N°23 - Virun 100 Joer: Héichwaasser am November 1924

Dënsdes de 4. November 1924 ass d’Sauer staark gewuess a wäit iwwer d’Ufer getrueden. Zu Gilsdref goufe Felder a Wissen iwwerschwemmt an zu Bettenduerf ass d’Waasser bis bei déi éischt Haiser gaangen. D’Strooss tëscht Dikrech a Bettenduerf gouf scho Samsdes den 1. November iwwerschwemmt a war net méi passéierbar. D’Netzer déi an der Sauer loungen fir Saumon ze fänken goufe weggespullt. D’Sauer huet ausgerappte Beem, Streicher, Rommelen an aner Feldfriichten mat sech gefouert. D’Enn vum Reen huet d’Situatioun verbessert, esou dat d’Waasser um Moien vum 5. November vun 3 Meter op 2,6 Meter zréckgaangen ass.

L'indépendance luxembourgeoire 5.11.1924 © Bibliothèque nationale de Luxembourg
L'indépendance luxembourgeoire 5.11.1924 © Bibliothèque nationale de Luxembourg
Download
N°23 - Virun 100 Joer November 1924.pdf
Adobe Acrobat Dokument 71.6 KB

Dësen Artikel gouf den 01.12.2024 verëffentlecht.


Quellen

  • L’indépendance luxembourgeoise, 5.11.1924, S.2.
  • Luxemburger Wort, 5.11.1924, S.2.

Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.