D’Aféierung vun der Mëllechzentrifug am Joer 1891 hat de Fortschrëtt vun der Mëllechwirtschaft ugestouss. An deem Sënn gouf 1892 zu Haassel (Weiler zum Tuer) déi éischt Molkerei zu Lëtzebuerg gegrënnt. An enger éischter Grënnungswell (1892-1924) goufen 146 Molkereien gegrënnt, dorënner sinn och déi dräi Molkereien an der Gemeng Bettenduerf.
Eng Duerfmolkerei war gläichzäiteg eng Produktiouns- an eng Verkafsgenossenschaft, wat puer Virdeeler mat sech bruecht huet:
1. D'Baueren hunn zesummen eng grouss Zentrifug kaf, amplaz dat jiddereen seng kleng hat, wat Kapital gespuert huet;
2. D'Botterproduktioun huet Zäit gespuert, well an der Molkerei 2-3 Persounen mat der Produktioun beschäftegt waren, an net all Hausfra bei sech doheem;
3. Grouss a besser Maschinnen hunn duerch eng besser Entramung an Verbotterung eng méi grouss Quantitéit erlaabt, wéi doheem;
4. De Botter war duerch moderen Geräter, propper Botterfässer, an duerch eng Killariichtung vun besserer Qualitéit.
Moies an Owes krut d’Molkerei d’Mëllech vun de Baueren an de Mëllechkanen geliwwert. Fir d’éischt ass d’Mëllech vun all Bauer gewien an de Fettgehalt kontrolléiert ginn. All Bauer hat eng Nummer, bei déi d’Gewiicht vun der ofgeliwwerter Mëllech notéiert gouf. Als zweet gouf d’Ram vun der Mëllech getrennt. Anecht wéi haut, gouf déi moer Mëllech kaum weiderverschafft, well den Intressi an der Ram loung, fir aus där Botter ze maachen. De Bauer krut d'moer Mëllech a senge Kanen zréck an huet entweder Kéis draus gemaach oder se gouf un d’Véi verfiddert. Als drëtt gouf d’Ram verbottert. Duerno gouf de Botter gewäsch, fir d’Seier rauszekréien, an gekniet. An engem leschte Schrëtt gouf de fäerdege Botter mat engem Bleiel zu engem Pond geformt an a Pergamentpabeier agepak.
1939 haten den Pierre Bertogne an den Alfred Heien de Film "Mëllech a Botter" gedréint, deen 2011 fir den 125. Anniversaire vun der Luxlait vum Centre National de l'Audiovisuel (CNA) restauréiert an mat Kommentairen vertount gouf. Klickt hei drënner fir Iech de Film unzekucken.
An der éischter Zäit vum Bestoen vun de Molkereien zu Lëtzebuerg haten dës mat schwieregen Ofsazverhältnisser ze kämpfen an besonneg an de Summerméint, an deenen et fir gewéinlech eng Iwwerproduktioun gouf, huet d’Wuer a grousser Quantitéit zu Schleiderpräisser musse verkaf ginn. Och wann d’Duerfmolkereien schon eng Zentraliséierung vum Duerf waren, esou war et de Leit déi Zäit kloer, dat ee weider zentraliséiere misst, fir Qualitéit an den Ofsaz, souwéi och den Export virun allem an d’Belsch, ze verbesseren an ze garantéieren, wouduerch d’Baueren ee fairen a séchere Präis fir hir Ram bezuelt kruten.
Esou gouf 1927 zu Ettelbréck d’VGLM (Verkaufsgenossenschaft Luxemburger Molkereien) op Initiativ vun 6 Molkereien gegrënnt an war een Zesummeschloss vun ufanks 24 Molkereien. Ënnert den Initiateuren war och de Bettenduerfer Nic Turpel an zu de Grënnermolkreien hunn och déi vun Bettenduerf (Vertrieder N. Turpel, Ersazvertrieder N. Schomer), Gilsdref (Vertrieder P. Hoffmann, Ersazvertrieder H. Ahlen) an Méischtrëff (Vertrieder P. Jacoby, Ersazvertrieder Winandy) gehéiert. Duerch déi begrenzte Mëttel vun der jonker Genossenschaft huet sech d’Aktivitéit am Ufank op den Ofsaz vun der Bettenduerfer an 6 weideren Molkereien begrenzt. Esou huet sech d’VGLM ëm de Verkaf vum Botter gekëmmert, iert 1929 eng zentral Botterei zu Ettelbréck ageriicht gouf, an där de Botter aus der Mëllech vun 12 Molkereien aus der noster Ëmgéigend (warscheinlech och déi Bettenduerfer, Gilsdrefer an Méischtrëffer) gemaach gouf. Dëst huet mat sech bruecht, dat dës Duerfmolkereien kee Botter méi selwer gemaach hunn, mee si hate just nach als Entramungsstatioun funktionéiert. Esou gouf an der Molkerei d’Ram aus der Mëllech geholl an d’Ram ass dunn op Ettelbréck gefouert ginn, fir dës ze pasteuriséieren an de verbotteren. Den Zweck vun der Zentralbotterei war, fir dem zouhuelendem Export an dem Konkurrenzkampf gerecht ze ginn. 1939 waren 62 Molkereien un d'VGLM ugeschloss.
1937 gouf eng Héchstzuel vun 271 Molkereien bei eis am Land erreecht, mee ab 1940 war d’Zäit vun enger weiderer Zentraliséierung gekennzeechent, wouduerch et ëmmer manner Molkereie goufen. 1957 gouf zu Ierpeldeng-Sauer, mat Gelder aus dem Marshall-Plang, eng nei Molkerei fir d’VGLM gebaut. Zwee Joer duerno gouf den Numm an LADUNO (Laiterie du Nord) ëmgeännert an d’Statuten goufen geännert, dat d’Memberschaft op juristesch Persounen erweidert gouf, esou dat ab deem Zäitpunkt net méi nëmmen Molkereien Member dierfte sinn, mee och d’Baueren selwer. 1960 gouf eng Reform vum Molkereiwiesen ëmgesat, un där zënter 1953 geschafft gouf, mat där d’Land an dräi gedeelt gouf: D’CELULA (Centrale Luxembourgeoise du Lait) zu Beetebuerg fir de Süden, d'Zentralmolkerei fir den Zentrum an d'LADUNO fir den Norden. Am Kader vun där Reform gouf et am Anzochsgebitt vun der frérer VGLM déi déifgräifendsden Verännerungen. Déi ronn 150 Molkereien, déi un d’VGLM ugeschloss waren, haten hire Betriib agestallt an d’Ramstatiounen goufen op 4 Stéck (Ëlwen, Klierf, Housen a Wolz) reduzéiert. Ab den 1960er Joren goufen d’Duerfmolkereien souwéisou iwwerflësseg, well sech d’Häff vergréissert haten an et ee Fortschrëtt an der Killtechnik gouf, esou dat Mëllechtanken op de Betriiber installéiert konnte ginn. 1978 hunn d’Laduno, d’Celula an d’Luxlait fusionéiert, esou dat et just nach eng grouss Molkerei, nierft der Ekabe, am Land gouf.
De Gemengerot huet sech a senger Sëtzung vum 25. Mäerz 1909 mat der ze grënnender Molkereigenossenschaft beschäftegt, déi d'Demande un d'Gemeng geriicht dat fir déi al Schoul zu Bettenduerf zur Verfügung gestallt ze kréien, fir do eng Molkerei anzeriichten. Bei der sougenanntener aler Schoul handelt et sech ëm dat éischte Schoulgebai, dat 1807 gebaut gouf, an bis zum Neibau vun der Schoul 1873 als Schoul gedéngt huet.
Den 8. Mee 1909 gouf ee Kontrakt tëscht der Molkereigenossenschaft an der Gemeng ofgeschloss:
Hei eng Transkribéierung vum Kontrakt:
Vertrag
zwischen der der Gemeindeverwaltung in Bettendorf, vertreten durch die Herrn Michel Conzemuis, Eigentümer, wohnhaft zu Bettendorf, Heinrich Zettinger, Mühlenbesitzer, ebenfalls
wohnhaft zu Bettendorf und Johann Goebel, Eigentümer, zu Gilsdorf wohnhaft, Handelnd ersterer als Bürgermeister, die beiden andern als Schöffen der Gemeinde Bettendorf einerseits
und der neugegründeten Molkereigenossenschaft von Bettendorf, vertreten durch die Herrn Vorstandsmitglieder besagter Genossenschaft, und zwar:
Jean-Pierre Waxweiler, Gastwirt, als Präsident
Nicolas Frieder, Ackerer, Vize-Präsident
Peter Tholl, Schuster, Kassierer
Mathias Meyers, Fahrer, Sekretär
Peter Doffnig, Ackerer, Mitglied
Nicolas Robert, Ackerer, Mitglied
Nicolas Roderich, Arbeiter, Mitglied
alle zu Bettendorf wohnhaft anderseits ist heute folgender Vertrag abgeschlossen worden:
I.
Die Gemeinde stellt der Molkereigenossenschaft das unter Dem Körneen altes Schulhaus- im Sunen von Bettendorf gelegene Gelände, und zwar nur das Erdgeschoss unentgeltlich in dem Zustande wie es sich jetzt befindet zur Verfügung behufs Errichtung der zur Molkerei benötigenden Maschinen und Geräte.
II.
Alle Reparaturen, welche zur Aufstellung besagter Maschinen notwendig sind bleiben zu Lasten der Genossenschaft. Weder Umänderungen noch Reparaturen dürfen an besagtem Gelände vorgenommen werden ohne die Einwilligung des Gemeinderates.
III.
Die zwei Fenster im Erdgeschoss zur Seite des Eigentümers Weyland sind mit Drahtgitter und mit undurchsichtigem Glas zu versehen.
IV.
Das Abflusswasser der Molkerei ist bis unterhalb der Einfahrt Weyland in Röhren abzuführen. Alle diese Kosten sind zu Lasten der Genossenschaft. Anschluss an die Wasserleitung erhält selbe unter denselben Bedingungen wie die anderen Abnehmer.
V.
Gegenwärtiger Vertrag dauert für ein Ziel von zehn Jahren und ist nach Ablauf dieser Frist, falls keine Kündigung erfolgt, als fortlaufend zu betrachten.
VI.
Sobald die Genossenschaft aufgelöst, d. h. sobald der Betrieb eingestellt wird, müssen alle. Maschinen und Gerät in Zeit von 3 Monaten nach Auflösung der Genossenschaft aus dem Lokale entfernt werden. Alle Reparaturen welche die Genossenschaft an besagtem Lokale und Gebäude vorgenommen hat, verbleiben nach Ablauf des Kontraktes oder nach Auflösung der Genossenschaft unentgeltlich der Gemeinde.
VII.
Obige Bedingungen, welche durch Bratung des Gemeinderates vom 25 März 1909 bestimmt und durch Beschluss des Herrn Generaldirektors des Innern von 17 April 1909 N°1179/09 gutgeheißen, werden der Oberbehörde neuerdings in Form des gegenwärtigen Vertrages zur Genehmigung unterbreitet.
Geschehen in dreifacher Ausfertigung zu Bettendorf am achten Mai taufendneunhundertneun.
Der Schöffenrat Für die Genossenschaft.
H. Zettinger J.P. Waxweiler
M. Conzemius N. Frieders
J. Goebel N. Robert
P. Tholl
Meyers
Nik. Roderich
Pierre Doffing
Iwwer der Aganksdier gouf et fréier eng Sträichzeen op der Fassade déi spéider duerch d’Moderniséierng vum Gebai ënnerrt engem graffe Botz verschwonnen ass.
1926 konnt een an der Press liesen, dat d'Molkerei hir Zentrifug an e "Vorwärmer" verkaft huet, fir sech kënnen ze vergréisseren.
An der Molkerei selwer huet de Jos Frieders geschafft, deen an der Rue du Pont vis-à-vis vum Haff Brebsom gewunnt, eng Brennerei (haut 1 Rue du Pont) an spéider den Hotel op der Haaptstroos gebaut huet. De Mathias Weber – deen Mëllech Metti genannt gouf an bei der Kierch (haut 11 Rue de l’Eglise) gewunnt huet – ass d’Mëllechkanen mat enger Kar bei d’Leit Heem siche gaang, déi se virun d’Dier gesat haten. Déi Sauer Mëllech hunn d’Baueren zréckkritt an un d’Schwäin verfiddert. Bal all Haus hat op d’mannst seng 1-2 Kéi, déi Mëllech fir d’Molkerei ofgeliwwert hunn.
Nodeems d’Molkerei opgeléist gouf war vun 1978 bis 2016 ee Postbüro dran. Vum Summer 2022 un gouf d’Gebai fir d’Servicer vun der Gemeng ganz renovéiert an krut een neien Daachstull.
Dëst ass een Dokument, mat deem den Här van Kaufenbergh den 25. Mäerz 1942 eng Iwwerweisung zu Gonschten vun der Gilsdrefer Molkerei an der Héicht vun 349,55 Reichsmark gemaach huet.
Dëst Dokument weist, dat den Här van Kaufenberg der Gilsdrefer Molkerei am Juni 1943 54 Liter Mëllech ofgeliwwert hat. Dëst an och dat Dokument uewendriwwer weisen drop hin, dat déi Dikrecher Baueren hier Mëllech, op d'mannst mol am zweete Weltkrich, op Gilsdref geliwwert hunn.
Nom Enn vum Zweete Weltkrich war zu Gilsdref vill futti, och d'Apparaten an der Molkerei hunn musse gefléckt ginn, mee am Juni 1945 war keen Handwierker ze fannen deen dës flécke konnt an et war och kee Personal do fir d'Molkerei ze bedreiwen.
Zu Gilsdref gouf d’Molkerei vun der Famill Mierkes gefouert. Do gouf d’Mëllech vun de Gilsdrefer Baueren gesammelt a gewien an all 2-3 Deeg ass déi ganz Mëllech op Ettelbréck bei d’VGLM gefouert ginn. D’Famill Reding an der Kléck hat d’Nummer 48 op der Molkerei, esou dat et mindestens 48 Baueren déi Zäit zu Gilsdref hir Mëllech ofgeliwwert hunn.
Aus dem Luxemburger Wort vum 14. August 1952 gëtt ee gewuer, dat d'Molkerei zënter der Woch virdrun rëm a Betriib war, nodeems dësen wéinst Fäll vun Maul- a Klauenseuche an zwee Ställ agestallt war.
1886 gouf den „Landwirtschaftlicher Lokal-Verein zu Moestroff“ gegrënnt, deen ëm 1912 ee Veräinshaus op engem Terrrain gebaut huet, deen vum deemoolege Schlasshär gratis zur Verfügung gestallt gouf. 1914 gouf de lénken Deel vum Gebai an eng Molkerei ëmgebaut. D'Gebai steet haut nach bei der Bréck an der Rue de la Gare.
Den 13. Januar 1934 hat d'Escher Tageblatt een Abrochsversuch an der Molkerei zu Méischtrëff gemellt. Wéi d'Personal den 12. Januar Moies op d'Aarbecht koum, war d'Dier schwéier beschiedegt. Am Schlass vun der Dier hat nach een ofgebrachene nogemaachte Schlëssel gestach, d'Dier vum Lokalveräin war opgebrach ginn, wou eng Decken vun engem Won geklaut gouf. Weider schreift d'Tageblatt: "Verschiedene Taugenichtse von auswärts, welche tagsüber im Dorf u. bei anbrechender Dunkelheit im Walde gesehen wurden, werden mit diesem Einbruchsversuch in Verbindung gebracht". D'Gendarmerie vun Dikrech gouf direkt informéiert an huet, nodeems dës op der Plaz war, eng Enquête ageleet.
Fir déi Méischtrëffer Molkerei ass genau iwwerliwwert wien do geschafft huet: Déi éischt Aarbechterin war d’Anna Weber, déi fir 3 Joer agestallt war an duerno vum Mich Reiter ofgeléist gouf, deen duerno vun engem Här Reding ofgeléisst gouf. D’Suzanne Schuller-Weber – d’Schwëster vum Anna Weber – huet vun 1933 bis 1957 an der Molkerei geschafft, also bis dat de Betriib agestallt gouf.
Dësen Artikel gouf den 16.5.2024 verëffentlecht.