N°1 - Postkaart "Bettendorf Sûre"

Bettendorf, Bettenduerf, Bettenduerf Eng Zäitrees
© Tom Poecker

Op dëser Postkaart gesäit een eng Panorama-Vue op Bettenduerf vum haitege Veloswee aus op den Nord-Osten vum Duerf. Et gesäit een d'Duerf mat der Kierch op der lénkser Säit, d'Sauer mat der Bréck am Virdergrond, an iwwert der Bréck verstoppt sech d'Schlass nach hannert de Beem.

Bettenduerf, Bettendorf, Restaurant Welter, Restaurant Welter Bettendorf
© Tom Poecker

Op der Récksäit ass eng Reklamm vum Restaurant N. Welter ofgebild. Et kann een dervun ausgoen dat den N. Welter d'Postkaart an Optrag ginn huet an mat dëser Reklamm fir säi Restaurent maache wollt.

 

Leider ass dës Postkaart onbeschriwwen an ondatéiert, si gouf also ni fortgeschéckt. Op Grond vum feelenden Stempel, ass nëmmen eng relativ Datéierung méiglech. Dat heescht, dat een d'Zäit unhand vun Unhaltspunkten agrenze kann: D'Sauerbréck vun 1918 steet schon an den Tuerm vun der Millen vun 1939 awer nach net. Wann een dann nach berücksichtegt, dat de Präventorium (do wou d'Schoul haut steet), deen 1932/33 vergréissert gouf, och scho steet, kann ee soen, dat d'Foto tëscht 1933 an 1939 gemaach gouf. 

 

Wat et mam Restaurant Welter op sech huet an wat de Präventorium war, dëst gitt dir an spéideren Artikele gewuer.

Dësen Artikel gouf den 01.12.2023 verëffentlecht.


Quellen

  • Marcel Frising, Geschichte der Sauerbrücke, in: Pompiers Fanfare Bettendorf (Hrsg.), Bettendorf 1980. Aspekte eine Kulturlandschaft, Bettendorf 1980, S.428.
  • Joseph Sauber, Das Präventorium der Franzikanerinnen, in: Pompiers Fanfare Bettendorf (Hrsg.), Bettendorf 1980. Aspekte eine Kulturlandschaft, Bettendorf 1980, S.436.
  • J.P. Kraemer, Unternehmer Handwerker Künstler und Lebenskünstler, in: Pompiers Fanfare Bettendorf (Hrsg.), Bettendorf 1980. Aspekte eine Kulturlandschaft, Bettendorf 1980, S.456.

Dir wësst eppes méi zu dësem Artikel oder hutt soss ee Message?

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.