N°21 - Postkaart "Gruss aus Bettendorf"

Op dëser Postkaart gesäit een eng Panorama-Vue aus dem Süd-Osten vum Gaalgebierg aus op d’Duerf.

Doduerch dat et bal eng Saach vun der Onméiglechkeet ass, fir all Gebai ze ernimmen, beschränkt sech dësen Artikel op eng Auswiel.

Ënne lénks gesäit een de Garer-Quartier, sou wéi e fréier an der Verwaltung genannt gouf. Do befanne sech dräi Proprietéiten:

  • D’Gare aus dem Joer 1873, déi bis 1964 a Betriib war,
  • De Restaurant Welter – spéider Theis-Bever – wou et Kriibsen z’iesse gouf,
  • De Café Engel, wou haut FlowerPower dran ass.

Iwwer d’Bréck aus dem Joer 1749 kënnt een an dat sougenannten Ënnecht Duerf.Fir den 275. Anniversaire vum Bau vun der éischter Bréck zu Bettenduerf gëtt nach dëst Joer een Artikel iwwer d’Geschicht vun der Sauerbrécken verëffentlecht.

Um zweeten Ausschnëtt gesäit een d’Fraeschegaass, déi et nëmmen ee Mol am Land gëtt. Si huet hiren Numm duerch d’Fräsche kritt, déi nach bis ëm 1900 am Fréijoer an d’Faeschegaass gewandert sinn, fir do ze läichen. Wéi d’Duerfstroossen 1975 nei franséisch Nimm kruten, konnt d’Fraeschegaass hire lëtzebuergeschen Numm halen.  

An der Fraeschegaass steet mam Haff Schauls ee ganz gesonnegt Gebai well do ëm 1900 eng Essegfabrik dra war.

Uewe gesäit een de Kierfent, deen tëscht 1871 an 1873 ugeleucht an aus hygienesche Grënn aus dem Duerf ausgelagert gouf.

An der Mëtt steet d‘Schlass, dat 1728 vum Pierre-Ernest d’Olimart gebaut gouf. Aktuell gëtt d’Schlass renovéiert.

Ënnen am Bild ass d’Millen, déi 1904 vum Henri Zettinger gebaut gouf, nodeems déi al Schlassmillen ofgerappt gouf. 1939 gouf de Silo gebaut, deen op der Postkaart nach feelt, mee bis haut d’Duerfbild prägt. Op der Opnam gesäit een d'Millen warscheinlech an där Form wéi se 1905 gebaut gouf.

Am Dezember gëtt een Artikel iwwer d‘Millen fir de 85. Anniversaire vum Silo verëffentlecht.

D’Postkaart gouf net ofgeschéckt an ass domat net datéiert. Duerch d’Gebaier déi schon oder nach net um Bild stinn, kann een d’Postkaart op den Zäitraum vun 1905 bis 1916 datéieren.

Dësen Artikel gouf den 08.10.2024 verëffentlecht.


Quellen

  • Text

Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.