N°18 - Wirbelstuerm Bettenduerf 1959

Mëttwochs, den 29. Juli 1959 tëscht 20.00 an 20.30 Auer ass Bettenduerf Affer vun engem Wirbelstuerm ginn, dee grouss Schied verursaacht huet. Réischt 10 Joer virdrun, den 20. Juli 1949, gouf Dikrech an Ëmgéigend scho vun engem Wirbelstuerm getraff. Ob dee Stuerm och iwwer d’Gemeng Bettenduerf gaangen ass, geet net aus de Quellen ervir.

Gro Wolléken haten den Himmel verdonkelt, vereenzelt huet ee Blëtzer gesinn. D’Leit hate gemengt et kéim ee Wieder, wéi et fir d’Joreszäit normal wier; mee et sollt ganz anecht kommen. Blëtzer déi d’elektresch Leitungen zerfatzt hunn, hunn den Himmel rëm daghell erliicht an et ass eng reegelrecht Sintflut erofgaangen. De Wirbelstuerm ass vun der Gare an enger riichter Linn op d’Mille gezunn, wou sech de Stuerm vun de Bongerten vun de Franziskanerinnen a Richtung Niderbierg rëm opgeléist huet.

 

Quartier Gare

Gare

Riets vun der Gare stoung een “honnertjärege” Käschtebam, deen als Worzeechen vun der Géigend gegolt huet. De Stuerm huet dem Bam esou vill Äscht ofgerappt, dat d’Aarbechter vun der Bauverwaltung an der Gemeng deeglaang gebraucht hunn, fir déi ofgebrachen Äscht ze zerseeën a se fortzedroen. Vum Bam ass net méi vill iwwreg bliwwen, nëmmen nach den ee Meter décke Stamm huet an den Himmel gekuckt.

Hotel Engel

D’Famill Dondelinger am Hotel Engel ass an de Keller geflücht. Um éischte Stack loung déi 90 Joer al Madame Engel am Bett. Wéi een no der Fra kucke wollt, ass d’Dier net opgaangen, well een Deel vun enger Tëschemauer, déi mat Zillen aus Tuff gebaut war, op d’Bett gefall ass an d’Dier blockéiert huet. Duerch een 2-3 m2 grousst Lach an der Mauer konnt een d’Fra aus engem Niewenzëmmer gesinn. Wéi duerch ee Wonner ass hier net méi geschitt wéi Blessuren um Kapp a puer gebrache Rëppen. Doduerch dat bei der Bréck Pëppelen op d’Stroumleitungen gefall sinn an d’Maste geknéckt hunn, war keen Elektresch méi am Haus, esou dat och den Telefon ausgefall ass, wouduerch d’Famill keen Dokter ruffe konnt. Am Gaart gouf den Daach vun der Keelebunn ofgedroen.

D'Bett an deem d'Mme Engel draloung, Foto: Revue 8.8.1959
D'Bett an deem d'Mme Engel draloung, Foto: Revue 8.8.1959
Zerstéierten Daach vun der Keelebunn am Gaart vum Hotel Engel, Foto: Revue 8.8.1959
Zerstéierten Daach vun der Keelebunn am Gaart vum Hotel Engel, Foto: Revue 8.8.1959

Café Theis

De François Theis ass just mam Velo vun der Dikrecher Brauerei komm, wou hie geschafft huet. Seng Kanner, d’Marguerite (Gitty) an Alphonse (Fons) waren nach an d’Epicerie déi aner Säit vun der Sauer, well si den Dag drop den Hellege Rack op Tréier kucke goe sollten. Wéi si rëm doheem ukoumen ass d’Wieder komm. Bei der Famill Theis gouf den Daach vum Wunnhaus beschiedegt, am Gaart gouf een 8 Meter héije Bam raséiert an ee Stéck vun der Gaardemauer gouf rausgebrach.

Beschiedegten Daach vum Haus Theis, Foto: Revue 8.8.1959
Beschiedegten Daach vum Haus Theis, Foto: Revue 8.8.1959

Entreprise Pleger

Op der Dam vun der Eisbunn si puer vun de “prächtege” Fichten geknéckt oder entwuerzelt ginn. Een Deel vun de Beem ass op d’Strooss gefall an déi aner sinn op d’Schmëtt Kiesch gefall. An hirem Gaart ass och ee Bam raséiert an ee Stéck aus der Mauer gebrach ginn.

Schued bei der Entreprise Pleger mam Verlaf vum Wirbelstuerm, Foto: Revue 8.8.1959
Schued bei der Entreprise Pleger mam Verlaf vum Wirbelstuerm, Foto: Revue 8.8.1959

Quartier Millen

Millen

Eng 100 Meter ënnerhalb vun der Millen waren zwee Fëscher amgaangen mat fëschen. Géint 20.10 Auer ass op eemol een ongeheiere Wandstouss komm, deen d’Männer néiergerappt huet. Si si rëm opgestaanen an sinn an eng no Hütt geflücht. Et huet ee Päifen an Drönen agesat, wéi wann 100 Düsenjäger gläichzäiteg duerch den Himmel geflu wieren. D’blechen Hütt ass anenee gefall a gouf wäit fortgeschleidert. Wéi sech den Här Kiesch spéider erënnert, loungen d’Fëscher du flaach um Buedem an hu gefaart, dat si net méi lieweg aus der Situatioun géife rauskommen.

D’Famill Hoffmann-Zettinger vun der Millen souz wärenddem bei sech an der Stuff. Si hunn ee staarkt Rauschen héieren, wéi wann aussergewéinlech déck Knëppelsteng géife falen. A Wierklechleet awer ass dee Moment den Daach vun der Millen iwwert d’Villa geflunn an ass nierwendrun um Haus Bissen geland. Een aneren Deel ass an d’Pëppele geflunn an een drëtten an d’Piech beim Wee. Nodeems d’Loft eng 40 Pëppelen entwuerzelt oder wéi Fixfeier geknéckt hat, ass se nämlech d’Mauer vun der Mille ropgeklommen an huet den Daach an dräi Deeler fortgeblosen.

 

Haus Bissen

Am Haus Bissen souz d’Famill grad an der Kichen um Owesdësch, wéi de Stuerm komm ass. Zwee Deeg virdrun ass de Felix Bissen réischt no senger Nierenoperatioun Heem komm. Seng Fra Agnès kuckt zur Fënster raus a seet: “Mir mussen d’Fënsteren zoumaachen, et kënnt ee Wieder”. Doropshin ass si op den éischte Stack gaangen an huet d’Fënster an der Schlofkummer zougemaach, déi op d’Millen gekuckt huet. De Felix betrëtt déi lescht Trepplecker an an deem Ablack kënnt ee fierchterleche Wandstouss, deen hien mat engem Stéck vun der Trap duerch de Gank bis bei d’Schlofkummerfënster schleidert. Seng Fra gouf widdert eng Mauer gedréckt. Réischt no puer Minutte gi si sech bewosst, dat ee vun der Trap riicht an den Himmel kucke konnt: Den Daach vum Haus war fort. Spéider huet ee virun der Hausdier meterhéich Dunnen, Daachzillen a Mauerreschter fonnt. Ënnert de rouden Zillen vun hirem Daach waren och gro Schieferreschter z’erkennen, dës ware vum mëttelsten Daach vun der Millen; dat méi niddregt Gebai.

 

Dësen Artikel gouf den 09.08.2024 verëffentlecht.


Quellen


Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.