1924 huet eng – fir eis haiteg Verhältnisser – méi aussergewéinlech Noriicht de Wee an direkt véier Zeitungen fonnt.
De 6. Mäerz, um Fuesméinden, ass et an der Wiertschaft Dahlem-Hoffmann op der Bleesbréck ënner enger Rei Gäscht um Dësch zu engem Sträit komm, deen een wuel als Kläpperei deite kann. Heibäi gouf d’Ariichtung vum Café uerg beschiedegt a verschidde Bedeelegter hunn mat geschënnte Gesiichter mussen bei den Dokter goen. Et schéngt wuel schro hiergaangen ze sinn.
Beim Café Dahlem-Hoffmann handelt et sech ëm de spéidere Café, Tankstell an haitege Camping/Restaurant Hamen. Den deemoolege Café stoung awer déi aner Säit vun der Strooss an gouf am Zweete Weltkrich zerstéiert. D’Urspréng ginn mindestens op d’Joer 1854 zréck, wou ee Mathias Dalem op der Bleesbréck an der Lëscht vun de Steierflichtegen zu Lëtzebuerg ernimmt gëtt. Bei dësem Mathias Dalem rsp. Dahlem (06.09.1823-16.08.1887) handelt et sech ëm ee gebiertegen Dikrecher, deen ee landwirtschaftleche Betriib an ee Café op der Bleesbréck bedriwwen huet.
1924 gouf de Café warscheinlech an der zweeter Generatioun vum Mathias senger Schnauer
Margaretha Hoffmann (*10.11.1867) – hire Mann Nicolas Dahlem (20.04.1861-06.04.1918) war dunn schon doud – oder an der drëtter Generatioun vum Mathias sengen Enkelkanner gefouert. Heibäi géif d’Anna Maria (31.01.1895-30.04.1930) a Fro kommen, dat mam Pierre Joseph Hamen (09.09.1922-10.12.1975) bestued war.
An engem spéideren Artikel kommen ech méi am Detail op d’Geschicht vun der Bleesbréck zréck.
Dësen Artikel gouf den 15.03.2024 verëffentlecht.