N°20 - Virun 100 Joer: Oktober 1924

Firmung zu Dikrech

Den 2. Oktober war zu Dikrech fir d’Kanner vun Dikrech a Gilsdref. D‘Bettenduerfer an d‘Méischtrëffer Kanner goufen den 17. Juli zu Reisdref gefirmt.

Autosaccident tëscht Bettenduerf a Méischtrëff

Friedes den 3. Oktober ass et op der Landstrooss tëscht Bettenduerf a Méischtrëff zu engem Accident komm. De Bauer Schummers vu Reisdref war op der Strooss a Richtung Bettenduerf mat engem Leederwon mat Leit drop ënnerweee. An enger Kéier kënnt den Auto vun engem Iechternacher Industriellen mat héijer Vitess vun Iechternach gefuer a rennt dem Leederwon hannen drop. Duerch den Opprall si puer Leit vum Won gefall an d’Fra vum Iechternacher Eisebunner J.P. Ney – wou net kloer aus der Press ervirgeet ob si am Auto oder um Won souz – gouf liewensgeféierlech blesséiert an huet mussen op d’Dikrech an d’Spidol gefouert ginn. D’Gendarmerie huet sech mat der Affär befaasst.

Luxemburger Wort 06.10.2024 © Bibliothèque nationale de Luxembourg
Luxemburger Wort 06.10.2024 © Bibliothèque nationale de Luxembourg

Hausstee an der Kléck

De 6. Oktober gouf zu Clairefontaine – sou wéi d’Kléck déi Zäit offiziell genannt gouf – eng Proprietéit vum Wiert Mathias Welter-Hettinger a senger Fra versteet, zu där een Haus an ee Fielsekeller gehéiert hunn. D’Haus stoung op engem 20,2 Ar  groussen Terrain un der Strooss vun Dikrech op Veianen. Zum Haus hu gehéiert ee Café mat der Zapkonzessioun, grousse Fest- an Danzsall, Keelebunn, 9 Wunnraim, Haff, Ställ, Remise, Schapp, grousse gewëllefte Keller, Späicher an een Uebstbongert. Den zweeten Deel vun der Proprietéit war ee grousse Fielsekeller hannert dem Haus, deen an enger Breet vun 6-7 Meter eng 35 Meter déif an den Härebierg gaangen ass an huet als Lagerkeller gedéngt. An deene Gebailechkeete war fréier d’Brauerei Moser.

An deem Sënn hat Gilsdref fréier eng Brauerei, déi eng Kéier an engem eenzelen Artikel behandelt gëtt.

Illegal Fëscherei zu Gilsdref

D’Gendarmerie huet den 10. Oktober zu Gilsdref zwee Awunner beim Fëschen erwëscht, déi ouni Fëscherschäin a Geneemegung an der Sauer gefëscht hunn. Déi zwee goufe pretekolléiert.

L'indépendance luxembourgeoise 10.10.1924 © Bibliothèque nationale de Luxembourg
L'indépendance luxembourgeoise 10.10.1924 © Bibliothèque nationale de Luxembourg

Gemengewalen

Den 12. Oktober ware Gemengewalen. Deemools waren 905 Bierger an der Gemeng Bettenduerf stëmmberechtegt, fir 9 Conseillieren ze wielen: 3 Vertrieder fir Bettenduerf, 4 fir Gilsdref an 2 fir Méischtrëff. Gilsdref hat mat den Hären Schaack, Simon a Leyder manner Kandidaten ewéi fräi Posten, esou dat zu Gilsdref net gewielt gouf. Dat selwecht zu Méischtrëff, wou d’Hären Massonny a Wenandy hire Sëtz ouni Wale kruten. Bettenduerf hat 5 Kandidate gestallt, esou dat huet musse gewielt ginn. Gewielt goufen de J.P. Muller (502 Stëmmen), J.P. Waxweiler (377) an Joh. Goebel (378); net gewielt goufen de Nik Reinig (375) an Joh. Steinberg (83).

Luxemburger Wort 14.10.2024 © Bibliothèque nationale de Luxembourg
Luxemburger Wort 14.10.2024 © Bibliothèque nationale de Luxembourg

Gemengefong

De Minister Joseph Bech huet de 16. Oktober eng Circulaire betreffend d’Speisung vum Fong vun de Gemengendépensen fir d’Joer 1924 ënnerschriwwen. D’Gemengen sinn deemno invitéiert gewiecht, fir virum 20. November d’Steieren fir de Fong un de Staat ze bezuelen. D’Gemeng Bettenduerf huet 9.000 Frang mussen abezuelen, géigeniwwer beispillsweis Bastenduerf mat 16.000 Frang, Dikrech 13.000 Frang a Reisdref 5.000 Frang

Anna Roeder vu Méischtrëff

De 18. Oktober huet d’Luxemburger Wort bekannt ginn dat d‘Anna Roeder vu Méischtrëff de Jorescours an der Zuschneideschule Klingenberg an der Stad mat engem Meeschterdilpom ofgeschloss huet.

Luxemburger Wort 18.10.2024 © Bibliothèque nationale de Luxembourg
Luxemburger Wort 18.10.2024 © Bibliothèque nationale de Luxembourg

Fohlenschau zu Dikrech

Op der Fohlenschau den 21. Oktober zu Dikrech, dem Zentrum vun der Päerdszuucht zu Lëtzebuerg, krut den Ziichter Frising fir 61,5 Punkten mam 5. Präiss ausgezeechent a krut ee Präissgeld vun 75 Frang.

Steekläpper zu Bettenduerf

Den 28. Oktober krut ee Steekläpper vu Bettenduerf eng Geldstrof iwwer 150 Frang, well hien eng Schléng gesat huet. Et ass denkbar dat hien domat illegal Wëld wollt fänken.

Download
N°20 - Virun 100 Joer Oktober 1924.pdf
Adobe Acrobat Dokument 84.4 KB

Dësen Artikel gouf den 05.10.2024 verëffentlecht.


Quellen

  • Kirchlicher Anzeiger für die Diözese Luxemburg, 10.10.1924, S.13.
  • L’indépendance luxembourgeoise, 5.10.1924, Edition de midi, S.2.
  • L’indépendance luxembourgeoise, 5.10.1924, Edition du soir, S.2.
  • L’indépendance luxembourgeoise, 10.10.1924, S.2.
  • Luxemburger Wort, 4.10.1924, S.3.
  • Luxemburger Wort, 6.10.1924, S.3.
  • Luxemburger Wort, 10.10.1924, S.4.
  • Luxemburger Wort, 14.10.1924, S.3.
  • Luxemburger Wort, 18.10.1924, S.4.
  • Luxemburger Wort, 25.10.1924, S.4.
  • Luxemburger Wort, 28.10.1924, S.3.
  • Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg, 25.10.1924, S.3-4.
  • Obermosel-Zeitung, 6.10.1924, S.3.
  • Obermosel-Zeitung, 15.10.1924, S.3.

Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.