Iwwer d’Weideschbaachmillen ass nëmme ganz wéineg bekannt. Dem Emil Erpelding (1917-1999) no ass et unzehuelen, dat et eng kleng Millen op der Welleschbaach war. Den Numm Welleschbaach soll esou vill heesche wéi “wilder Bach”. Mee wou den Numm Weideschbaach hierkënnt ass souwäit net gewosst. Et ass vläicht den Numm vun enger vun den anere Baachen déi an d'Welleschbaach fléissen.
An engem Dokument iwwert ee Sträit tëscht dem Baron du Prel und dem Mëller Georg Fischer aus dem Joer 1738 steet, dat de Mëller a säi Jong d’Mille verloosse mussen “dans l’etat qu’il se trouve et n’emporteront que les deux pierres d’en hault et leur meuble, de mesme que tous les ustancils du petit moulin scitué sur la Weydersbach”. Spéidens zwee Joer méi spéit gouf et ee Sträit tëscht dem Georg Fischer an dem Jean-Adolphe von Stein. Esou kéint et eventuell sinn, dat de Fischer fir d’éischt Mëller vum du Prel an duerno vum von Stein senger Mille war.
Beim Baron du Prel handelt et sech warscheinlech ëm den deemoolege Schlasshär vun Ierpeldeng-Sauer. Eng méiglech Pist déi d’Verbindung mam du Prel hierstellt ass folgend: 1437 geet d’Ierpeldenger Herrschaft un déi zwou Famillen Brandenbourg-Outscheid an Moestroff-Kerpen. 1605 verkeeft de Junker Hans-Diederich von Rettenich, Här vum haitege Bettenduerfer Schlass, seng Undeeler vun der Ierpeldenger Herrschaft. 1677 geet d’Herrschaft vun Ierpeldeng un d’Famill de Failly de Sancy an 1691 un de franséische Lieutenant général Gérard du Prel de Chapois (1658-1733). Säi Jong, de Charles Antoine du Prel (1692-1762), war zum Zäitpunkt vum Sträit mam Mëller Georg Fischer Här zu Ierpeldeng an him huet wéi et schéngt déi Zäit d’Weideschbaachmille gehéiert. Entweder huet d’Weideschbaachmillen dem von Rettnich gehéiert an huet dës 1605 mat sengen Ierpeldenger Besëtzunge verkaf oder d'Millen huet dem Méischtrëffer Här gehéiert an ass no 1437 un d’Ierpeldenger Herrschaft iwwergaangen an duerno un den du Prel.
Mat dat eenzegt vun der Millen wat d’Zäit iwwerdauert huet, sinn déi zwee Flouernimm “im Weier” an “oben dem Weier” westlech vum Hirzenhaff. Dat deit drop hin, dat d’Millen och mat Hëllef vun engem Weier bedriwwe gouf, well verschidde Millen u klenge Baachen haten effektiv ee Weier. Esou ee Weier ass entstanen duerch de Bau vun engem Damm uewerhalb vun der Millen. Esou konnt eng grouss Pente erreecht ginn. Gläichzäiteg war de Weier ee Waasserreservoir, deen et dem Mëller erlaabt huet, fir d’Waasser wärend der Nuecht oder an Drëschenzäiten ze stauen, fir esou puer Stonnen muelen ze kënnen. D’Anlag vun engem Weier war eng opfalend Ännerung vun der Landschaft, och wann een haut net méi vill dervu gesäit. Nierft de Flouernimm fënnt een um Kataster Urplang, deen tëscht 1811 an 1831 entstanen ass, d’Indikatiounen “chemin rural dit Weyerweg” (deen nach besteet) an “in der Weyer groichd”. Beim Weierwee kéint et sech ëm ee Wee gehandelt hunn, deen net wéi haut an eng Senk rof a rëm rop geet, mee dee sech nierft oder op der Staumauer befonnt huet.
An deem Sënn kéint de Weier eventuell an deem roud markéierte Beräich op der Loftopnam geleeën hunn an hätt esou eng Fläch vu ronn 9.000 Quadratmeter gehat. De Weier soll dem Joseph Scholtes no och fir Fëschzuucht, Bewässerung an als Späicher fir Läschwaasser gedéngt hunn. Den Notzen vu Läschwaasser wërft awer op där Plaz Froen op, well do wäit a breet keen Haus stoung.
Et ass och näischt iwwerliwwert wou d’Mille genau stoung, esou dat een nëmmen Hypothesen opstelle kann. Fir mech ginn et dräi potenziell Plazen, déi a Fro kommen. Déi éischt befënnt sech ënnen op der Loftopnam. Hei kënnt d’Waasser aus dem Weier an d’Waasser vun der Welleschbaach beieneen an d’Welleschbaach verleeft virum roude Punkt iwwer ronn 55 Meter bal schnouerriicht. Eng zweet Méiglechkeet läit eng 80 Meter hannendrun, wou eng al stenge Bréck iwwer d’Baach geet an dës huet vläicht eppes mat der Millen ze dinn gehat. Als drëtte Standuert kënnt d’Wiss tëscht der Route d’Eppeldorf an de Weeër fir an d’Steekaul a Fro a schéngt och am warscheinlechsten. Op der Ferrariskaart ass nëmen eng Strooss an deem Eck verzeechent an zwar den deemoolege Wee op Folkendeng, deen uewen laanscht de Weier gaangen ass. Domat ass dës Plaz déi eenzeg vun den dräi, déi un engem Wee läit, deen et zur Zäit vun der Mille scho gouf, och wann et d’Millen 1778, wéi d’Ferrariskaart gezeechent gouf, net méi gouf. Zousätzlech fléisst kuerz virdrun eng weider Baach an d’Welleschbaach, déi aus der Steekaul kënnt, esou dat d’Millen sämtlecht Waasser notze konnt, dat vum Bierg erofkomm ass.
Dësen Artikel gouf den 30.12.2024 verëffentlecht.