N°15 - Postkaart "Preventorium Bettendorf"

Bettenduerf Eng Zäitrees, www.bettenduerf-engzaitrees.lu, Bettendorf, Bettenduerf, Preventorium Bettenduerf, Preventorium Bettendorf
© Tom Poecker

Op dëser Postkaart gesäit een dat fréiert Franziskanerinneklouschter zu Bettenduerf, oder och nach Preventorium genannt. D’Grënnung geet op d’Joer 1900 zréck, wou de Johann Theis dem „Verein der Barmherzigen Schwestern vom hl. Franziskus von Assisi“ ee Wunnhaus, een net fäerdegen Neibau, ee Gaart vun 18,9Ar an Akerland vun 102Ar geschenkt huet. Am Géigenzoch hunn sech d’Franziskanerinne ënnert anerem verflicht, fir de Johann Theis ze fleegen. D’Schwësteren hunn weider Krankefleeg geleescht an rehabilitatiounsbedürfteg Kanner betreit. 1932 goufen d’Ställ ofgerappt an am Plaz gouf een Neibau gebaut mat Schoulraimlechkeeten fir d’Kanner, ee Refektoire an enger Kapell. Bei dësem Neibau handelt et sech ëm dee lénken Deel vum Gebai op der Postkaart, riets ass dat alt Wunnhaus aus dem Joer 1813. Am Zweete Weltkrich gouf d’Gebai staark beschiedegt a beim Rëmopbau 1946 gouf d’Nopeschhaus kaf, wou eng „Kindergewahrschule“ ageriicht gouf. De Preventorium konnt esou 80-100 Kanner am Alter vun 8-12 Joer ophuelen, déi fir dräi oder sechs Méint an der Kuer waren.

1974 gouf dee ganze Komplex vun der Gemeng kaf, nodeems d’Franziskanerinnen 1973 annoncéiert haten, date si net méi weiderfuere wéilten. Vun 1979 bis 1984 gouf dee lénken Deel vum Gebai vun 1932 ofgerappt an duerch ee Bau mat dräi neie Klassesäll ersat. Fir den Neibau vum Schoulkomplex, deen ab 2005 gebaut gouf, gouf dee ganze Preventoirum ofgerappt, woumat ee Stéck Duerfgeschicht verschwonnen ass.

Bettenduerf Eng Zäitrees, www.bettenduerf-engzaitrees.lu, Bettendorf, Bettenduerf, Preventorium Bettenduerf, Preventorium Bettendorf
© Tom Poecker

D’Postkaart gouf den 23. Juni 1939 vum Suzette u seng Elteren zu Schëffleng verschéckt, hatt schreift:

 

Liebe Eltern.

Besten Dank für die beiden Pakten und die schönen Strümpfe. Es geht mir noch immer gut hier. Vorgestern gingen wir nach Moestroff spazieren. Schreibe mir die Adresse von Jean u. Tatta Maria.

Herzliche Grüße und Küsse von

Suzette

 

Den Text deit dorop hin, dat d’Suzette am Klouschter an der Kuer war.

 

Een Detail ass bei dëser Postkaart ganz interessant, an zwar d’Telefonsnummer mat der Nummer 4. Wéi de Preventorium een Telefonsuschloss krut, hate warscheinlech réischt dräi aner Haiser am Duerf een Telefon.

Download
N°15 - Postkaart Preventorium Bettendorf
Adobe Acrobat Dokument 277.3 KB

Dësen Artikel gouf den 02.06.2024


Quellen

  • Joseph Sauber, Das Präventorium der Franzikanerinnen, in: Pompiers Fanfare Bettendorf (Hrsg.), Bettendorf 1980. Aspekte eine Kulturlandschaft, Bettendorf 1980.
  • Anne Fabeck-Scholtes, Bettendorf und sein bauliches Erbe, in: Pompiers Fanfare Bettendorf (Hrsg.), Bettendorf 1980, Aspekte einer Kulturlandschaft, Luxemburg 1980.
  • Laure Ewers, Die Gemeinde Bettendorf, in: Pompiers Fanfare Bettendorf (Hrsg.), Bettendorf 1980. Aspekte einer Kulturlandschaft, Bettendorf 1980.
  • Laure Goets/Albert Back, D’Schoul zu Bettenduerf, in: Administration Communale de Bettendorf (Hrsg.), Bettendorf Gilsdorf Moestroff 2000, Bettendorf 2000, S.80.
  • Wagner Building Systems S.A., https://w-b-s.lu/de/node/8, eingesehen 2.6.2024.

Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.