N°26 - Virun 100 Joer: Januar 1925

Luxemburger Wort 21.1.1925. Source: eluxemburgensia.lu
Luxemburger Wort 21.1.1925. Source: eluxemburgensia.lu

Den 2. Januar ass am Luxemburger Wort bekannt gemaach ginn, dat den Nicolas Mossong, Bauer zu Méischtrëff, an de Philippe Schaack, Bauer zu Gilsdref, duerch d’arrêtés grand-ducaux vum 27. an 30. Dezember 1924 zu de Schäffen vun der Gemeng Bettenduerf ernannt goufen.

 

Den 3. Januar ass an der Obermosel-Zeitung bekannt gemaach ginn dat de J.P. Müller, Proprietär zu Bettenduerf, als Buergermeeschter vun der Gemeng Bettenduerf ernannt gouf.

 

Den 10. Januar sinn am Mémorial d’Nimm vun de Vertrieder vun den Employeueren an Employéë vun der Land- und Forstwirtschaftliche Unfallversicherung op de Schiedsgeriichter verëffentlecht ginn, déi vum 1. Januar 1925 bis den 31. Dezember 1927 ernannt waren, fir als Schiedsriichter am respektive Geriichtsbezierk ze fungéieren. Am Kanton Dikrech goufen och dräi Awunner vun der Gemeng Bettenduerf ernannt. De Franz Mathes, Bauer zu Bettenduerf, gouf als effektive Member an de Nik Schommer als Ersatzmember vun den Employeuren an den Nik Lanners, Gardien zu Gilsdref, als Ersatzmember vun den Employéën ernannt.

 

Den 13. Januar huet d’Obermosel-Zeitung bekannt ginn, dat den Alphonse Mathey vu Steeën duerch Beschloss vum 30. Dezember 1924 vun der Körungskommission fir d’Joer 1925 ausgewielt gouf fir d’Mieren an de Gemengen Iersmdrëf, Bettenduerf, Medernach an Noumer op der Besomungsstatioun zu Steeën ze besomen. Ee Bauer aus der Gemeng Bettenduerf, dee seng Mier besome loosse wollt, huet samsdes, sonndes oder méindes op Steeën op d’Hengschtstatioun musse goen, wou dem Mathey säin Hengscht d’Mier gedeckt huet.

 

Am Mémorial vum 19. Januar ass am Extrait vun den Entreprisen bekannt ginn dat Michel Leyder-Baumann zënter dem 8. Dezember 1924 zu Gilsdref ee Café-Restaurant bedreift, Aubergiste ass, souwéi eng Aktivitéit als “marchand des bestiaux, de fruits et de tous produits agricoles” hat.

 

Den 20. Januar ass de Kéifer (dt. Küfer) Schmit, deen zu Dikrech beschäftegt war, op sengem Heemwee zu Gilsdref an der Donkelheet vun zwou Persounen iwwerfall a mësshandelt ginn. Hien huet d’Hëllef vun engem Dokter mussen an Usproch huelen.

Den 21. Januar huet de Woner Jean Goebel vu Bettenduerf eng Annonce an d’Zeitung gesat, dat hien ee Léierbouf oder ee Gesell sicht.

 

Den 29. Januar si Lëschten mat de Leit verëffentlecht ginn, déi 1925 d’Erlaabnis haten hire Beruff am Beräich vun der Medezin zu Lëtzebuerg auszeüben. Ënnert den Hiewannen war och d’Elise Wengler-Baatz vu Bettenduerf, dat den 19.7.1882 gebuer an de 24.9.1906 diploméiert gouf.

Obermosel-Zeitung 21.1.1925. Source: eluxemburgensia.lu
Obermosel-Zeitung 21.1.1925. Source: eluxemburgensia.lu
Download
N°26 - Virun 100 Joer. Januar 1925.pdf
Adobe Acrobat Dokument 103.1 KB

Dësen Artikel gouf de 15.02.2025 verëffentlecht.


Quellen

  • Luxemburger Wort, 2.1.1925, S.3.
  • Obermosel-Zeitung, 3.1.1925, S.1.
  • Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg, 10.1.1925, S.30-32.
  • Obermosel-Zeitung, 13.1.1925, S.2.
  • Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg, 19.1.1925, S.12.
  • Luxemburger Wort, 21.2.1925, S.2.
  • Obermosel-Zeitung, 21.1.1925, S.4.
  • Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg, 29.1.1925, S.13.

Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.