Op dëser Postkaart aus dem Joer 1938 gesäit een op Méischtrëff aus der Richtung vun Bettenduerf. Ganz prominent steet an der Mëtt d’Sauerbréck, déi 1873 gebaut gouf. Zu deem Zäitpunkt stoung d’Bréck zu Bettenduerf schon 124 Joer an déi Gilsdrefer sollten nach 29 Joer op hir Bréck waarden. De Bau vun der Bréck zu Méischtrëff war zu enger Noutwennegkeet ginn, well d’Verkéiersweeër duerch d’Fäerdegstellung vun der Eisebunn am selwechte Joer ofgeschnidde goufen. Am Zweete Weltkrich gouf d’Bréck zerstéiert, esou dat de Flossiwwergang mat enger Noutbréck séchergestallt gouf. 1956 gouf eng nei Bréck gebaut, déi 54 Joer duerno ofgerappt an duerch den haitege Bau ersat gouf, deen den 26. Oktober 2012 vum deemoolegen Minister fir Mobilitéit an Infrastruktur Claude Wiseler an Buergermeeschter Albert Back ageweit gouf.
Dat éischt Gebai uewerhalb vun der Bréck ass dat deemoolegt Lokalveräinshaus aus dem Joer 1912, wou am lénken Deel zwee Joer méi spéid eng Molkerei ageriicht gouf an déi bis 1957 a Betriib war.
Dat lescht Gebai, dat d’Stroos erop ze gesinn ass, ass d’Schlass vun der Méischtrëffer Herrschaft. Där hiren Ursprong geet op d’13. Jorhonnert zréck an huet déi Zäit zu de wichtegsten zu Lëtzebuerg gehéiert. Den éischte bekannten Här vun Méischtrëff ass den Johannes von Mourstroff, deen an enger Urkunde vum Ermesinde vu Lëtzebuerg vun 1244 ernimmt gëtt.[5] D’Schlass gëtt an engem Dokument vun der Iechternacher Abtei aus dem Joer 1248 fir d’éischte Kéier zesummen mat der Millen ernimmt, woubäi et séch manner ëm ee Schlass, mee méi ëm een herrschaftlecht Haus gehandelt wäert hunn. Dat haitegt Schlass, respektiv Deeler dovun, goufen tëscht 1540 an 1581 gebaut, woumat déi al Waasserbuerg ersat gouf, dat méi déif un der Sauer loung. Ee Quadersteen an der Schlassmauer verréit, dat dës 1753 vum Ignatius von Feltz gebaut gouf. Op Grond vun der Architektur gouf de Südfligel – deen paralell zu der Sauer steet – warscheinlech an der selwechter Zäit gebaut. 1875 gouf bei der Kierch de leschten Deel vun der Réngmauer, déi 1477 ronderëm d’Duerf gebaut gouf. Am Zweete Weltkrich gouf d’Schlass vun 34 Granaten getraff an schwéier beschiedegt. No 1956 goufen Wunnengen fir Touristen amenagéiert. 2007 gouf d’Schlass vun der Regierung als nationalt Monument klasséiert. 2019 ass d’Schlass an d’Hänn vun engem neie Proprietär gaangen an gouf bis 2023 ganz restauréiert.
D’Postkaart gouf den 14. November 1938 vun der Madame Blum an dem Nelly mat engem schéine Bonjour vun Méischtrëff verschéckt an ass op Vence an der Géigend vun Nice gaangen.
A spéideren Artikelen kommen ech am Detail op d’Geschicht vun der Bréck, der Molkerei an dem Schlass zréck.
Dësen Artikel gouf den 01.04.2024 verëffentlecht.
Marcel Frising, Geschichte der Sauerbrücke, in: Pompiers Fanfare Bettendorf (Hrsg.), Bettendorf. Geschichte einer Kulturlandschaft, Bettendorf 1980, S.427-433, hier S.427.
Guy Reiland, Moestroff, Gilsdorf 1992.
Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, 26.10.2012, https://mmtp.gouvernement.lu/fr/actualites.gouvernement+fr+actualites+toutes
_actualites+articles+2012+10-octobre+26-wiseler.html, eingesehen 01.04.2024.
Institut National pour le Patrimoine Architectural, Liste des immeubles et objets bénéficiant d’une protection nationale, Version 27.022024.
Régistre de Commerce et des Sociétés, Dossier B232645 Château K S.à.r.l., eingesehen 01.04.2024.
Institut National pour le Patrimoine Architectural, Rapport d’Activités 2023, Luxemburg 2024,.