N°10 - Kläpperei op der Bleesbréck 1924

Bettenduerf Eng Zäitrees, www.bettenduerf-engzaitrees.lu, Bleesbréck, Bleesbruck
Escher Tageblatt 06.03.1924

1924 huet eng – fir eis haiteg Verhältnisser – méi aussergewéinlech Noriicht de Wee an direkt véier Zeitungen fonnt.

De 6. Mäerz, um Fuesméinden, ass et an der Wiertschaft Dahlem-Hoffmann op der Bleesbréck ënner enger Rei Gäscht um Dësch zu engem Sträit komm, deen een wuel als Kläpperei deite kann. Heibäi gouf d’Ariichtung vum Café uerg beschiedegt a verschidde Bedeelegter hunn mat geschënnte Gesiichter mussen bei den Dokter goen. Et schéngt wuel schro hiergaangen ze sinn.

 

Beim Café Dahlem-Hoffmann handelt et sech ëm de spéidere Café, Tankstell an haitege Camping/Restaurant Hamen. Den deemoolege Café stoung awer déi aner Säit vun der Strooss an gouf am Zweete Weltkrich zerstéiert. D’Urspréng ginn mindestens op d’Joer 1854 zréck, wou ee Mathias Dalem op der Bleesbréck an der Lëscht vun de Steierflichtegen zu Lëtzebuerg ernimmt gëtt. Bei dësem Mathias Dalem rsp. Dahlem (06.09.1823-16.08.1887) handelt et sech ëm ee gebiertegen Dikrecher, deen ee landwirtschaftleche Betriib an ee Café op der Bleesbréck bedriwwen huet.

 

1924 gouf de Café warscheinlech an der zweeter Generatioun vum Mathias senger Schnauer

Margaretha Hoffmann (*10.11.1867) – hire Mann Nicolas Dahlem (20.04.1861-06.04.1918) war dunn schon doud – oder an der drëtter Generatioun vum Mathias sengen Enkelkanner gefouert. Heibäi géif d’Anna Maria (31.01.1895-30.04.1930) a Fro kommen, dat mam Pierre Joseph Hamen (09.09.1922-10.12.1975) bestued war.

 

An engem spéideren Artikel kommen ech méi am Detail op d’Geschicht vun der Bleesbréck zréck.

Download
N°10 - Kläpperei op der Bleesbréck 1924.
Adobe Acrobat Dokument 163.7 KB

Dësen Artikel gouf den 15.03.2024 verëffentlecht.


Quellen

  • Escher Tageblatt, 6.3.1924, S.3.
  • L’indépendance luxembourgeoise, 6.3.1924, S.3.
  • Luxemburger Wort, 6.3.1924, S.3.
  • Obermosel-Zeitung, 6.3.1924, S.3.
  • O.A., Histoire: café (1880) Tankstelle (1959) und Camping Bleesbrück (1965), in: Bettendorf Gilsdorf Moestroff 2000, Gemeinde Bettendorf (Hrsg.), Bettendorf 2000, S.129.
  • Camping Bleesbruck, https://www.campingbleesbrucklu/ueber-uns/, eingesehen 15.03.2024.
  • Memorial du Grand-Duché de Luxembourg, Nr.7, 10.6.1854, S.66.
  • Wächter an der Sauer, 26.1.1864, S.4.
  • Luxemburger Wort, 19.4.1868, S.3.
  • Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg, Nr.44, 8.6.1922, S.14.
  • Luxroots asbl., www.luxroots.org, Kennnummer DAHLMM11823090601, Dahlem Mathias.
  • Luxroots asbl., www.luxroots.org, Kennnummer HOFFNM21867111001, Hoffmann Margarethe.
  • Luxroots asbl., www.luxroots.org, Kennnummer DAHLMN11861042001, Dahlem Nicolas.
  • Luxroots asbl., www.luxroots.org, Kennnummer DAHLMA21895013101, Dahlem Anna Maria.
  • Luxroots asbl., www.luxroots.org, Kennnummer HAMENP11895101301, Hamen Pierre Joseph.

Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.