Op dëser Postkaart gesäit een eng Vue op Gilsdref, déi um Hiwwel uewerhalb vun der Kléck geholl gouf. Am Virdergrond gesäit een d'Sauer mat der Bréck an hannendrun d'Duerf, wou de Kierchturm an der Mëtt markant ervirstécht.
Leider ass dës Postkaart onbeschriwwen an ondatéiert, si gouf also ni fortgeschéckt. Op Grond vum feelenden Stempel, ass nëmmen eng relativ Datéierung méiglech. Dat heescht dat een Zäit unhand vun Unhaltspunkten agrenze kann: Wann een berücksichtegt dat d'Bréck 1902 gebaut gouf, d'Kierch 1904/05 een neien (also deen haitegen) Tuerm krut an d'Schoul 1914 gebaut gouf, dann gouf d'Foto no 1914 geholl. Doduerch dat d'Bréck am Krich gesprengt gouf (an nom Krich bal d'selwecht rëm opgebaut gouf) an den Titel vun der Postkaart op franséisch ass, ass d'Foto héchstens vun 1940.
Als PDF ofspäicheren
Dësen Artikel gouf den 01.12.2023 verëffentlecht.