N°13 - Postkaart "Gilsdorf"

Bettenduerf, Bettendorf, Bettenduerf Eng Zäitrees, bettenduerf-engzaitrees.lu, Gilsdorf, Gilsdref
© Tom Poecker

Op dëser Postkaart gesäit een eng Vue vum Bockeknapp op Gilsdref. Et kann eng Aussiicht sinn, déi och d’Tempelritter am Mëttelalter genéisse konnten. (Hei kommt Dir bei den Artikel iwwer d'Tempelritter zu Gilsdref).

Am Virdergrond gesäit een den Duerfdeel Häischel, deen déi ursprénglech Siddlung vu Gilsdref bild. Vun do aus hat sech d’Duerf dunn weider a Richtung Osten ausgedeent. Duerch d’Lag um Fouss vum Bockeknapp kann et sinn dat Häischel ‚Wunngebitt um Hiwwel‘ heescht. D’Häerzstéck vum Duerfdeel bild d’Tirelbaach, déi deelweis och nach Sasselbaach genannt gëtt. Bis zu den Ëmleedungsaarbechten vun der Sauer 1776 ass d’Sauer duerch d’Siddlung gefloss, also do wou d’Haiser op der Postkaart an haut nach stinn.

Bal am Zentrum vum Duerf a vun der Postkaart steet d’Porkierch. Nodeems déi a Kierch an der Schéllecksgaas 1840 bei engem Duerfbrand ofgebrannt war, gouf 1847 déi haiteg Kierch gebaut, déi 1905 Vergréissert gouf an hiren haitegen Tuerm krut.

Lénker Hand gesäit een d’Sauerbréck déi 1902 aus Gilsdrefer Stehen gebaut gouf. Am Dezember 1944 gouf si fir d’éischt vun den Amerikaner a puer Deeg méi spéit vun den Däitschen vollstänneg gesprengt. 1953 gouf eng nei Bréck gebaut, déi haut nach steet.

Uewen läit de Fouerbierg zu Bettenduerf, wéi och d’Duerf selwer z’erkennen ass.

 

Bettenduerf, Bettendorf, Bettenduerf Eng Zäitrees, bettenduerf-engzaitrees.lu, Gilsdorf, Gilsdref
© Tom Poecker

D’Postkaart gouf den 20.08.1913 geschriwwen an den Dag drop un d’Madame Seguin op Bréissel verschéckt.

Download
N°13 - Postkaart Gilsdorf.pdf
Adobe Acrobat Dokument 278.2 KB

Dësen Artikel gouf den 01.05.2024 verëffentlecht.


Quellen

  • Jean Haan, Gilsdorf. Die Geschichte eines Sauerdorfes, Gilsdorf 1983.
  • Joseph Scholtes, Von der Agri-Kultur, in: Pompiers Fanfare Bettendorf (Hrsg.), Bettendorf 1980. Aspekte einer Kulturlandschaft, Bettendorf 1980, S.285-211.

Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.