Op den 1. Januar ware folgend Paschtéier an der Gemeng: P. Gehlhausen zu Bettenduerf, H. Dupong zu Gilsdref an N. Hoffmann zu Méischtrëff.
Um Neijoersempfang beim Bëschof gouf ee Réckbléck op d’Joer 1954 gemaach, wou och ernimmt gouf, dat d’Kannerheem zu Bettenduerf zum Deel nei ageriicht gouf.
Den 8. Januar war eng Annonce am Luxemburger Wort dat d‘Boulangerie-Pâtisserie Hermes zu Gilsdref ee Bäckergesell oder Léierbouf sicht. An enger weiderer Annonce huet d’Bettenduerfer Millen no engem fäege „chauffeur-mécanicien“ gesicht.
Sonndes de 16. Januar hu sech déi bescht Turner vun de sechs Nordveräiner vu Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Nidderwolz, Ëlwen a Wolz am Festsall vun der Stater Gemeng fir ee “Propagandaturnen” getraff. Dee selwechten Dag war d’Generalversammlung vun der chrëschtlecher Gewerkschaft zu Gilsdref am Veräinssall.
Den 22. Januar huet de lëtzebuerger Kënschtler Roger Gerson an enger Annonce bekannt ginn dat hien eng temporär Adress am Hôtel Vallée de la Sûre zu Bettenduerf huet an ënnert der Telefonsnummer 36 16 z’erreechen ass.
De 26. Januar war am Luxemburger Wort ze liesen, dat 24 Persounen fir d‘Héichwaassergeschiedegter vun der Musel un d‘Caritas gespent hunn. Dorënner war och den N. W. vu Gilsdref, deen 150 Frang gespent huet.
Den 29. Januar hunn d’Gebridder Welter vu Gilsdref ee Schräinergesell gesicht.
Sonndes den 30. Januar hunn d‘Theaterfrënn vu Bettenduerf ee groussen Theaterowend am Sall vum Hôtel du Commerce „beim Fred“ zu Bettenduerf organiséiert. Gespillt hu si d‘Stéck „Dohém net wuel, ne’ere wuel“ a 4 Akten vum Victor Neuens. No der Vesper war d’Kannervirstellung an d’Owesvirstellung um 20 Auer. Den Entrée huet fir Kanner 5 Frang a fir Erwuessener 15 kascht.
Dësen Artikel gouf den 22.02.2025 verëffentlecht.