N°25 - Loftopnam Bettenduerf 14.01.1945

Loftopnam vum 14. Januar 1945. Source: U.S. National Archives and Records Administration, Spot Number D10659, Sortie US31-3966, Exposure RSV-2014. National Archives Identifier 354670070
Loftopnam vum 14. Januar 1945. Source: U.S. National Archives and Records Administration, Spot Number D10659, Sortie US31-3966, Exposure RSV-2014. National Archives Identifier 354670070

Dës Loftopnam aus dem Nationalarchiv vun den USA gouf de 14. Januar 1945 vun der us-amerikanescher Arméi zu Bettenduerf opgeholl. Och wann et keng genee Beschreiwung zu der Foto gëtt war si vläicht Deel vun der Preparatioun fir iwwert d’Sauer ze setzen an d’Duerf ze befreien.

 

An der Nuecht vum 9. op den 10. Januar 1945 huet eng staark arméiert Patrull vun der L Kompanie vum 10. Infanterie-Regiment de sougenannte „Bettendorf-Raid“ duerchgefouert. Dës Operatioun gouf lancéiert, fir eng kloer Iwwersiicht iwwer d’Kräfteverhältnisser vun den Däitschen un der Sauerfront ze kréien an däitsch Gefaangener ze kréien, fir dës ze verhéieren. Mat Schnéikostümer getarnt sinn d’Amerikaner westelch vu Bettenduerf mat engem Boot iwwer d’Sauer gaang. Ënnert den dräi däitsche Krichsgefaangener, déi d’Amerikaner no der Operatioun mat op déi aner Säit vun der Sauer konnten huelen, war een Ënneroffizéier, dee puer wichteg Pabeieren fir d’Amerikaner bei sech hat.

 

Véier Deeg méi spéit ass d’Loftopnam gemaach ginn, déi dat ganzt Duerf an een Deel vu Méischtrëff weist.

 

Nach eng Kéier véier Deeg méi spéit, den 18. Januar, hunn déi 4. a 5. US-Infanteriedivisioun ab 3 Auer moies den Ugrëff iwwert d’Sauer ugesat. Géint 08.25 Auer waren zwee Pelotonen vun der B-Kompanie, nodeems si no erhiefleche Schwieregkeeten d’Sauer iwwerquéiert hunn, bis un de Rand vum Duerf virgedrongen an hunn do déi Däitsch ugegraff. Den 19. Januar ass et den Amerikaner gelongen fir d’Duerf ze besetzen an an der Nuecht op den 20. Januarhuet sech de Feind aus dem Duerf zréckgezunn, esou dat um 07.45 Auer keen däitschen Zaldot méi zu Bettenduerf war.

Domat war Bettenduerf um 20. Januar 1945 befreit an d’Foto huet warscheinlech hiren Deel dozou bäigedro.

 

Demnechst ginn de “Bettendorf-Raid” an d’Befreiung an separaten Artikelen méi genee behandelt.

Ausschnëtt vum Hirtzenhaff.
Ausschnëtt vum Hirtzenhaff.
Download
N°26 - Bettenduerf Loftbild Januar 1945.
Adobe Acrobat Dokument 82.8 KB

Dësen Artikel gouf de 14.02.2025 verëffentlecht.


Quellen

  • U.S. National Archives and Records Administration, https://catalog.archives.gov/id/354670070.
  • Roland Gaul, Schicksale zwischen Sauer und Our. Soldaten und Privatpersonen erzählen, Band 2, Diekirch 1987, S.314-319 u. S.360-364.
  • Aloyse Meyers, Bettendorf im Zweiten Weltkrieg, in: Pompiers Fanfare Bettendorf (Hrsg.), Bettendorf 1980. Geschichte einer Kulturlandschaft, Bettendorf 1980, S.210.

Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.