N°27 - Foto Gilsdrefer Bréck 1936

Beaarbecht Foto. Collection Tom Poecker
Beaarbecht Foto. Collection Tom Poecker

Op dëser Foto gesäit een d’Gilsdrefer Bréck am August 1936. D‘Foto gouf an der Kléck um Ufer vun der Sauer opgeholl an d’Kamera kuckt vu Westen an den Osten, also Richtung Bleesbréck. Op der lénker Säit si véier Persounen z’erkennen, zwee Erwuessener an zwee Kanner. Bei hinne kann et sech ëm Bewunner vun der Kléck oder och ëm Touristen handelen. Hannert hinne gesäit een dräi Masten mat enger Stroum- oder Telefonsleitung, déi nierft der Bréck iwwer d’Sauer geet.

 

Ganz prominent zitt sech d’Bréck iwwer d’Mëtt vum Bild. Um zweete Bou vu lénks gesäit een eng Persoun, déi mam Velo iwwer d’Bréck fiert. D’Bréck gouf 1902 aus Gilsdrefer Sandstee gebaut an huet fënnef Béi, déi allkéiers 15 Meter iwwerspaanen. Op der Foto gesäit een och dat eisent Gelänner relativ gutt, dat 1903 vun der Géisserei Vanderaiken vun Dikrech geliwwert gouf. Iert d’Bréck gebaut gouf, konnten d’Leit mat enger Fär iwwer d’Sauer fueren, déi eng 150 Meter uewerhalb vun der Bréck gefuer ass. D’Bréck hat mat 42 Joer keng laang Liewensdauer well si am Dezember 1944 vun der amerikanescher an der däitscher Arméi gesprengt gouf. 1953 ass déi nei Bréck fäerdeg ginn, déi haut nach do steet.

 

Déi ganz Geschicht vun der Gilsdrefer Bréck gëtt eng Kéier an engem separaten Artikel behandelt.

Foto am Originalzoustand. Collection Tom Poecker
Foto am Originalzoustand. Collection Tom Poecker

D'Foto gouf am Bildbeaarbechtungsprogramm Photoshop beaarbecht an opbereet.

Download
N°27 - Foto Gilsdrefer Bréck 1936.pdf
Adobe Acrobat Dokument 78.6 KB

Dësen Artikel gouf de 16.02.2025 verëffentlecht.


Quellen

  • Jean Haan, Gilsdorf. Die Geschichte eines alten Sauerdorfes, Gilsdorf 1983, S.145-148. 

Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.