgebild, déi mat zwou Ausnamen just am Norde vum Land leien. Den Teller vu Gilsdref schéngt awer ee besonnegt Stéck ze sinn well dësen dat ganzt Duerf weist an en als eenzegen esou een opwännegen Décor um Bord huet.
Den Teller léisst vill oppe Froen op, zum Besipill ob et een Eenzelstéck ass oder op et méi Exemplaire goufen a wien den Teller an Optrag ginn huet. Leider wäert et eng Saach vun der Onméiglechkeet sinn fir do eng Äntwert ze fannen.
Dësen Artikel gouf den 07.03.2025 verëffentlecht.