Den Numm Bettenduerf gehéiert zu der Grupp vun Uertschaftsnimm mat der Endung -dorf, an gehéiert domat zu den eelste Siddlungen am Land. D'Duerf huet eng gënschteg Lag no um Waasser an un de fréiste Verkéiersweeër mat enger gudder Buedemqualitéit, Klima an Sonnelag.
No der Vëlkerwanderung am 5. Jorhonnert huet sech de Stamm vun de ripuaresche Franken zu Lëtzebuerg néiergelooss. D'Famillieverbänn hunn den Numm vun hirem Stammpapp gedro. Am Fall vun Bettenduerf war dëst de Betto. Dës Groussfamill hat an der Géigend ëm Bettenduerf riseg Propietéiten, deenen si och hiren Numm ginn hunn. Bettenduerf schéngt säin Numm am 8. Jorhonnert kritt ze hunn, well de Karel de Groussen um Enn vum 8. Jorhonnert verbueden hat, fir neigegrënnte Kierchen no hire Grënner ze benennen. D'Franken, an domat och de Betto, hunn sech bekéiere gelooss an hunn chrëschtlech Kierchen am Kär vun hire Siddlungen gebaut. Am Fall vun Bettenduerf muss een awer umierken, dat do d'Kierch net am Kär gebaut gouf. Dat kéint eventuell een Indice derfir sënn, dat d’Sauer déi Zäit méi wäit am Norden vum Duerf gelaf ass, esou dat d’Kierch wäit weg vum Waasser gebaut gouf. Anerersäits, respektiv och duerch de Laf vun der Sauer, loung d’Siddlung ronderëm d’Kierch. An dëser Zäit goufe vill Poren gegrënnt. Genau an dës Zäit fällt déi éischt bekannten schrëftlech Ernimmung vun Bettenduerf. An enger Urkunde vum tréirer Fraeklouschter Oeren-St. Irminen aus dem Joer 816 betreffend d'Kierch zu Bettenduerf erschéngt den Numm Betonis villa. Dësen éischten Numm weist op een eenzelen Haff respektiv Häresëtz hin.
Iwwer d'Jorhonnerten huet sech den Numm entwéckelt an goufen iwwer d'Zäit verschidden Schreifweisen an de Schrëftquellen:
Dës Oplëschtung weist, dat d’Schreifweis oft gewiesselt huet, esou dat et laang keng ‚richteg‘ gouf. Dëser Quellelag no, wier den Numm 1566 fir d'éischte Kéier an senger haiteger Schreifweis geschriwwe ginn.
Ze bemierken ass op dëser Plaz nach dat Betzder am 14. Jorhonnert mam selwechten Numm wéi Bettenduerf an de Quellen optaucht, zum Beispill Bettinsdorf am Joer 1321.
Dat Lëtzebuerger Bettenduerf ass net dat eenzegt um Globus, am ganzen ginn et der sechs Stéck. Zwee ginn et der an Däitschland, eent bei Aachen an eent bei Koblenz. Ee véiert gëtt et am Elsass an der Géigend vum schwäizer Basel. Ee Bettenduerf, dat an der Lëtzebuerger Literatur net virkënnt, ass dat bei Liptov am fréieren éisträicheschen Ungarn, dat awer och als Bertalanfalva geschriwwe gëtt. Liptov läit haut an der Slowakei, esou dat Bertalanfalva haut slowakesch ass. Dat lescht Bettenduerf läit an den USA, am Bundesstaat Iowa.
Dësen Artikel gouf den 15.04.2024 verëffentlecht.
Jos Scholtes, Von Betto zu Bettendorf, in: Pompiers Fanfare Bettendorf (Hrsg.), Betttendorf 1980. Aspekte eine Kulturlandschaft, Bettendorf 1980, S.115-117.
Joseph Sauber, Eine sehr alte Pfarrei, in: Pompiers Fanfare Bettendorf (Hrsg.), Betttendorf 1980. Aspekte eine Kulturlandschaft, Bettendorf 1980, S.119-142.
Emile Schmitz, Die Herrschaften von Bettendorf, Pompiers Fanfare Bettendorf (Hrsg.), Betttendorf 1980. Aspekte eine Kulturlandschaft, Bettendorf 1980, S.143-168.
Albert Back/René Kraemer, Bettenduerf heiheem an an der Friemd, in: Administration Communale Bettendorf, Bettendorf Gilsdorf Moestroff 2000, Bettendorf 2000, S.51-56.
Denise Besch, Vu villa bis Weiler vun fréier bis haut. Suffixe der Luxemburger Ortsnamen, Luxemburg 2018.
H. Rudolph, Vollständiges geographisch-topografisch-statistisches Orts-Lexikon von Deutschland, Bd. 1, Leipzig 1870.
Archives Nationales de Luxembourg , Jean roi de Bohême accorde la basse et moyenne justice à Henri de Bettendorf, FD-272-14.
Archives Nationales de Luxembourg, Vente de deux vignobles à Bettendorf, FD-272-15, 25.04.1592.
Staatsbibliothek Preussischer Kulutrbesitz Berlin, Kartenabteilung, Karte 9170.
Tourismusinformationssystem der Slowakischen Republik, https://slovakia.travel/de/region-liptau-liptov, eigesehen 15.04.2024.