Op dëser Postkaart gesäit een eng Vue op d’Sauer an de Camping, déi warscheinlech vum Silo vun der Millen erof geholl gouf. Ganz markant sinn op der lénker Säit déi faarweg Zelter um Camping ze gesinn. D’Ufäng vum Camping ginn op de Juni 1957 zréck, wou d’Gemeng Wisen vun der Famill Theis-Bever a vum Victor Schauls kaf huet. Am Abrëll 1958 huet de Gemengerot dunn decidéiert, fir ee Camping unzeleeën. Am Oktober 1960 hat d’Gemeng de Bau vun engem Pavillon ausgeschriwwen, deen iwwer Toiletten an Duschen verfügt huet. Dëse Pavillon gesäit een do, wou de Wee op d’Strooss bei der Bréck trëfft; do wou en haut nach ëmmer steet. 1968 gouf de Café-Restaurant vun der Famill Theis-Bever versteet, vun der Gemeng kaf an 1983 ofgerappt. 1973 huet de Gemengerot d’Decisioun geholl fir de Camping ze vergréisseren an een neie Pavillon mat Sanitäranlagen ze bauen. Ugefaangen mam Marie Ernzen gouf et scho munch Locatairen déi de Camping gefouert hunn. Den 1. Abrëll 2024 ass de Camping mam Café mat de neie Locatairen Yves Kremer a Carlos Barros rëm nei fir d‘Touristen an d’Duerfleit opgaangen.
An der Mëtt vun der Postkaart gesäit een déi deemooleg Sauerbréck. Am Dezember 1944 gouf déi al Bréck aus dem Joer 1918 zerstéiert an réischt 1954 gouf dunn eng nei Bréck gebaut. 2004 gouf d’Bréck no 50 Joer laangen Dénschter ofgerappt an duerch déi haiteg ersat.
D’Postkaart gouf den 28. Juli 1978 zu Dikrech ofgestempelt an ass op Lachem (NL) verschéckt ginn. Interessant op der Récksäit ass de Stempel mat der Foussgängerzon zu Dikrech, déi dat selwecht Joer opgaangen ass.
Dësen Artikel gouf de 16.07.2024 verëffentlecht, aktualiséiert 18.07.2024.