N°22 - Postkaart "Vieux saule sur le Herrenberg avec vue sur Gilsdorf"

Op dëser Postkaart gesäit een eng Panorama-Vue vum Härebierg aus op Gilsdref, déi duerch d’Beem ageschränkt ass. Duerch déi wäit Distanz sinn d’Gebaier am Duerf net gutt erkennbar, esou dat sech eng genau Beschreiwung schwiereg gestalt.

Mee ee Punkt op der Postkaart ass ganz interessant: Uewen am Bësch ass nämlech ee Lach, wou een d'Steekaul bei der Grott gesäit.

D’Postkaart ass net datéiert, esou dat een se nëmmen un Hand vu folgenden Unhaltspunkter datéiere kann:

  • 1905 kritt d’Kierch een neien (den haitegen) Tuerm, deen op der Opnam scho steet
  • 1914 gouf d’Schoul vergréissert a kritt hiert haitegt Ausgesinn. Op der Postkaart steet nach dat alt Gebai
  • 1939 brécht déi ronn 300 Joer al Weed um Härebierg zesummen

Doduerch kann een d’Postkaart op den Zäitraum tëscht 1905 an 1914 datéieren.

Download
N°22 Vieux saule sur le Herrenberg avec
Adobe Acrobat Dokument 84.9 KB

Dësen Artikel gouf den 20.10.2024 verëffentlecht.


Quellen

  • Jean Haan, Gilsdorf, Die Geschichte eines alten Sauerdorfes, 202.
  • Guy Reuland, Gilsfref erzielt, in: Fanfare et Sapeurs Pompiers Gilsdorf, 75 Anniversaire Fanfare et Sapeurs Pompiers Gilsdorf. 1913-1988, Gilsdorf 1988, S.85.
  • Saviez-vous que Diekirch, https://svq-diekirch.lu/huel-wedd/, 20.10.2024.

Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.