Déi zweet Millen zu Bettenduerf stoung do, wou déi fréier Zettingermillen haut nach steet. Dës Millen huet zu der Grondherrschaft vun der Famill von Rettenich gehéiert, déi zënter dem 15. Jorhonnert zu Bettenduerf präsent war.
1451 gëtt fir d’éischte Kéier den Arnold von Rettenich, dee Mörlin oder Morlin genannt gouf, als Här zu Bettenduerf zitéiert. Sengem Jong Clais von Rettenich hunn ëm 1470 d’Hallschent vun de Lehensgidder zu Bettenduerf gehéiert. Ëm 1703 sinn d’Gidder vun der Famill von Mörel un de Pierre-Ernest d’Olimart gaangen. Zu sengem Lehen hunn ënnert anerem ee Schlass an 11 Bauerenhäff gehéiert, mee keng Millen. 1723 huet de Pierre-Ernest d’Olimart d’Marthe-Claire von Stein bestuet an nodeems hire Brudder Jean-Adolphe von Stein 1756 gestuerwen ass, ass déi ganz Herrschaft vu Bettenduerf an och d’Millen “zu 6 Maltern Weizen” vu von Stein an d’Hand vun der Famill d’Olimart gefall. Et ka sinn, dat den d’Olimart déi al Millen ofrappen an op der Plaz vun der haiteger eng nei Mille baue gelooss huet. Am Joer 1766 war de François Poncin Mëller, warscheinlech an der neier Millen. Deen eelsten Noweis fir dës Millen ass d’Ferrariskaart vun 1778, op där d’Millen ofgebild ass. Ëm 1800 soll den Napoleonszaldot Etienne Vinandy Mëller gewiecht sinn. 1824 huet d’Millen dem Charles d’Olimart a spéider senge Jongen Adolphe a Joseph d’Olimart. De Charles hat véier Jongen, vun deene kee bestued war, esou dat d’Herrschaft duerch d’Hochzäit vu sengem Meedechen Julie-Elisabeth mam Baron Georg Alwin von Puttkamer an d’Famill von Puttkamer iwwergaangen ass.
1883 gouf d’Millen ëffentlech verkaf. Aus der Annonce geet ervir, dat zu der Millen ee Wunnhaus, eng Scheier, Ställ, een Haff, ee Gaart an eng Wiss op deem 55 Ar 91 Centiar groussen Terrain gehéiert hunn. D’Mille leeft all Joreszäit durch staarke Waasserfall. Wien de Verkeefer war, verréit d’Annonce net, esou dat een net weess ob dëst d’Famill von Puttkamer war, oder ob si d’Mille scho méi fréi verkaf hat. De Verkaf sollt Méindes den 2. Juli beim Notaire Hess zu Dikrech stattfannen. Wéi et schéngt ware keng interesséiert Keefer do, fir d’Millen ze kafen, esou dat eng definitiv Stee fir den 2. August ugesat gouf. Fir weider Informatiounen sollte sech d’Intressenten un den Notaire oder un de Schoulmeeschter Thilmany riichten. Wien d’Mille kaf huet, ass souwäit net iwwerliwwert. Een Zeitungsartikel vum 6. Dezember 1895 bericht vun engem déidlechen Accident op der Friederes-Millen zu Bettenduerf den 4. Dezember. De 57 Joer alen Nikolaus Kayser vun Uewerglabech war op der Millen op Besuch an hat net opgepasst, wouduerch ee schwéieren Accident geschitt ass. Dëst dei drop hin dat d’Millen engem Friederes gehéiert huet.
D’Suite vun der Geschicht vun dëser Millen gitt Dir demnechst am 4. Deel gewuer.
Dësen Artikel gouf den 15.12.2024 verëffentlecht.