Dënsdes de 4. November 1924 ass d’Sauer staark gewuess a wäit iwwer d’Ufer getrueden. Zu Gilsdref goufe Felder a Wissen iwwerschwemmt an zu Bettenduerf ass d’Waasser bis bei déi éischt Haiser gaangen. D’Strooss tëscht Dikrech a Bettenduerf gouf scho Samsdes den 1. November iwwerschwemmt a war net méi passéierbar. D’Netzer déi an der Sauer loungen fir Saumon ze fänken goufe weggespullt. D’Sauer huet ausgerappte Beem, Streicher, Rommelen an aner Feldfriichten mat sech gefouert. D’Enn vum Reen huet d’Situatioun verbessert, esou dat d’Waasser um Moien vum 5. November vun 3 Meter op 2,6 Meter zréckgaangen ass.
Dësen Artikel gouf den 01.12.2024 verëffentlecht.