Nierft dem Sandsteen gehéiert och de Kalléksteen zu de Buedemschätz vu Bettenduerf. Fir de Kallék ze brennen an esou notzbar ze maachen stoung bei der Gare eng Kallékbrennerei. Ufanks gouf de Kallék an der sougenannter „Benz Kaul“ um lieu dit „um Vappour“ tëscht dem Hirzenhaff an dem Schoofsbësch aus dem Buedem geholl a spéider koum de Kallék aus der Gipskaul ënnert dem Gaalgebierg. Nierft der Kallékbrennerei gouf et och eng Zillefabrik, an där 4-5 Mann geschafft hunn. Hei stoung ee Päerd an enger Manège an huet d’Virriichtung fir de Leem ze knieden ugedriwwen. Laanscht d’Eisebunn stounge laang Regaler an deenen déi geformte Leemstécker eng 8 Deeg un der Loft gedréchent goufen, iert se an engem Kuelenuewen gebak goufen.
D’Urspréng vun dëser klenger Industrie gi mindestens op d’Mëtt vum 19. Jorhonnert zeréck. Am Joer 1853 nämlech bericht d’Zeitung Wächter an der Sauer iwwer d‘Schëffbarmaachung vun der Sauer an där hir Bedeitung fir d’Eisenindustrie. Hei geet och riets vum Kallék, dee souwouel vun de Schmelzen wéi och vun der Landwirtschaft gebraucht gouf. D‘Regierung hat Subsiden fir d’éislécker Baueren agefouert, dat dës de Kallék méi bëlleg konnten akafen. Mee dës Subsiden sinn net duer gaangen a sinn net jidderengem ze gutt komm. D’Redaktioun vun der Zeitung huet eng aner Léisung gesinn, an zwar sollt een duerch déi schëffbar gemaachte Sauer d’Kallékbrennereien vu Bettenduerf an Dikrech a Stand setzen. Duerch d’Produktioun mat Kuele géifen d’Präisser falen an esou d’Interventioun vun der Regierung iwwerflësseg maachen, well d’Befeieren vun den Iewen mat Kuelen vill manner käschtenintensiv wier, wéi mat Holz.
Duerch déi selwecht Zeitung gëtt een an engem Artikel vum Oktober 1864 gewuer, wou déi genannte Kallékbrennerei stoung. An enger Annonce gëtt ee Wunnhaus vun den Ierwen Welter zum Verkaf ugebueden, zu deem eng Scheier, Ställ, ee Schoppen (Boot), ee Pesch, ee Gaart, een Haff, eng Branntewäin- an eng Kallékbrennerei gehéiert hunn. Dës Proprietéit stoung dicht un der Sauerbréck, do wou sech d’Weeër op Reisdref a Befort gedeelt hunn. Där Beschreiwung no handelt et sech hei ëm de spéidere Restaurant Welter, wou nom Zweete Weltkrich de Café Theis dra war.
1897 kritt de Bernard Engel vu Bettenduerf d’Geneemegung, fir säi bestoende Kallékuewen an ee Rénguewen ëmzebauen:
Luxembourg, le 14 juillet 1897
Le ministre d’Etat Preésident du Gouvernement,
Vu la demande présentée par M. Bernard Engel chaufournier à Bettendorf, afin d’obtenir l'autorisation de transformer en four annulaire les fours à chaux qu’il possède actuellement au lieu dit „Neunwiesen“ ou „auf Neunwiesen“ à proximité de la gare et du pont de Bettendorf;
Vu les plans, lenquête de commodo et incommodo et les avis du collège échevinal de la commune de Bettendorf, du commissaire de district et de l’administration des eaux et forêts;
Vu l’arrêté Royal Grand-Ducal du 17 juin 1872 et l’arrêté Grand-Ducal du 26 juin 1891;
Arrêté
Art. 1er
L’autorisation demandée est accordée pour un terme de dix ans, sous les conditions et réserves suivantes, sans préjudice des dispositions de la loi du 17 décembre 1859 sur la police des chemins de fer :
1: L’impétrant aura soin que la fumée ainsi que les gaz de combustion n’incommodent et ne portent pas préjudice au voisinage. A cette fin il n’emploiera qu’un combustible approprié et munira son four d’une cheminée de hauteur suffisante.
Durchgestrach: n’emploiera comme combustible pour l’exploitation du four à chaux, que du bois, du coke ou de la houille belge.
2: Il veillera aussi à ce que les propriétés voisines ne souffrent pas par les poussières se dégagent pendant la fabrication. Il entournera donc au besoin son établissement de clôtures appropriées.
3: Les chambres du four ne pourront être vidées qu’après qu’elles auront été complètement refroidies.
4: Aucun produit caustique provenant de la cuisson de la chaux ne pourra être jetés soit dans la sûre soit dans la „Bettendorferbach“.
5: L’impétrant se soumettra aux obligations qui pourraient lui être imposées à l’avenir dans l’intérêt de la sécurité et de la salubrité publiques ainsi que dans l’intérêt des ouvriers attachés à l’établissement.
6: Le four sera mis en exploitation dans un délais de six mois.
7: Les droits des tiers sont et demeurent réservés.
F.J.V.P.
Dës Autorisatioun weist, dat d’Famill Engel mindestens zënter dem Joer 1897 d’Kallékbrennerei bedriwwen huet an Informatiounen vun industrie.lu no, war och schon dem Bernard säi Papp, de Peter Engel, Kallékbrenner. Am Zesummenhang mam Verkaf vum Haus Welter kéint et eventuell sinn, dat de Peter Engel d’Haus kaft an domat Brennerei iwwerholl hat. De Pläng no hat d’Anlag ongeféier folgend Moossen:
De 27. Abrëll 1905 koum et zu engem Accident vum Engel sengem Kniecht bei der Hessemillen. Hie war mat sengem schwéier beluedene Won op der Strooss ënnerwee, wéi ee Gefier entgéint komm ass. De Kniecht wollt deem auswäichen, mee op eemol mécht ee vu sengen zwee Päerd ee Ruck, wouduerch dat anert Päerd eng bal 3-4 Meter héich Mauer erofgeschleidert gouf. Wéi ee Wonner hate sech d’Rimmer vum Päerd geléist a mat aller Kraaft ass et dem Kniecht gelongen dat anert Päerd mam Won uewen ze halen. No längere Beméiungen konnt dat erofgefalle Päerd glécklech rëm ropbruecht ginn. De Kniecht ass mat puer Blessuren dervukomm. Der Zeitung no war dëst net deen éischten Accident an där Form op där Plaz.
Véier Joer méi spéit, am Joer 1909, verkeeft de Bernard Engel seng Kallék- an Zillefabrék un de Jean Weyland, Jean-Pierre Theis a Pierre Doffing vu Bettenduerf. De 25. Mäerz kréien déi dräi d’Geneemegung fir zwou Kallékgrouwen opzemaachen. Déi éischt „om Wappour“ no um Gemengewee an ee Kilometer vum éischte Gebai eweg, déi zweet um Niderbierg, 200 Meter vum Gemengewee a 500 Meter vum Gebai fort. Den 19. August deelt de Bernard Engel dem Bauingenieur Dondelinger mat, dat hien zënter dem éischten Abrëll puer Aarbechter a senger Steekaul Wappour geschäftegt. An deem Bréif gëtt een och gewuer, dat d’Exploitatioun vu sengem Kalléksteebroch ëmmer „in ganz kleinem Betriebe ausgebautet“ gouf.
1916 war de Wee fräi fir ee bedeitenden Ausbau vun der Bettenduerfer Kallékindustrie. Duerch den Ausbroch vum Éischte Weltkrich 1914 krut Lëtzebuerg kee Kallék an Dolomit méi aus Frankräich an der Belsch. D’Industrie huet mussen op Westdäitsch Fournisseuren setzen, wat sech als ganz schwiereg erausgestallt huet, well d’Liwwerungen net reegelméisseg an zouverlässeg waren an den Transport war vill méi deier. D‘Arbed hat bei der Regierung ugefrot dat dës bei der däitscher Eisebunnsverwaltung intervenéiere kéint, fir ee bessere Präiss ze kréien, wat awer ouni Resultat bliwwen ass. Dofir huet d’Industrie musse kucken fir zu Lëtzebuerg Kallék ze kréien. Dobei huet sech erausgestallt, dat eist Land räich u Réistoffer wier, déi vun sekundärer Bedeitung fir d’Eisenindustrie sinn, an zwar Dolomit a Kallék. Wéi d’Luxemburger Wort am Juni 1916 schreift, huet dëst Welle bis op Berlin geschlo, wou eng Zeitung iwwer d’Liwwerproblemer vun der Lëtzebuerger Eisenindustrie geschriwwen huet. Dolomit gouf zu Gréivemaacher fonnt, wou genuch gefërdet konnt ginn, fir de Bedarf gréisstendeels ze decken. Am Februar 1916 war d’Fro vum Kallék um Punkt, fir zefriddestellend geléisst ze ginn. Verschidden Zeitungen hate bericht, dat demnechst grouss Kallékiewen bei Bettenduerf – wou grouss Kallékgrouwe loungen – géife gebaut ginn, an deenen déi Lëtzebuerger Wierker de gréissten Deel vun hierem Besoin u Kallék kéinten decken. An deem Zesummenhang koum et zum Verkaf vu Kalléksteebréch, woubäi et sech ëm Kompromësskeef soll gehandelt hunn, an d’Exploitatioun géif – Stand Juni 1916 – net méi laang daueren. Mat Gréivemaacher a Bettenduerf hat d’Industrie ee virdeelhaften Auswee aus de momentane Schwieregkeete fonnt, wou och d’Uertschaft Bettenduerf a finanzieller Hisiicht grouss Virdeeler vum geplangten Ausbau vun der Kallékindustrie sollt hunn. Aus deene grousse Pläng schéngt awer keng Realitéit ginn ze sinn, well keng virleiend Source eppes zu der Ëmsetzung seet.
De Bernard Engel war op d’mannst bis 1931 an der Industrie aktiv, well hien an deem Joer zu Bettenduerf „Vor der Hoecht“ ee Steebroch fir Mauer-, Ha-, Pavée- a Schottersteng opgemaach huet.
Bis wéini d’Kallékiewen zu Bettenduerf aktiv waren léisst sech aus dem benotzte Quellematerial net soen. Doduerch dat näischt iwwer d’Realiséierung vum Ausbau ze fannen ass, ass et eventuell méiglech, dat de Betriib nach am oder kuerz nom Éischte Weltkrich agestallt gouf. Op där Plaz wou d’Anlag stoung, steet haut een Haus, dat warscheinlech ëm 1920 gebaut gouf. Domat kann een d’Enn vun der Kallékindustrie zu Bettenduerf virsiichteg op d’Joren ëm 1920 datéieren. Esou war déi ëmgebauten Anlag vum Bernard Engel net vu laanger Dauer.
Dësen Artikel gouf den 21.09.2024 verëffentlecht.