Nom Wiener Kongress 1815 ass Lëtzebuerg zum Grand-Duché erhuewe ginn a gouf an eng politesch Gemeinschaft mat Holland gestallt, esou dat de hollännesche Kinnek och Grand-Duc vun Lëtzebuerg gouf. Vun 1842-1871 war Lëtzebuerg Member vum däischen Zollveräin an no der Grënnung vum Däitsche Räich 1871 Member vun der Zollunioun, wat d’wirtschaftlech Grondlag vum Grand-Duché war.
1859 ass déi éischt Zuchstreck Lëtzebuerg opgaangen an huet d’Stad mat Thionville an Arel verbonnen. Nierft dem Bau vu weide Strecken, ass och d’Nordstreck gebaut ginn, déi 1867 ageweit gouf. Mee nierft dem Eisebecken ass och d’Sauergéigend sinn schinnefräi bliwwen. Dës Lücken sollten duerch de Bau vun zwee groussen Normalspuernetzer zougemaach ginn a sollt nom grousse Fërderer vun der Lëtzebuerger Eisebunn, dem Brudder vum Kinnek-Grand-Duc Prënz Henri, benannt ginn. No puer Joer Diskussiounen iwwer d’Bedingungen vun de Konzessiounen an d’cahiers des charges gouf de Projet den 11. Mäerz 1869 mat 36 Jo- an 2 Nee-Stëmmen an der Chamber ugeholl. Am Gesetz ware 5 Streckeféierungen virgesinn, och d’Streck laanscht Sauer vun Ettelbréck iwwer Iechternach op Waasserbëlleg. Schon de 14. Dezember 1868 hat d’Regierung eng Konventioun mat der Société anonyme des chemins de fer des bassins-houillers du Hainaut ofgeschloss, mat där d’Gesellschaft Biergbaukonzessioune krut an duerch d’Gesetz gouf hier och déi fënnef Eisebunnstrecken zougesprach. Heibäi duerf een Aspekt net vergiess ginn. Een Haaptgrond fir de Bau vun de 5 Strecken war de wirtschaftlechen opschwong, well de Staat huet d’Konzessiounen vun de Carrièren a vun den Eisebunnen just zesumme verginn, esou dat déi selwecht Gesellschaft d’Steekaulen an den Zuch exploitéiert hunn. Interessant ass eng bestëmmten Ënnerschrëft, déi d’Gesetz dréit: Nierft dem Prënz Henri als Lieutnant-Représentant vum Grand-Duc, Staatsminister Servais an Inneminister Servais huet nämlech och de Gustave d’Olimart aus dem Bettenduerfer Schlass d’Gesetz ënnerschriwwen. Hie gouf nämlech 1849 zum secrétaire du Roi pour Affaires du Grand-Duché ernannt, also dem Kinnek säi Sekretär zu Lëtzebuerg. Domat war ee Bettenduerfer beim Projet um héchsten Niveau mat involvéiert. Den 28. Abrëll gouf de Grënnungsakt vun der Prënz-Henri-Bunn erstallt an den 10. Mee vum Prënz geneemegt, dëst och mam Olimart senger Ënnerschrëft.
Duerch den Arrêté royal grand-ducal vum 18. Abrëll 1872 gouf de Bau vun der Sauer-Eisebunn als Saach vum ëffentlechen Notzen erkläert. De 26. Abrëll goufen d’Buergermeeschteren vun de betraffene Gemengen opgefuerdert, fir de Proprietairen vun den ze enteegeten Terrainen d’Baupläng wärend 8 Deeg oppenzeleeën. Gläichzäiteg gouf eng Kommissioun ernannt, déi nom Oflaf vun enger Frist op der Dikrecher Gemeng zesumme komme sollt, fir déi vum Gesetz virgeschriwwen Enteegnungsprozedur duerchzeféieren. An der Kommissioun waren och déi betraffe Buergermeeschteren, also och dee Bettenduerfer.
Den 3. Juli 1872 goufen d’Gemengeréit vum Staatsminister ëm eng Stellungnam zu der Ännerung vun der Trasseféierung tëscht Bettenduerf a Reisdref gebieden. Laut den ale Pläng sollt den Zuch zu Bettenduerf weider laanscht d’Sauer an ënnerhalb vum Méischtrëffer Schlass fueren (do wou hat d’Héichspannungeleitung verleeft) an no de neie Pläng no sollt d’Streck zu Bettenduerf vun der Sauer fortgoen an uewerhalb vun den Haiser zu Méischtrëff verlafen, also esou wéi se gebaut gouf. D’Schinnen zu Méischtrëff goufen iwwer 100 Meter op de Grief vun der fréirer Befestegung vu Méischtrëff geluecht. 1477 nämlech hat den Här vu Méischtrëff, de Gérard de Houfalize, eng Réngmauer ëm d’Duerf baue gelooss, zu där dann och ee Gruef gehéiert huet. No der Verbreedung vu Schosswaffen hunn d'Befestegungsmaueren hir Bestëmmung verluer a sinn ofgedroen oder no an no verfale gelooss ginn. Een Deel vun der Mauer bei der spéiderer Gare gouf 1873 ofgerappt.
Den 20. Dezember 1872 huet de Staatsminister dem Dikrecher Disktrikskommissär bestätegt, dat ee Vertrieder vun der Bunn den 12. Dezember op der Plaz war, fir d’Entschiedegungen vun den enteegenten Terrain auszebezuelen. Am ganzen goufen 212 Terrainen zu Bettenduerf, Gilsdref a Méischtrëff enteegent. Et goufen net nëmm Privatleit enteegent, mee och d’Gemeng, d’Kierchefabréken an d’Schlasshärren zu Bettenduerf a Méischtrëff. Nach am Joer 1872 gouf mam Bau vun der Streck.
Pläng vun der Streck vun 1883 © Archives Nationales Luxembourg, FCF-00476
Méindes, den 20. Oktober 1873 war déi feierlech Aweiung vun der neier Eisebunnsstreck. Um 11.30 Auer ass den Éierenzuch an der Stad mat sengen Invitéeën fortgefuer, déi sech a ganz konfortable Waggonen, zum Deel och neier, Plaz geholl hunn. Zu Walfer ass de Prënz Henri rageklommen, iert et vun do aus op Ettelbréck weidergoung. Do gouf de Prënz vun de Gemengenautoritéiten op der extra dofir gerëschter Gare bei de Kläng vun der Nationalhymn vun der Militärmusik begréisst. Vun Ettelbréck ass den Zuch mat 60 km/h vun Gare zu Gare gefuer, wou et iwwerall dee selwechte Spektakel gouf: Dekoratioun, Kanounen- oder Gewierschëss, Musik an Usproochen vun de Buergermeeschteren. All Gemeng huet säi bescht fir d’Fest ginn, och d’Gemeng Bettenduerf ënnert dem Buergermeeschter Salentiny. Um 14.20 Auer war d’Arrivée vum Zuch zu Iechternach, wou d’Lokomotiv vum Bëschof geseent gouf, iert ee Cortège duerch Iechternach gaangen ass. Owes gouf et ee Banquet an der Präsenz vum Prënz Henri, dem Staatsminister Philippart a ronn 150 weidere Gäscht. Vläicht waren och Vertrieder vun der Gemeng Bettenduerf ënnert de Kommunalpolitiker um Dësch. A verschiddenen Usproochen gouf d’Wichtegkeet vun der Eisebunn fir d’Industrie an d’Landwirtschaft ënnerstrach. D’Feierlechkeeten goufen mat engem Bal an engem Freedefeier ofgeschloss. Den 8. Dezember huet de Passagéierverkéier dunn säin Betriib opgeholl. Déi éischt Lokomotiv fir Persounenzich war d’PH 5 “La Maragole” an déi éischt Lokomotiv fir de Giddertransport war d’PH 211. An der Ufankszäit sinn an der Woch all Dag 8 Persounen- an 2 Gidderzich op der Streck hin- an hiergefuer.
No der Ouverture waren d’Aarbechten awer nach net ofgeschloss. Den 19. Dezember huet de Staatsminister de Buergermeeschter vu Bettenduerf iwwert den Distrikskommissär informéiere geloos, dat zu Gilsdref 1. 9 Kullangen an eng Bréck mat enger Ëffnung vu 4 Meter bestinn, 2. dat d’Waasser vun den uleienden Terrainen mat Hëllef vu Grief an d’Kullangen ofgeleet gëtt an 3. dat d’Säiteweeër fäerdeggestallt goufen, sou dat d’Fuerderungen vun der Gemeng erfëllt goufen. Besonneg zu Gilsdref gouf et Schwieregkeeten bei der Offéierung vum Reewaasser. Ufroen fir d’Verbesserung vu bestoenden Anlagen an de Bau vun zousäzleche Kullangen goufen am Abrëll 1874 positiv beäntwert. Anerer goufen am September 1875 zréckgewisen, mat der Begrënnung, dat déi üppeg Vegetatioun an de Gäert beweise géif, dat de Reen kee Schued un de Gäert verursaache géif.
1873 huet den Zuch vun Dikrech op Iechternach eng Stonn gebraucht, fiert een déi selwecht Streck haut mam Bus Nummer 190, dann brauch ee just nach 34 Minutten. 1874 huet den Zuch weider 20 Minutten gebraucht. 1937 sinn zwee verschidden Zich duerch d’Bettenduerfer Gemeng gefuer: Nr.1651 vun der Stad op Iechternach mat 7 Tëschenarrêten an Nr.1652/45 op der selwechter Streck mat 11 Tëschenarrêten. Bei deem éischten wäert et sech ëm ee Schnellzuch gehandelt hunn, well dee just zu Bettenduerf stoe bliwwen ass an deen aneren ee Bummelzuch, well deen och zu Gilsdref an zu Méischtrëff stoe bliwwen ass.
Am Luxemburger Wort vum 5. Dezember 1890 kann ee liesen dat kritiséiert gouf, dat wann een eng Haltestell benotzt huet, dat een dann awer de Präiss vun enger Gare op déi aner huet mussen bezuelen. Et gouf nämlech den Ënnerscheet tëscht enger Gare an enger Haltstell. Esou hat Bettenduerf eng Gare, mee Gilsdrëf a Méischtrëff haten nëmmen eng Haltestell. Een Aarbechter deen also vu Gilsdref mam Zuch op Dikrech op d’Aarbecht wollt fueren, huet net d’Streck Gilsdref-Dikrech mee Bettenduerf-Dikrech bezuelt. Esou war den Aarbechter gezwongen, fir ze Fouss op Dikrech ze goen, well den Zuch ze deier war.
Fir d’Pilgerzäit gouf et speziell Pilgerzich, esou och den 9. September 1891 op Tréier. Den Zuch hat eng Kapassitéit fir 1100 Pilger an op all Statioun huet nëmmen eng bestëmmten Unzuel u Leit duerfe raklammen. Den Zuch ass zu Bettenduerf fortgefuer, wou 50 Bettenduerfer, 140 Branebuerger a 42 Mierschenter hunn duerfe raklammen. Zu Méischtrëff 70 Méischtrëffer an 123 Eppelduerfer, zu Reisdref weider 685 Reisdrefer, Wallenduerfer a Bollenduerfer, mat deenen den Zuch voll war.
Virun der Eisebunn war d’Sauer ee wichtegen Transportwee, well si war vun November bis Mee schëffbar an huet eng Transportverbindung vun Dikrech iwwer d’Musel op Tréier hiergestallt. Och déi kleng Dierfer hunn d’Sauer fir de Wuerentransport benotzt an nach bis an d’Mëtt vum 19. Jorhonnert gouf et ee regelrechte Schëffsverkéier op der Sauer. Nach 1859 goufen zu Gilsdref Aarbechten derchgefouert, fir d’Schëfffart ze verbesseren. Mam Bau vun der Eisebunn hat dunn déi lescht Stonn vun der Schëfffart op der Sauer geschlo. D’Eisebunntechnik ass aus dem Bedürfnis entstanen, fir de Gidderverkéier méi effizient ze gestalten, de Persouneverkéier stoung net am Virdergrond. D’Bunn konnt d’Gidder méi schnell a konkurrenzfäeg transportéieren an och eng vill méi grouss Quantitéit, esou dat och d’Präisser vun de Wueren erofgaange sinn. Esou konnt den Zuch d’Verkéierswiesen revolutionéieren an een Opschwong an der Wirtschaft bewierken, doduerch dat nei Marchéen erschloss konnte ginn.
Am Dezember 1861 hat d’Handelskummer ee Memorandum iwwer d’wirtschaftlech Aktivitéit an der Sauergéigend opgestallt, wat d’Industrie an d’Landwirtschaft all Joer ofgeliwwert hunn:
- Gilsdref an Dikrech 6.000t Bausteng, Pavésteng a Millesteng,
- eng Carrière zu Bettenduerf 15.000t Steeplaquen,
- Bettenduerf, Gilsdref an Dikrech 20.000t Kalleksteen,
- Dikrech, Bettenduerf, Méischtrëff a Reisdref 2.500t Gipssteng,
- Ganz Regioun 20.000 Schof, 2.000 Ranner, 2.000 Schwäin an 100 Päerd.
Mam Zuch goufen op der Sauerlinn haaptsächlech landwirtschaftlech Produkter, Holz, Kuelen, Eisenträger a Steng transportéiert. Weider Wueren ware Briketten, Koks, Zement a Sand. Op verschidden Arrêten goufen no 1874 separat Gleiser geluecht, fir d’Gidderzich ze be- oder entlueden.[8] Fir den Export gouf op der Ettelbrécker Gare ee Büro vun der Douane ageriicht. D’Lokomotiven sinn zu Ettelbréck an zu Iechternach mat Waasser befëllt a mat Kuelen beluede ginn.
Zu de landwirtschaftleche Produkter hunn virun allem Thomasschlake gezielt. Do dernierft gouf och vill Uebst mam Zuch transportéiert. Am 19. Jorhonnert ass et zu engem Opschwong am Uebstbau un der Mëttel- an Uewersauer komm, awer virun allem am Raum Ettelbréck-Dikrech-Bettenduerf. Mat der Grënnung vun der däitsch-lëtzebuerger Zollunioun ass den Export vun Uebst staark gewuess. Fir den Export iwwer d’Eisebunn gouf et Uebstsammelplazen op de Garen vun der Sauerlinn, wou haaptsächlech Äppel an a verschiddene Joren och Quetschen opgeluede goufen. Esou zum Beispill am Joer 1924, wou et och zu Bettenduerf eng gutt Quetscherecolt gouf. D’Quetsche goufen nach bal gréng gepléckt an op de Garen an d’Waggonen gelueden. Ufank September goufen op de Garen all Dag puer Waggonen gefëllt. Dës sinn zu Dikrech gesammelt ginn, vun wou aus d’Quetschen an England exportéiert goufen, wou se ënnert anerem zu London zu Gebees gekacht goufen.
D’Bunn huet och gutt un der Exploitatioun vun de Steekaulen an de Gipsgrouwen an der Gemeng verdéngt. Tëscht 1920 an 1930 sinn zu Gilsdref pro Joer ronn 1.000m3 Steng geschloe ginn iwwer 1 Millioun Pavéesteng, vun deenen d’Hallschent exportéiert ginn ass. D’Grouwegesellschaften haten een eegent Niewegleis mat enger Luedramp, wou d’Zich geluede goufen. Iwwert dee Wee sinn och Bettenduerfer a Gilsdrefer Steng op d’Chantieren vum Pont Adolphe a vum d’Monument vum Renert transportéiert ginn.
1946 gouf Société Nationale des Chemins de Fer CFL gegrënnt, esou dat de ganzen Zuchreseau zu Lëtzebuerg just nach vun enger Gesellschaft bedriwwe gouf.
Am Dezember 1951 konnt een ee Bréif un d’Redaktioun mam Titel „An die Eisenbahnverwaltung“ am Luxemburger Wort liesen:
“Seit geraumer Zeit zirkulieren auf der Sauerlinie neue, kleine Autorails, die außer anderen Nachteilen denjenigen haben, daß sie viel zu klein sind. Angesichts der schlechten Jahreszeit nimmt die Zahl der täglichen Benutzer beständig zu. Was tut man, um sie an ihren Bestimmungsort zu bringen? . Ma.n preßt sie wie Stück Vieh in den Wagen: es muß gespart werden! Im ersten Zug, der von Echternach nach Diekirch fährt, ist nicht einmal Platz zum Stehen, vom Sitzen gar nicht zu sprechen. Wir fragen, wann endlich Ordnung geschaffen wird: Könnte man nicht wenigstens für diesen Zug die großen Autorails die kaum über genügend Raum verfügen benutzen? Oder glaubt man etwa zu sparen, wenn man einen Autobus einsetzen muß wie das in diesen Tagen öfters vorkam um die Gilsdorfer nach Diekirch zu bringen? Bald muß man einen Autobus bis nach Reisdorf schicken, das nennt sich wohl sparen? Nicht weniger überfüllt ist der Zug, der um 17.25 von Diekirch nach Echternach fährt. Auch hier muß man den Gepäckraum vollstopfen. Könnte man nicht, wenn man unbedingt diese Autorails benutzen will für die Wintermonate den Zug einlegen, der sonst um 16.10 in Diekirch abfuhr. Auf diese Weise können diese Reisenden, meistens Studentinnen und Studenten aus den verschiedenen Schulen von Diekirch, Ettelbrück und Bettendorf schnellstens nach Hause, und im Zuge von 17.25 böte sich dann auch den Arbeitern eine Sitzgelegenheit.”
Nom Zweete Weltrkich huet den Eisebunnsverkéier een neien Opschwong erlierft, well den Zuch war ee wichtegt Transportmëttel an Zäiten, wou ëmmer méi Leit eng Aarbecht ausserhalb vun hirer Wunnuertschaft fonnt hunn. An dach gouf de Verkéier progressiv vun der Schinn op d’Strooss verlagert. 1948 huet CFL no an no ugefaangen, fir Zuchlinnen zouzemaachen an d’Zich goufen duerch Busser ersat. Nach bis an 1960er Joren sinn d’Busser just op deene Strecke gefuer, wou keen Zuch méi gefuer ass. 1965 hat CFL eng Flott mat 45 Bussen.
De 16. September 1963 hat de Verwaltungsrot vun CFL decidéiert fir d’Sauerlinn vun Dikrech op Iechternach anzestellen. Den 31. Mee 1964 war dee leschten Dag mat Reesverkéier an den 12. Juni ass dunn dee leschten offiziellen Zuch, ee Gidderzuch, op der Sauerstreck gefuer. Vir un der Lokomotiv war ee Pneu mat der Opschrëft “Stross huet mech kapott gemaach” montéiert an um Pneu houng ee Schëlt mam Sproch: “Onser le’wer Sauerstreck. Gebuer den 8.12.1873. Gestuerwen den 12.6.1964. No langem Defizit. Am Alter vun 90 Joer.” D’Sauerstreck, déi de Stolz vum Dall a sengen Uertschaften war, war domat Geschicht.
Ab dem 1. Juli goufen d’Garen zu Bettenduerf an zu Méischtrëff ofgeschaf, well dës am Géigesaz zu anere Garen d’Fuktioun vun der Busgare net iwwerholl hunn, well si net vum Bus ugesteiert goufen. Zu Bettenduerf gouf ee Busarrêt beim Café Friederes an zu Méischtrëff beim Café Lentz amenagéiert.
An der Gemengerotssëtzung vum 31. Mäerz 1973 gouf decidéiert, fir d’Terrainen vun der Eisebunn vun Gilsdref bis op Méischtrëff ze kafen. 1977 huet de Gemengerot d’Decisioun geholl fir ee Veolswee op der fréirer Eisebunnstreck ze bauen.[6] 1979 war de Veloswee an de Veloschalet fäerdeg.
Déi dräi Dierfer waren un d'Bunn ugeschloss, mee nëmmen Bettenduerf hat eng Gare. Gilsdref a Méischtrëff dogéint haten nëmmen eng Haltestell. Op déi dräi Statiounen kommen ech spéider an eenzelen Artikelen zréck.
Dësen Artikel gouf de 05.07.2024 verëffentlecht.