N°24 - Bettenduerfer Millen

Deel 1/4

D’Waassermillen zielt zu den techneschen Innovatiounen am Mëttelalter, oder besser gesot zu de mëttelalterleche Re-Decouverten. Si waren nämlech schon zënter dem éischte Jorhonnert viru Christus am tierkesch-anatolesche Raum bekannt an d‘Réimer hunn dës Technik vun do aus mat a Gallien an domat och an eis Géigend bruecht. An der spéider Antik (ca. 200-500 n. Chr.) ware se manner verbreet, iert dëst am Zäitalter vum Karel dem Groussen (Regierungszäit 768 bis 814) erëm verstäerkt de Fall war. Esou hat am Héichmëttelalter (1050-1250) zumindest an de waasserräiche Géigenden all Duerf eng Millen, an dat och fir Lëtzebuerg. Mat de Waassermillen konnten d’Kären am Verglach zu den Handmillen méi schnell an och an enger besserer Qualitéit gemuel ginn. De Bau an d’Exploitatioun vun enger Millen zielt zu den eelsten herrschaftleche Monopoler, dëst och well de Bau an den Entretien deier waren an esou nëmmen vum Grondhär bedriwwe konnte ginn. An deem Sënn hat ee Grondhär een Härenhaff, zu deem senger Grondausstattung eng Millen gehéiert huet. Den Här huet seng Millen un eng Privatpersoun, also un ee Mëller, verpacht, deen d’Miel vun de Baueren aus der Grondherrschaft gemuel huet. Duerch de Monopol konnt de Grondhär seng Baueren verflichten, fir hiert Miel just a senger Millen muelen ze loossen. 

 

Sou onbestreidbar den Notzen vun der Millen och war, hunn d’Awunner gären eng gewëssen Distanz zu der Millen an dem Mëller gehal, well dës net ganz geheier waren. Et goufe sech nämlech Geschichten a Soen erzielt, déi vun onheemleche Saachen an a ronderëm d’Mille berichten. Och dowéinst sinn d’Waassermillen oft elengstoend Gebaier, well keen do wunne wëll. Wann ee sech zum Beispill d’Ferrariskaart aus dem Joer 1778 ukuckt, da gesäit een, dat och zu Bettenduerf keen Haus an der Noperschaft vun der Mille stoung. De Mëller, deen ouni Fro ee vun de wichtegsten Handwierks-Spezialisten am Mëttelalter war, gouf zwar wéinst sengem Wëssen a senger Aarbecht geschat, mee den Awerglawen hällt vill Leit op Distanz. Esou steet de Mëller um Land ëmmer bëssen ausserhalb vun der Duerfgemeinschaft. 

 

Zu der Ausstattung vun der Millen hunn fir d’Fleeschversuergung Gänsen an Hénger gehéiert, déi fir dem Grondhär seng Kiche bestëmmt waren. Eng Millen konnt net ëmmer dat ganzt Joer bedriwwe ginn, well wann et am Hierscht net vill gereent huet, konnt de Pegel vum Floss esou wäit falen, dat d’Äis am Wanter d’Millerad blockéiert huet. Zënter dem fréie Mëttelalter hunn d’Millen duerch de Bau vu Wierer de Laf vun de Flëss verännert, wat duerchaus och zu Bettenduerf de Fall ass.

 

All Duerf hat op d’mannst eng Millen a wann een Duerf a méi Grondherrschaften ënnerdeelt war, konnten och méi Millen an engem Duerf stoen. Bettenduerf war am Mëttelalter och a méi Grondherrschaften ënnerdeelt, esou dat et am Duerf och méi Mille goufen. Wéivill a wéieng Grondhären zu wéiengem Zäitpunkt zu Bettenduerf waren, léisst sech nëmme schwéier rekonstruéieren, dëst och well eng Persoun je nodeem nëmmen een Deel vun enger Grondherrschaft hat. Mee esou wäit et aus de Quellen ervirgeet gouf et zu Bettenduerf dräi Millen. Ob et der méi ewéi dës dräi goufen ass souwäit net bekannt.

Häre von Bettendorf bis Häre von Stein

Déi éischt Millen huet dem Heinrich von Bettendorf gehéiert, dee säi Schlass am Krippel bei der Sauer stoen hat. Dës Millen gouf et mindestens zënter dem Joer 1330, well dës an deem Joer an enger Urkunde vum Jang de Blannen ernimmt gëtt, wou Bettenduerf mat senge Leit an der Millen aus der Marktvogtei Dikrech erausgeléist gëtt. Dat eenzegt wat d’Zäit vun dëser Millen iwwerdauert huet ass de Flouernumm “Auf Theiswehr”, dee fréier och als Dap- oder Dopswehr bezechent gouf. D’Millen soll do gestanen hunn wou d’Dam haut am Krippel ophällt an do soll och de sougeannte “Wehrhauser Hof” gestanen hunn, iwwert dee souwäit näischt weider bekannt ass.

 

Ongeféier um roude Punkt huet déi al Mille gestan. Source: Geoportail.lu
Ongeféier um roude Punkt huet déi al Mille gestan. Source: Geoportail.lu

 

De 15. Mäerz 1474 kritt de Bernardt von Schoenecken vum Herzog vu Lëtzebuerg bestätegt, dat hien onofhängeg vun der Dikrecher Justiz ass an dat säin Haus, Uewen an d’Mille fräi sinn. 1567 gëtt den Diederich Vogels als Mathär vu Bettenduerf ernimmt, deen d’Schleis vum Dopswier vum Junger Johann vu Bettenduerf fir 100 Gulden ofkeeft.

 

De 27. Abrëll 1716 léint de Jean-Everard von Stein 100 Reichsthaler zu 6,25% Zënsen vum Geschäftsmann Michel Hettingen vu Veianen an als Garantie déngt dem von Stein seng Millen zu Bettenduerf un der Sauer. Den 10. Oktober 1733 bestëmmen de Jean-Everard von Stein a seng Fra, dat hire Jong, de Jean-Adolphe, de ganzen Häresëtz zu Bettenduerf mat Schlass, Haff, Lännereien an all de Rechter ierwe soll. De Jean-Adolphe von Stein krut ëm 1740 Sträit mat sengem Mëller Georg Fischer wéinst der Pacht. De Georg Fischer muss doropshin d’Mille verloossen an de 4. Januar 1740 gëtt de Jean Molitor vu Biissen Mëller fir 9 Joer. De Jean Molitor muss sengem Här all Joer 8 Malter Kären, 20 Reichstaler, ee Schwäin vun 100 Pond an ee Kuch fir all neit Joer ofliwweren. Ënner gewësse Konditiounen huet hien d'Fëschereirecht op der Sauer, Blees, Tandel, Iernz a Keiwelbaach, déi all dem von Stein gehéieren. Dofir muss de Mëller awer fir all Freiden, Samsden a Faaschtdag de Fëschbedarf vu sengem Här garantéieren. An de Joren 1745 an 1746 hat de Jean-Adolphe von Stein Auserneesetzungen a Prozesser mat den Awunner wéinst der Feld- a Forstwirtschaft, der Festsetzung vum Schéiferloun an dem Millewier, dat de Verkéier iwwert d’Bréck behënnert. Den 3. Mäerz 1751 iwwerreechen de Baron von Stein an den Här vu Méischtrëff Jean-Ignace de Feltz zesumme eng Bittschrift un d’Keeserin Maria Theresia, fir och an Zukunft d’Schleisen vun de Millewierer zoumaachen ze kënnen. Déi zwee Häre verflichte sech, de Schëffsverkéier souwéi d’Op- an Ofschwammen vun de Fësch net ze behënneren. Ob d’Keeserin dëser Demande nokomm ass, geet net aus de benotzte Quellen ervir.

Op der Ferrariskaart vun 1778 ass d'Millen net méi verzeechent © Bibliothèque royale de Belgique
Op der Ferrariskaart vun 1778 ass d'Millen net méi verzeechent © Bibliothèque royale de Belgique

1723 huet de Pierre-Ernest d’Olimart d’Marthe-Claire von Stein bestuet an nodeems hire Brudder Jean-Adolphe von Stein 1756 gestuerwen ass, ass déi ganz Herrschaft vu Bettenduerf an och d’Millen “zu 6 Maltern Weizen” vun der Famill von Stein an d’Hand vun der Famill d’Olimart gefall. No dësem Datum ass näischt méi iwwer dës Millen iwwerliwwert a spéidsdens 1778 huet dës net méi bestanen, well se net op der Ferrariskaart verzeechent ass. Eng Hypothes wier, dat de Pierre-Ernest d’Olimart d’Millen ofrappe gelooss huet, esou dat just nach déi vu senger Famill op der Plaz vun der haiteger Mille bestanen huet.

Download
N°24 - Bettenduerfer Millen Deel 1.pdf
Adobe Acrobat Dokument 106.9 KB

Dësen Artikel gouf den 06.12.2024 verëffentlecht.


Quellen

  • Jörg Schwarz, Vorlesung Basiswissen Neuzeit, Universität Innsbruck, Wintersemester 2022-23, 24.10.2022.
  • Tillmann Bendikowski, Ein Jahr im Mittelalter. Essen und Feiern Reisen und Kämpfen Herrschen und Strafen Glauben und Lieben, München 2021.
  • Philippe Stachowski/Jean-Jacques Stiek/Jean-Marie Blaising, Luxembourg-Lorraine au moyen âge, Luxemburg-Thionville 2021.
  • Harald Müller, Mittelalter, Berlin 2015.
  • Ernst Schubert, Alltag im Mittelalter, Darmstadt 2022.
  • Geoportail, https://map.geoportail.lu/theme/main?lang=de&version=3&zoom=17&X=692116&Y=6424664& rotation=0&layers=2615&opacities=1&time=&bgLayer=orthogr_2013_global.
  • Martin Böse, Das Capitulare de villis. Landwirtschaft und Gesellschaftsaufbau im Frankreich um 900, Norderstedt 2011.
  • Emile Schmitz, Die Herrschaften von Bettendorf, in: Pompiers Fanfare Bettendorf (Hrsg.), Bettendorf 1980. Geschichte einer Kulturlandschaft, Bettendorf 1980.
  • Joseph Sauber, Eine sehr alte Pfarrei, in: Pompiers Fanfare Bettendorf (Hrsg.), Bettendorf 1980. Geschichte einer Kulturlandschaft, Bettendorf 1980.
  • Ons Hémecht, 1.4.1927.
  • Guy Reuland, Moestroff, S.27.

Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.